Willibrord und die Christianisierung Europas im Frühmittelalter


Home GoBack Print Kontakt

„O helleg Ierd vu Lëtzebuerg, du hues e Graf ze hidden ...“, sou heescht et an engem Lidd zur Éier vun eisem Landespatroun, dem hellege Willibrord. Zu Iechternach an och soss veréiere mir dëse groussen Hellegen. Mir wësse munches iwwer hien. An awer bleift Villes aus senger Zäit am Däischteren. Heiansdo huet een den Androck, dass de Willibrord ee groussen Deel vun senger Zäit einfach mat sech an säi Graf geholl huet.

Mä da ginn et awer schonn eng ganz Rei konkret Unhaltspunkten, déi eis säi Liewen an säi Wee vum Missionéieren ee wéineg méi hell maachen. Genee dat mécht de Rainer Neu a sengem Buch. Hei ass e grousse Bléck op déi ganz Geschicht vun der Zäit gemaach. Et ass äusserst interessant eise Parpatroun och mol an engem méi groussen, jo vläicht universalen Kontext ze gesinn. Deemools war et net nëmmen hien als eenzelen, deen ee besonnesche Wee am Missionéieren gaangen ass. Et kann ee soen, et war eng grouss a global Well, déi vun den Inselen zu eis erëm zeréck komm ass.

De Rainer Neu beliicht déi ganz Geschicht vun enger extreem spannender Zäit. Ech muss soen, dass ech ganz Villes hei konnt nei léieren, nei gesinn an och nei bedenken. Mir hu munchmol den Androck, dass deemools alles esou einfach an onkomplizéiert war. Jo, mir wëssen, dass et Streidereie gouf. Awer wéi do ee Rad an dat anert gegraff huet, wéi kierchlech Leit a weltlech Herrscher mat oder och géint enaner geschafft hunn ass wierklech ganz informativ, an dat - dat ass meng kleng a bescheide Meenung - werft och ee ganz neie Bléck op eis Zäit. Mir mengen ëmmer, dass et nach ni sou eng Zäit gouf wéi haut, wou alles schwiereg a komplizéiert ass. Neen, och deemools war et ëmmer nees ee Spagat, deen de Willibrord an och anerer hu misste maachen, fir hier Iddien, fir hire Glawen un d’Leit ze bréngen.

Ech war eigentlech beréiert vun dëser Geschicht, déi ech am Detail nach net esou gelies hunn. Si mécht d’Aen op fir eis Zäit. Et gëtt kaum eppes, kaum ee Widderstand, kaum eng politesch oder wirtschaftlech Mauer, déi et haut gëtt, déi si deemools net och verspuert hunn. Ech menge schonn, dass mir Villes aus der Geschicht kënne léieren. Awer, an do läit Kromm an der Heck, mir mussen d’Geschicht kucken an analyséieren.

De Rainer Neu kuckt des Geschicht zimmlech grouss. Dat ass fir mech interessant. Et dierft och fir vill Leit an eiser Par interessant sinn, well de Willibrord an déi ganz Beweegung, déi et deemools gouf, net nëmmen eng kleng lokal Geschicht war. Hei erliewe mir schonn am fréie Mëttelalter eng „Europäesch Geschicht“, déi einfach iwwer all klengkaréiert lokal Geschichten eraus geet. Den Neu bitt engem ee groussen Iwwerbléck iwwer déi deemoleg Zäit. Dat ass léierräich a bitt eis eng nei grouss Vue vun der Geschicht. Et mécht ee fräi vun engem Denken, dat nëmmen deen eegenen Kierchtuerm kennt. Dass deemools Mënschen wéi de Willibrord esou grouss gekuckt a geduecht hunn, huet eis haut eng enorm Basis fir d’Liewen an d’Kultur ginn. Dat ass dat Grandioost. Dat musse mir gesinn.

Schonn am AT beim Kohelet heescht et: „Was geschehen ist, wird wieder geschehen, was man getan hat, wird man wieder tun: Es gibt nichts Neues unter der Sonne.“ (Koh 1, 9) Mir mussen eis grad haut, an eben och an der aktueller Krise, wou mir als Kierch dra sinn, bewosst ginn, dass et eigentlech schonn alles gouf. Dem Rainer Neu säi Buch mécht wierklech ee grousse Bléck op op dat, wat mir haut alles erliewen. Ech kann nëmme uroden dëst Buch ze liesen. Déi 29 € fir dëst Buch di mir net leed. Et ass all Cent wäert.

Carlo Morbach


Rainer Neu, Willibrord und die Christianisierung Europas im Frühmittelalter.
Kohlhammer Verlag, Stuttgart 2021, 211 Seiten, 29,00 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement