Bon vent, cher Professeur Laliberté !

August 2021


Home Back Print Kontakt

2014 ass den Daniel Laliberté vu Québec am Kanada op Lëtzebuerg komm fir als Theolog a Professer am Centre Jean XIII (Grand Séminaire de Luxembourg - Luxembourg School of Religion & Society - Centre de formation diocésain Jean XXIII) no der Trennung vu Kierch a Staat ons Lokalkierch op dem Wee vun der Transitioun vum Reliounsunterricht an der Schoul zur Katechese an de Poren ze begleeden. Grad elo huet Corona nach emol méi gewisen, datt „dat wéi ëmmer“ net méi fonctionéiert. An deene Joren ass den Daniel mat senger Fra Lucie an ons Par op Hierber wunne komm, wou hie sech verschiddentlech och mat sengem flotte Québecer Accent als Lecteur engagéiert huet. An der grousser Vakanz wäert hien ons Par verloosse fir zréck a senger Heemecht an do als Direkter am „Office national de Liturgie“ vun der Kanadescher Bëschofskonferenz ze schaffen. Aus senger Lëtzebuerger Par wënsche mir him Gottes Seegen a vill Freed bei der neier Aufgab méi no bei senge Kanner an Enkelen.

Luc Schreiner

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement