Kaploun Ricardo Monteiro

September 2015


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Kaploun Ricardo Monteiro

Leif Frënn aus dem Dekanat Iechternach an aus dem PV Lënster,

Wéi dir et am Lëtzebuerger Wort liese konnt, huet den Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich mech zum Kaploun am neie Pastoralteam ernannt.

Ech stelle mech kuerz vir, ech sinn de Ricardo José Ribeiro Monteiro. Wéi den Numm et schonns deit, kommen ech aus dem schéine Portugal, méi genau vun Figueira da Foz.

Den 13. Dezember 1984 komm ech zu Figueira da Foz op d’Welt. Am Alter vun 2 Joer sinn ech mat mengen Elteren op Lëtzebuerg komm, well et eis deemools net gutt gaangen ass. Et wor no der Nelkerevolutioun.

Ech sinn um Sennéngerbierg, an zu Diddeleng grouss ginn. Zu Diddeleng ukomm, hunn ech ganz schnell, déi dynamesch a lieweg Par entdeckt. Virdrun hat ech keen Kontakt mat der Kierch. Ech sinn bei d’Massdénger gaang, dat iwwer 15 Joer laang. Et war e Genoss, ech hunn all frei Minutten an der Kierch verbruecht.
Ech krut vum Diakon Joël Santer deemools d’Fro gestallt, op ech net wéilt Priister ginn. Ech hunn him mat Nee geäntwert. Mee dës Fro ass mir ni méi aus dem Kapp gaang.

Mir war ënnerlech schonn bewosst, dass ech nëmmen eppes wéilt: am Déngscht stoen vun där Kierch. Méi genau wousst ech nach näischt. 2008 hunn ech mech definitiv am Seminaire ugemellt, nodeems ech den Ofschloss zu Mamer als Génie Civile am Technicien gepackt hunn. Ech sinn dunn op Lantershofen bei Bonn an den Interdiözesanen Seminaire Sankt Lambert geschéckt ginn, fir mam Charles Bremer Theologie, Philosophie, etc ze studéieren. Et war eng super Zäit.

Den 8. Dezember 2012 gouf ech mam Charles zu Iechternach zum Diakon geweit.

Ech gouf op Déifferdeng zum Kaploun ernannt. Et wor eng léierräich Zäit. Mat ville schéinen, wéi och manner schéine Stonne. Ech vermëssen déi Zäit elo schonns.

Ech si frou a bereet , de neien Challenge unzehuelen. E neie Start, bei Iech, a mat Iech. Ech sinn frou an houfreg äre Kaploun kennen ze sinn.

Äre Frënd a Kaploun
Ricardo Monteiro

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement