Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, de 14. Mäerz um 9 Auer aus der Giischterklaus bei Rouspert iwwerdroen. Kantoren a Sänger*innen aus der Par Regioun Iechternach hun ënnert der Leedung vum Tom Osborne gesongen, op der Uergel huet de Jos Majerussi begleet .
“Tu meinem Mund auf, dich zu loben”
Sonndesmass aus der Giischterklaus
Jousefsmount am Jousefsjor, den Ufank vun der Pilgersaison op der Giischterklaus steet am März 2021 ënner enger besonnescher Erausfuerderung :
Wéi kënne mir, an dësem ofgeleeënen Uert vun der Stëllt an Ënnerlechkeet, Mënschen vun haut eng Botschaft an eng Gemeinschaft vun Trouscht a Mutt an enger schwiereger Zäit mat op de Wee ginn?
Am Kader vun zwou Radiosmassen, animéiert – Corona bedéngt – vun engem klenge Grupp vu Kantoren a Sänger aus der grousser Por Regioun Iechternach zesummen mat der Sonndescommunautéit vun der Klaus, sange mir méi oder manner bekannt Lidder aus dem Magnificat.
Am Gottesdéngscht vum Laetare oder Halleffaaschten Sonndeg invitéiere si ons, e klore Bléck op ons selwer – ons Zerbriechlechkeet, Onsécherheet an Onzougänglechkeet – ze werfen, a gläichzäiteg onst Liewen an Hoffnungen vum Härgott senger Léift a Freed duerchliichten ze loossen : „Sag ja zu mir, wenn alles nein sagt“ …
Dir sidd häerzlechst agelueden, och vun doheem aus, matzesangen a matzebieden!
D’gesanglech Animatioun steet ënner der Leedung vum Tom Osborne; de Jos Majerus, den Organist vun der Basilika zu Iechternach, spillt op der frësch gestëmmter Westenfelder Uergel vun der Giischterklaus.
De musikalische Programm vun der Mass
Prélude
Voluntary in G
Henry Heron
Agangslidd
Sag ja zu mir
D. Zils (M 165)
Kyrie
Seigneur, ne nous traite pas
Lucien Deiss (M 1029)
Psalm
Wir sind auf Christus getauft
M 646
Ruff virum Evangelium
Lob dir, Christus
M 562
Credo
gëtt gebied
Gowelidd
Es kostet viel, ein Christ zu sein
Chr. Fr. Richter, J. S. Bach
Sanctus
aus der Missa Quadragesima
M 416
Anamnes
M 1119
Agnus Dei
aus der Missa Quadragesima
M 417
Kommioun
Kleines Präludium in e
Albert Jenny
Danksagung
Das ist ein köstlich Ding
R. Schweizer (Magn 271)
Schlusslidd
Du aus Davids Stamm geboren
M 894
Sortie
Ballo del granduca
Jan Pieterszoon Sweelinck
Chouer: Kantoren a Sänger*innen aus der Par Regioun Iechternach
Dirigent: Tom Osborne
Uergel: Jos Majerus