Editorial aus dem Parbréif 7/23

November, eng Paus tëschent den Zäiten!


Home GoBack Print Kontakt

Et ass nees November, Deeg ginn ëmmer méi kuerz. D’Natur bereet sech op de Wanterschlof vir. Fir muenchereen sinn d’Novemberdeeg keng gutt Zäit, si gi verbonne mat gro, niwweleg, kal, naass an donkel. Mais de November kann och ganz schéi sinn. Et ass ewéi eng Paus tëscht dem goldegen Oktober an der Wäermt vun der Adventszäit, wou mer ons Zäit kënnen huelen fir iwwert munches nozedenken.

D’Liturgie, verschidde Fester déi mer am November feiere kënnen ons dobäi eng Hëllef sinn.

Dat éischt Fest wat mer am November feiere ass Allerhellegen de Gedenkdag vun allen Hellegen, och vun deenen déi vun der Kierch ni helleg gesprach goufen.

Fest vun Allerhellgen ass en eelert Fest. Am Laf vun deenen éischte Joerhonnerten, war et, wéinst der ëmmer méi grousser Zuel vun Hellegen, onméiglech gi fir jidder Eenzelen op engem extraen Dag ze feieren. Géint 700 huet de Poopst Gregor III. du beschloss e Fest fir all Helleg den 1.November ze feieren.

Déi Helleg kënne e Virbild fir ons sinn. Vun hirer Aart a Weis mam Liewen ëmzegoen, hirer Demut, hirer Generositéit, hirer Suerg no Gerechtegkeet kënne mir ons inspiréieren.

Sie ginn ons Courage a weisen ons, datt och mir am Alldag op dësem Wee ënnerwee sinn, datt och mir Mënsche kënne sinn déi deelen, déi baarmhäerzeg sinn, am Fridde liewen, a gerecht sinn...
Dat ass e ganze Liewensprogramm.
Dat 2. Fest wat mer am November feieren ass Allerséilen, den 2. November. Do denke mer ganz besonnesch un eis léif Verstuerwen u Mënschen déi mer gutt kannt hunn, déi ons villes mat op de Wee ginn hunn, déi ons begleet hunn, déi fir ons eng Stäip an e Virbild waren. Dankbar kënne mer u si denken a Merci soe fir alles wat mir duerch si geschenkt kruten. Allerséilen ass e Fest vun der Dankbarkeet wou mer ons Zäit kënnen huele fir op onst Liewen zeréck ze kucken
An onser Por hu mir d’Chance all Joer am November Willibrordus-Oktave ze feieren a kucken do ganz besonnesch op den Hl. Willibrord.

Op sengem 70. Gebuertsdag huet de Willibrord op déi wichtegst d’Etappe vu sengem Liewen zréck gekuckt a geschriwwen: In Dei nomine feliciter – glécklech a Gottes Numm. Esou wéi den Hl. Willibrord kënne och mir dynamesch Chrëschte sinn, déi glécklech a Gottes Numm ënnerwee sinn.

Loosse mer dës Zäit notzen, fir roueg ze ginn, iwwert eist d’Liewen nozedenken, an dankbar si fir dat wat mer bis elo erliewen konnten.

Loosse mer dës Zäit notze fir an d’Stëllt ze goen. D’Kraaft vun der Stëllt gëtt ons d’Méiglechkeet ëmmer méi bewosst an opmierksam ze sinn, fir dat wat ronderëm ons geschitt.

Anise Metz

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement