Wuert-Gottes-Sonndeg

BIBEL – hören – lesen – leben


Home GoBack Print Kontakt

D’Bibel: e Buch fir mäi Liewen

Das Christentum ist die « Religion des Wortes Gottes », nicht « eines schriftlichen, stummen Wortes, sondern des menschgewordenen, lebendigen Wortes ». Verbum Domini 7

Papst Franziskus hat den III. Sonntag im Jahreskreis zum „Wort-Gottes-Sonntag“ bestimmt. Wie aus dem Apostolischen Schreiben „Aperuit illis“ hervorgeht, wünscht der Papst, dass dieser eigene Bibelsonntag der Feier, dem Nachdenken und der Verbreitung des Wortes Gottes gewidmet sein soll. Nicht zufällig ist für die Veröffentlichung des Dokumentes des 30. September gewählt worden: an diesem Tag gedenkt die Kirche des heiligen Hieronymus.

D’Dokument vum Poopst Franziskus fannt dir op der Säit: www.vatican.va

 

Éischt Schrëtt an der Bibel
En Owend fir sech am Buch „mat de siwe Siggelen“ erëmzefannen
Méindes 19. Februar // 19.30 Auer
Parzenter Lënster (nieft derKierch)
Liesowend an der Basilika
Mir liese d’Markusevangelium ganz …
an d’Heizung ass un!
Freides 23. Februar // 20 Auer // Krypta
Bibelowender
Mir liesen d’Markusevangelium

An 10 Owender verdéiwe mir déi eenzel Abschnitter vum Markusevangelium.
Méindes vun 19.30 - 21.30 Auer
Veräinshaus (passage des Demoiselles, Iechternach)

V. DIMANCHE DE LA PAROLE DE DIEU
«Demeurez dans ma parole» (Jn. 8:31)

Guide liturgique et pastorale
Vers le Dimanche de la Parole 2024
Depuis le Dimanche de la Parole de Dieu fin janvier 2023 la paroisse de la région d’Echternach a pris un certain nombre d’initiatives pour favoriser et soutenir la lecture de la Bible dans notre communauté.
Liesen an der Bibel:
Témoignage zum Bibelsonndeg 2023 vum Tom Osborne
Gonneréng, Gischterklaus, Lënster 2023 01 21-22

Biblesch Liesungen: Jes 8,23b-9,3 / Ps 40, 1-13 / 1 Kor 1, 10-13.17 /Mt 4,12-23

Liesen an der Bibel:
Témoignage zum Bibelsonndeg 2023 vum Tom Osborne

Biblesch Liesungen: Jes 49, 3.5-6 / Ps 40, 1-13 / 1 Kor 1, 1-3 /Joh 1,29-34

Wuert-Gottes-Sonndeg … an dann?!

Wann d’Bibel eng vun den Haaptquellen vum chrëschtleche Glawe soll sinn, da geet et sécher net duer, datt mir eemol am Joer de „Sonndeg vum Härgott sengem Wuert“ feieren. Et geet kee Wee laanscht de reegelméissegen an déiwe Kontakt mat der Helleger Schrëft, dee nëmme méiglech gëtt duerch d’aktivt Liese vun der Bibel, am Dialog mat de Liewensfroe vun ons alleguer. Den hellegen Hieronymus, Kierchepapp aus dem 4. Joerhonnert, déi dreiwend Kraaft bei der Iwwersetzung vun der Bibel op Latäin (Vulgata) huet et sou gesot: „Ignoratio Scripturarum, ignoratio Christi“, wann een d’Helleg Schrëft net kennt, da kann ee Christus net kennen. Esou einfach ass et. Einfach ass et allerdéngs net!
D’Pastoralekipp vun der Par St-Willibrord Regioun Iechternach proposéiert eng Rei Aktivitéite mat a ronderëm d’Bibel, fir dem „Joer vum Härgott sengem Wuert“, wéi et vun der Kathoulescher Bibelfederatioun ausgeruff ginn ass, eng gewëssen Dynamik an Konkreetiséierung ze ginn.

Mir proposéieren dofir eng Rei Angeboter:

 

Die eucharistische Anbetung, der Lobpreis und die Stille
L’adoration eucharistique, la louange et le silence

Echternach (Basilika), Junglinster und Girsterklaus

Bibeltreff Freides moies

Dëse Grupp vun enger Dose Leit liest eenzel Bibel-Schrëften „vum Ufank bis zum Schluss“ (Lectio continua). Bis elo hunn si d’Johannesevangelium, d’Lukasevangelium an d’Matthäusevangelium, souwéi eng Rei vum hellege Paulus senge Bréiwer zesummen geliest. De Moment setze si sech mat der Genesis auseneen.
Leedung: Tom Osborne
All Freides moies, vum 9.00-11.30 Auer am Parsall zu Iechternach (beim Parbüro)

Vesper an der Basilika Donneschdes owes

All Donneschdeg-Owend (ausser de Schoulvakanzen) gëtt d’Vesper gesongen, eng Zäit vu Gebiet a Gesang mat der Helleger Schrëft an der grousser benediktinescher Traditioun vun der Abtei zu Iechternach.
Donneschdeg-Owes, 19.00 Auer an der Basilika (Stëll Anbetung: 18.30 Auer)

„Tolle lege – Huel a lies“

sou huet den Hellegen Augustinus den Impuls vu Kanner, déi gespillt hunn, kritt, fir selwer aktiv an der Bibel ze liesen! D’Pastoralekipp géif sech wënschen, datt och Dir d’Freed entdeckt, fir an der Helleger Schrëft ze liesen, am beschten an ärer eegener Bibel, awer oder am Bichelchen vum Matthäusevangelium déi d’Par Iech schenkt, am Internet… jee, iwwerall, wou Dir de Räichtum vun deenen Texter entdecke kënnt. Zesummen um Wee, mat Iech, mam Wuert vu Gott!


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement