Vergiss das Schöne nicht!

Mit Lebensfreude Krisen meistern


Home Back Print Kontakt

Mir liewen am Moment praktesch andauernd an enger Kris. Wann dat eent eriwwer ass, ass schonn dat nächst do a plot eis. An eisem perséinleche Liewen ass et net vill besser. Wie vun eis huet net permanent dëst oder dat, wat him säi Liewe schwéier mécht? D’Schwëster Teresa Zukic huet an hirem neiste Buch, dat si zesumme mat der Eva-Maria Popp eraus ginn huet, opgewisen, wéi een an all de Krisen- an Noutsituatiounen dach kann, jo esouguer soll frou sinn a bleiwen.

Et ass eng Geschicht wéi vun deem berüümte Schwäizer Kéis. Et kann een ëmmer nëmmen d’Lächer kucken an doriwwer de Kéis vergiessen. Am Liewe vun eis all gëtt et vill Lächer, déi eis dacks onheemlech a Beschlag huelen an déi eis dann och esou ustrécken, dass mir Villes soss net méi wouer huelen. Dat awer soll net sinn. D’Schwëster Teresa schwätzt aus hirer ganz perséinlecher Erfarung vun enger Fra, déi Kriibs hat an déi trotz aller Angscht an Nout ni de Mutt verluer huet. Si huet ëmmer erëm op dat gekuckt, wat positiv a schéi war. An aus deem eraus konnt si weider liewen an nei Kraaft fannen.

9 Kapitelen an dësem Buch thematiséiere ganz entscheedend Momenter am Liewe vun eis all. Mir gesinn, dass eis ëmmer nees Saache verluer ginn, op elo ee léiwe Mënsch eis verléisst oder op mir eis Gesondheet verléieren, op Bezéiungen zerbriechen oder de Fridde gestéiert gëtt. Awer, wéi heescht et sou treffend, all Kéiers do, wou eng Dier zouschléit, geet och erëm eng aner op. D’Schwëster Teresa huet geléiert ni bäi deem stoen ze bleiwen, wat verluer gouf. Si huet op dat gekuckt, wat bliwwen ass oder wat sech als nei Méiglechkeet opgedoen huet. A genee doraus schäfft si dann nei Kraaft an neie Mutt fir d’Liewen. Dat ass hiert Rezept. Et soll een eben ni dat Schéint vergiessen, dat et ëmmer nach gëtt, och wann heiansdo d’Lächer am Kéis riseg erschéngen.

Zu all Kapitel huet d’Eva-Maria Popp da jeeweils och ee Beitrag oder Kommentar verfaasst. Hei ginn d’Gedanke vun der Schwëster Teresa verdéift a weider gefouert.
Dëst schéint Buch ass wierklech jidderengem un d’Häerz geluecht. Et mécht Mutt an et gëtt Kraaft. Grad an eiser Zäit vun haut mat deene ville Suergen ass et wichteg op dat ze kucken, wat schéin ass a wat Freed mécht. Dëst Buch luet dozou an.

D’Schwëster Teresa huet mëttlerweil eng ganz Rei Bicher publizéiert, déi a Krise-Situatioune wëlle Mutt maachen oder déi einfach wëllen ee ganz positiivt Liewensgefill vermëttelen. Ënner anerem huet si och ee klengt Buch mat Gebieder erausginn: Teresa Zukic, Gott ist verrückt nach dir! Meine schönsten Gebete und Segenswünsche, Verlag Herder Freiburg 2021, 112 Seiten, 10,00

D’Schwëster Teresa ass den 1. Dezember 2023 um 19.30 Auer fir ee Virtrag bei eis an der Kierch vu Bollenduerf-Bréck. Dir sidd all ganz häerzlech invitéiert dës engagéiert Fra kennen ze léieren an Iech vun hirer Liewensfreed, hirem Courage an hire positive Gedanken inspiréieren ze loossen.

Carlo Morbach


Teresa Zukic - Eva-Maria Popp Vergiss das Schöne nicht! Mit Lebensfreude Krisen meistern Verlag Herder Freiburg 2023, 160 Seiten, 18,00 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement