Faaschtenzäit eng Zäit vun Ëmkéier, eng Zäit vun Opbroch zum Liewen


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Mat Äschermëttwoch hu mir d’Faaschtenzäit ugefaang, 40 Deeg déi ons op Ouschteren virbereeden. Déi Zuel 40 huet an der Bibel éischter eng symbolesch Bedeitung a kënnt oft vir. 40 Deeg a 40 Nuechten huet d’Sinnflut gedauert (Gn 7,4) ; 40 Joer ass d’Vollek Israel duerch d’Wüste gezunn (Gn 16,35) ; 40 Deeg a 40 Nuechten huet de Moses um Bierg Sinai an der Präsenz vu Gott verbruecht (Gen 24,18), Den Elija wor 40 Deeg ënnerwee fir op de Bierg Horeb ze goen. (1 Kön 19,8) De Jesus wor 40 Deeg an der Wüste (Mk 1,13) an 40 Deeg laang ass den Operstanenen Jesus sengen Apostelen erschengen. (Apg 1,3) Déi Zuel 40 markéiert an der Bibel e längeren Zäitraum, wou déi eenzel Persounen oder Gemeinschaften, d’Geleeënheet kréien, Gott nei ze begéinen, sech op hire Liewenswee virzebereeden, oder hire Wee nei ze iwwerdenken an eventuell ze änneren.

Och mir hunn elo 40 Deeg Zäit…

Um 1. Dag vun der Faaschtenzäit héiere mir an der Lesung : „Kehrt um zum Herrn, eurem Gott! Denn er ist gnädig und barmherzig, langmütig und reich an Güte“ (Joel 2,13) De Prophéit Joël rifft ons, rifft mech op fir ëmzekéieren. Awer ëmkéieren kann ech nëmmen, wann ech mech schonn op de Wee gemaach hunn ; wann ech ënnerwee sinn a mierken wou ech mech verlaaf hunn, wou ech déi falsch Richtung ageschloen hunn. Ëmkéieren, heescht, iwwert de Glawenswee no denken an sech och muenchmol ze hannerfroen, fir sech méi bewosst u Gott auszeriichten a sech vun him verwandelen ze loossen. Esou kann d’Faaschtenzäit eng Zäit vu Gnod sinn, wou mer Gott méi nokommen, op säin Evangelium lauschteren fir et am Alldag ze liewen.

Le carême n’est pas un temps où nous allons nous charger de pénitences, d’efforts à faire et dont nous serons découragés après quelques jours ! Le carême est un appel à la vie ! Nous sommes appelés à la vie ! Ces quarante jours qui s’ouvrent devant nous sont un engagement à nous laisser recréer par l’amour, la vie de Dieu… recréation qui culminera en la fête de Pâques et la Résurrection de Jésus. C’est donc un temps de grâce qui s’ouvre pour nous.

Anise Metz

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement