Pilgermass vun der Par Regioun Iechternach St Willibrord - 6.11.2020

Votivmass vum hellege Willibrord


Home Back Print Kontakt

Ufanksgebiet

Gudde Gott, du hues deene verschiddenen Vëlker
ervirstiechent Léiermeeschteren am Glawen geschéckt.
Gëff allen, déi sech um Fest (um Graf) vum hellege Willibrord,
eisem Papp am Glawen, hei versammelt hunn,
Freed a Wuelergoen an dësem Liewen
a looss si eng Kéier deng Herrlechkeet kucken.
Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus, däi Sonn,
eisen Här a eise Gott, deen an der Eenheet vum Hellege Geescht
mat dir lieft an Här ass an all Éiwegkeet. Amen.

Lesung aus dem Buch Jesaja. (Jes 52, 7-10)
7 Wie willkommen sind auf den Bergen
die Schritte des Freudenboten, der Frieden ankündigt,
der eine frohe Botschaft bringt und Heil verheißt,
der zu Zion sagt: Dein Gott ist König.
8 Horch, deine Wächter erheben die Stimme,
sie beginnen alle zu jubeln.
Denn sie sehen mit eigenen Augen,
wie der HERR nach Zion zurückkehrt.
9 Brecht in Jubel aus,
jauchzt zusammen, ihr Trümmer Jerusalems!
Denn der HERR hat sein Volk getröstet,
er hat Jerusalem erlöst.
10 Der HERR hat seinen heiligen Arm
vor den Augen aller Nationen entblößt
und alle Enden der Erde werden das Heil unseres Gottes sehen.

Antwortpsalm: Ps 96 (95), 1-2.3 u. 7.8 u. 10
R Kündet den Völkern die Herrlichkeit des Herrn! - R
1 Singet dem Herrn ein neues Lied, singt dem Herrn, alle Länder der Erde!
2 Singt dem Herrn und preist seinen Namen,
verkündet sein Heil von Tag zu Tag! - (R)
3 Erzählt bei den Völkern von seiner Herrlichkeit
bei allen Nationen von seinen Wundern!
7 Bringt dar dem Herrn, ihr Stämme der Völker,
bringt dar dem Herrn Lob und Ehre! - (R)
8 Bringt dar dem Herrn die Ehre seines Namens,
spendet Opfergaben, und tretet ein in sein Heiligtum!
10 Verkündet bei den Völkern: Der Herr ist König.
Den Erdkreis hat er gegründet, so dass er nicht wankt.
Er richtet die Nationen so, wie es recht ist. - R

Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. (1 Kor 1, 18-25)
Schwestern und Brüder!
18Das Wort vom Kreuz ist denen, die verloren gehen, Torheit;
uns aber, die gerettet werden, ist es Gottes Kraft.
19Es heißt nämlich in der Schrift:
Ich lasse die Weisheit der Weisen vergehen
und die Klugheit der Klugen verschwinden.
20Wo ist ein Weiser? Wo ein Schriftgelehrter?
Wo ein Wortführer in dieser Welt?
Hat Gott nicht die Weisheit der Welt als Torheit entlarvt?
21Denn da die Welt angesichts der Weisheit Gottes
auf dem Weg ihrer Weisheit Gott nicht erkannte,
beschloss Gott, alle, die glauben,
durch die Torheit der Verkündigung zu retten.
22Die Juden fordern Zeichen, die Griechen suchen Weisheit.
23Wir dagegen verkündigen Christus als den Gekreuzigten:
für Juden ein empörendes Ärgernis, für Heiden eine Torheit,
24für die Berufenen aber, Juden wie Griechen,
Christus, Gottes Kraft und Gottes Weisheit.
25Denn das Törichte an Gott ist weiser als die Menschen,
und das Schwache an Gott ist stärker als die Menschen.

Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:)
Geht zu allen Völkern, und macht alle Menschen zu meinen Jüngern!
Ich bin bei euch alle Tage bis zum Ende der Welt. Halleluja.

+ Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. (Mk 16, 15-20)
15In jener Zeit erschien Jesus den Elf und sprach zu ihnen:
Geht hinaus in die ganze Welt,
und verkündet das Evangelium allen Geschöpfen!
16Wer glaubt und sich taufen lässt, wird gerettet;
wer aber nicht glaubt, wird verdammt werden.
17Und durch die, die zum Glauben gekommen sind,
werden folgende Zeichen geschehen:
In meinem Namen werden sie Dämonen austreiben;
sie werden in neuen Sprachen reden;
18wenn sie Schlangen anfassen
oder tödliches Gift (gr.: etwas Tödliches) trinken,
wird es ihnen nicht schaden;
und die Kranken, denen sie die Hände auflegen,
werden gesund werden.
19Nachdem Jesus, der Herr, dies zu ihnen gesagt hatte,
wurde er in den Himmel aufgenommen
und setzte sich zur Rechten Gottes.
20Sie aber zogen aus und predigten überall.
Der Herr stand ihnen bei und bekräftigte die Verkündigung
durch die Zeichen, die er geschehen ließ.

Priedegt

Léif Matchrëschten! Do uewen um Ferschweiler Plateau, vu Ferschweiler Richtung Bollendorf am Bësch, steet dat berüümt „Fraubillenkreuz“. D’Legend wëll, dass de Willibrord deemools aus engem Menhir, deen op der Plaz veréiert gouf, eegenhänneg dëst Kräiz gehae huet. De Steen, dëse Menhir, deen ongeféier 5000 Joer al a gutt 3,5 Meter héich ass, kann een nach haut bewonneren. D’Fraubillekräiz steet als Symbol do fir Christianiséierung vun eiser Géigend. Den Hannergrond vun der Legend iwwer de Willibrord wëll eis vermëttelen, dass eisen Hellegen deemools aus engem heednesche Steen, aus enger heednescher Plaz eng chrëschtlech Plaz gemaach huet. Heednesch gëtt natierlech an dësem Kontext gläichgesat mat „schlecht“. Heednesch ass einfach dat Béist. De Willibrord huet also dat Béist an dat Gutt verwandelt duerch seng Priedegt an duerch säi perséinlechen a kierperlechen Asaz. Och wann ech elo net einfach hin eppes, wat net chrëschtlech ass, mat eppes Béisem gläichsetze wëll, sou ass dës Legend dach derwäert fir iwwer esou munches nozedenken.

Wéi dacks begéine mir an eisem Liewen enger Nout, engem Leed, enger Krankheet, jo och dem Doud? Wéi dacks begéine mir Katastrophen, sief et Krich, Flüchtlingskris, Honger, Terrorismus a villes méi? Wéi dacks wousste mir selwer net, wéi mir eis sollte verhalen? Och wa mir hei bäi eis quasi an engem Schlaraffeland liewen, well mir praktesch ëmmer alles zur Verfügung hunn a well trotz Corona-Kris eis medezinesch Versuergung funktionéiert, sou spiere mir dach awer, dass munches an eiser Gesellschaft net esou richteg stëmmt. Mir sinn onzefridden. Mir gesinn déi vill Méiglechkeeten, déi mir net kënnen wouer huelen.

Am Moment si mir natierlech ee wéineg ageschränkt an eisen Aktivitéiten duerch dee klengen a béise Virus. Mir maachen eis Suergen ëm eis Gesondheet. Mä ass net och eis gesellschaftlech Gesondheet grad an eiser Zäit extreemst a Gefor? Ëmmer méi dacks héiere mir vun Iddien, Gedanken an Theorien, déi eis veronsécheren. An eiser Gesellschaft ginn och Viren ëm. Dat si keng medezinesch oder biologesch Viren. Neen dat sinn gedanklech Viren, déi ëmmer nees versichen eis Gemeinschaft ze destabiliséieren. Dat laténgescht Wuert „Virus“ bedeit an der Iwwersetzung „Gëft, Schläim“. Munch Gëft geet duerch eis Zäit. Ëmmer nees gëtt versicht, dat schlecht ze maachen, wat aneren wäertvoll a wichteg ass. Um Ufank vum Chrëschtentum huet wuel déi deemoleg griichesch-réimesch Gesellschaft d’Chrëschten als Viren ugesinn, déi hier al Gesellschaftsform lues a lues opgeléist an zerstéiert huet. A spéidere Joren waren et da Leit wéi de Willibrord, déi ëmgedréint heednesch Gedanken a Formen als Gëft ugesinn a si bekämpft hunn. Hien huet also reagéiert fir seng Relioun, säi Glawen ze verdeedegen. D’Methoden géifen eis haut wuel ee wéineg drastesch virkommen, wéi eben am Fall vum Fraubillenkräiz, awer säin Asaz war gedriwwen vun senger fester Iwwerzeegung.

D’Kräiz war d’Zeechen vun de Chrëschten. Hien huet also mat dësem Kräiz dat Béist verdriwwen. Ech maachen alt mol gären esou Versich mat Wuertspiller. Dofir och elo esou ee Wuertspill. Wann ech am Latäin d’Wuert „Virus“ huelen an ee Kräiz doran haen, da gëtt aus dem „Virus“ „Virtus“, also ech setzen een T, ee Kräiz an de Virus. „Virtus“ bedeit: „Tapferkeit, Tugend, Tüchtigkeit“. „Das Wort vom Kreuz ist denen, die verloren gehen, Torheit; uns aber, die gerettet werden, ist es Gottes Kraft.“ (1 Kor 1,18), seet eis den Apostel Paulus an der Liesung um Fest vum Willibrord. Jo, mir mussen déi Dugenden nei entdecken, déi ee Paulus, ee Willibrord an anerer ugedriwwen hunn, deem Béisen an der Welt ze widderstoen an dës Botschaft vum Kräiz an de Virus, an d’Gëft eran ze setzen, sou dass et sech verwandelt an eng nei Dichtegkeet, déi eis allen ze Gutt kënnt. Wa mir d’Kräiz, an dat heescht dem Jesus seng integral an déif Botschaft, unhuelen, da gi mir selwer fäeg, fir gutt an eis Welt eran ze wierken.

D’Kräiz ass natierlech ee Symbol. Engersäits ee Symbol vun der Ënnerdréckung, vun der Muecht, vun der Grausamkeet. Anerersäits ass et fir eis als Chrëschten awer eben och ee Symbol, en Zeechen fir déi extrem déif Botschaft vum Jesus, deen sech géint all Grausamkeet an Ënnerdréckung vun der Welt gestalt huet, deen natierlech kierperlech dëser Muecht vun der Welt deemools ënnerleeë war, mä deen awer moralesch dës Grausamkeet duerch seng Léift iwwerwonnen huet. D’Kräiz gëtt dofir fir eis als Chrëschten zu engem Zeechen vum Sig vun der Botschaft vu Christus iwwer dat Béist. Mir dierfen elo sécherlech dëst Symbol net notzen fir selwer anerer ze ënnerdrécken. Dat ass leider all ze dacks och an eiser Geschicht vun der Relioun geschitt. D’Dynamik vum Glawen an och vum falsche Glawen ass leider eng real Gefor an awer och eng positiv Dynamik, déi zu neie Weeër ureegt. Mir dierfen eis net vun der Angscht leede loossen, déi eis ariet, dass mir dëst oder dat verléieren. Wann eise Glawen echt ass, wann eis Iwwerzeegung vun der Botschaft vum Jesus déif an eis erageet, da brauche mir keng Angscht ze hunn, och wann sech d’Zäiten, d’Strukturen, déi gesellschaftlech Zoustänn an esou vill aner Saachen änneren. Wann dës Botschaft vun der Léift dat ass, wat eis am Häerz betrëfft a beweegt, da kënne mir si och positiv notzen. Déi äusser Ëmstänn, déi materiell Gegeebenheeten kënnen sech da roueg änneren. Dat kann an dierf eis dann net treffen.

Zweiwel si wuel ëmmer an eis. Awer besteet en Zweiwel dorunner, dass d’Léift ee fir deen aneren dat ass, wat dat Wichtegst ass? Grad elo an dëse schwieregen Zäiten vu Krankheet, mierke mir wéi wichteg et ass, dass mir aus dëser déiwer Léift eraus, eis zesummendinn an eis géigesäiteg schützen, eis hëllefen, eis opmonteren. Et ass elo net un der Zäit fir fanatesch al Kamellen opzekachen. A senger Schrëft „Dynamics of faith“ huet de Paul Tillich schonn 1957 kloer op munch Gefor higewisen wann hie schreift: „Bei jenen, die in ihrem unerschütterlichen Glauben ruhen, sind Pharisäismus und Fanatismus unverkennbare Symptome unterdrückten Zweifels.“ (Paul Tillich, Dynamik des Glaubens (Dynamics of Faith): Neu übersetzt, eingeleitet und mit einem Kommentar versehen von Werner Schüßler, De Gruyter Berlin/Boston 2020, S. 80) An och a senger Schrëft „The Courage to Be“ seet hien: „Fanatismus ist das Korrelat der geistigen Selbstaufgabe: die Angst, die der Mensch besiegen wollte, zeigt sich jetzt darin, daß er mit unmäßiger Heftigkeit jeden angreift, der ihm nicht beistimmt und durch seine Abkehnung Elemente in dem geistigen Leben des Fanatikers enthüllt, die dieser in sich unterdrücken muß. Weil er sie in sich selbst unterdrücken muß, muß er sie auch in dem anderen unterdrücken. Seine Angst zwingt ihn dazu, Andersdenkende zu verfolgen. Die Schwäche des Fanatikers liegt darin, daß diejenigen, die er bekämpft, eine geheime Gewalt über ihn ausüben, und dieser Schwäche muß er schließlich unterliegen.“ (Tillich, Gesammelte Werke XI, 44f.) Wat ass also dat, wat eis wierklech betrëfft an ureegt? Dat kann dach nëmmen dësen déiwe Glawen un dës ultimativ Léift sinn, déi mir da selwer an eisem Liewen ëmsetze sollen. An déi léist eis ni, wierklech ni, zu grausame Fanatiker ginn, déi anerer néier maachen, just well mir Angscht hunn, eis Meenung kéint net duerchkommen.

Ech kommen erëm zeréck op de Willibrord. Fir mech ass déi al Legend vum Fraubillenkräiz genee dat. De Willibrord huet en Zeeche gesat. Hie wollt de Leit kloer maachen, dass et net op ee kale Steen ukënnt mä op déi lieweg Léift, déi bis an den Doud geet an déi duerch eben d’Kräiz symboliséiert gëtt.

„Das Wort vom Kreuz ist denen, die verloren gehen, Torheit; uns aber, die gerettet werden, ist es Gottes Kraft.“, seet eis haut de Paulus. D’Kräiz kann een als ee Symbol vum Doud huelen. Et kann een et awer och als Symbol vum Asaz fir de Matmënsch, als Symbol fir déi onendlech Léift huelen. Fanatismus a klengkaréiert Angscht virum Verloscht vun iergendwellechen materiellen Virdeeler dierf net eist Uleies sinn. Eist Uleies muss et sinn ëmmer an iwwerall dës echt Dugenden vu Jesus Christus géint dat Gëft, géint de Virus vun der Onvernonft, der Onmënschlechkeet, dem Has ze setzen an all Mënschen eis Léift ze schenken. Eis Aufgab muss et elo an dëser schwiereger Zäit sinn, fir aus eiser Léift zu enaner op enaner opzepassen, eis ze hëllefen a besonnesch fir déi Krank an déi Schwaach do ze sinn. De Willibrord gëtt an der Litanei ugeruff: „Hl Willibrord, Zuflucht der Kranken - Hl Willibrord, Helfer der leidenden Menschen.“ Loosse mir dat dach och einfach selwer sinn.

Gowegebiet

Gudde Gott, huel d’Gowen un,
déi mir um Fest vum hellege Willibrord op däin Altor leen.
Fir seng onermiddlech Aarbecht an dengem Wéngert
hues du him d’Kroun vum éiwege Liewen ginn;
looss eis an der Kraaft vun dësem Affer
räich Friichte bréngen an eisem Liewen.
Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen.

Präfatioun: Votivmass vum hl. Willibrord
Den Här sief mat iech all. An och mat iech.
Sidd mam Häerz beim Härgott. Eist Häerz ass bei him.
Looss mer elo Gott, eisem Här danken. Sou ass et richteg a gutt.

Jo, et ass richteg a gutt, dir hellege Papp,
éiwegen an allmächtegen Härgott, ëmmer an iwwerall ze danken.
Well du hues eis den hellegen Bëschof Willibrord zum Léiermeeschter ginn.
Duerch hien hues du eis aus der Däischtert fräi gemaach
an zu Kanner vum Liicht beruff.
Wat hien mat sengem Mond geléiert huet,
dat huet hien och duerch säi Beispill bezeit.
Säi Liewen erstraalt a vollem Liicht,
an seng Hellegkeet weist sech an Zeechen a Wonner.
Dofir luewe mir op sengem Héichfest (béi senger Veréierung) deng Gnod,
déi’s du eis am Iwwermooss geschenkt hues duerch eisen Här Jesus Christus.
Duerch hien luewe mir elo d’Wierk vun denger Léift
a sange mat de Chéier vun den Engelen d’Luef vun denger Herrlechkeet:

Schlussgebiet

Allmächtege Gott,
duerch den apostouleschen Äifer vum hellege Willibrord
hues du vill Mënschen (eis) an d’Gemeinschaft vun denger Kierch geruff.
Hëllef eis, sengem Beispill ze follegen
an aus der Kraaft vun dengem Sakrament ze liewen,
fir datt mir Christus, eisem Meeschter, entgéintginn
an an him dat éiwegt Liewe fannen,
hien, dee mat dir lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen.

Segen

Den Härgott, den allmächtege Papp,
dee vill Mënschen duerch d’Priedegt vum hellege Willibrord
zum Glawe gefouert huet, soll iech séi Seege schenken.

Hie soll iech fest maachen am Glawen,
frou an der Hoffnung, an äifreg a Wierker vun der Léift.

Den Här huet séin treien Denger Willibrord opgeholl an seng Freed;
hie soll iech déi éiweg Herrlechkeet schenken.

An esou soll hien iech seenen:
De Papp an de Jong an den Hellege Geescht. Amen.


Mass vum 2 November
Klick op d’Kalennerblat fir de ganzen Text als PDF!
Mass vum 8 November

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement