Notwendige Unruhe

Über Kirche, Sexualität und Freiheit


Home Back Print Kontakt

De Wolfgang Metz, gebuere 1978, ass Séilsuerger vun der Uni zu Tübingen a Paschtouer zu Sindelfingen. Ech hu schonn eng Rei vun senge Bicher an all Kéier schwätzen seng Gedichter a Texter mech un. Säin neist Buch, dat ech iech hei virstellen, stécht do awer ganz besonnesch ervir. Hien hëlt a sengen Texter kee Blat virun de Mond a schwätzt an aller Däitlechkeet a Fräiheet Themen un, déi eis als Kierch wéi als einfach Mënschen duerchaus beréieren. Déi eenzel Texter si jeeweils zimmlech kuerz, meeschtens nëmmen 2 bis 3 Säiten. Dat mécht et och einfach, fir no an no dëst Buch ze liesen an och ee wéineg méi genee iwwer déi eenzel ugeschwaten Themen selwer no ze denken. Ech hu wuel dat ganzt Buch an engem Owend duerchgelies, well et mech esou gefesselt huet, dass ech net konnt ophalen. De Wolfgang Metz schwätzt mir a Villem aus dem Häerz. Bal alles kann ech ënnerschreiwen, wat hie seet. Natierlech ass fir deem engen oder anerem seng Oueren oder Aen munches dach zimmlech pointéiert gesot. Et ass awer dofir net manner derwäert fir beduecht ze ginn.
Déi eenzel Texter sinn opgedeelt a 4 Kapitelen: Mensch werden, Kirche suchen, Freiheit finden an Unterwegs bleiben. Ëmmer nees gëtt d’Liewe vum Mënsch, wéi vum Chrëscht an der Kierch, wéi och dat vun engem Priister an de Kontext mat der helleger Schrëft gesat a kommentéiert. Vill nei Siichten si mir perséinlech dobäi opgaangen. Munchmol hunn ech misste schmunzelen an och alt emol richteg gutt laachen. Spannend war et all déi Gedanken ze meditéieren. Si dinn gutt a maachen engem d’Aen op fir nei Dimensiounen vum Nodenken iwwer eis selwer an iwwer eis kierchlech Gemeinschaft am Allgemengen.
Ganz wonnerbar Sätz sinn do ze fannen, wéi beispillsweis op Säit 62: „ Ein guter Freund von mir meinte einmal, der einzige Grund gegen die Priesterweihe von Frauen seien die Frauen, die es unbedingt wollten. ... Vielleicht stimmt das in manchen Fällen ja wirklich ... ... aber wenn es danach gehen würde, würde ich einige Mitbrüder kennen, die man dann auch nicht hätte weihen dürfen!“ Oder op Säit 40-42, wou hien 1 Kor 13 nei formuléiert, do heescht et dann: „Schubladengeschwätz hat ein Ende, Unfug verstummt, Menschenverachtung vergeht.“ (S. 41) An deem ganze Buch fënnt een ëmmer nees esou Sätz, déi ee ganz nodenklech maachen, déi een vläicht am éischte Moment laachen dinn, mä déi awer dann esou eng déif Wourecht eriwwer bréngen, dass ee beim Nodenken dann dach déif beréiert gëtt. Dem Wolfgang Metz seng Gedanken sinn dacks vun enger fermer Kritik a Suerg gepräägt. „Ich bin besorgt, wie wir als Gesellschaft / Kirche / Menschen miteinander umgehen.“ (S. 98) Mä si weisen awer och seng grouss Léift zu der Kierch an zu deem Glawen un eisen Här Jesus Christus. Säin Uleies ass et, fir och an eiser Zäit eng zäitgeméiss Form vu Kierch opzebauen, déi de Mënschen vun haut eng Heemecht an eng Stäip gëtt.
Ee lescht Zitat: „Fürchtet euch nicht, ihr herabblickenden Kirchenkritikerinnen, denen jede Veränderung zu wenig sein wird, und ihr neunmalklugen Hierarchieklammeraffen, denen jede Veränderung zu viel sein wird; ihr müsst damit leben und darauf vertrauen, dass es anders kommen wird.“ (S. 107)

Carlo Morbach


Wolfgang Metz: Notwendige Unruhe Über Kirche, Sexualität und Freiheit Echter Verlag Würzburg 2022, 160 Seiten, 14,90 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement