Schöpfungsdag - ACFL

“Damit Ströme lebendigen Wassers fließen”


Home Back Print Kontakt

Schöpfungsdag - ACFL

Samschdes, den 25.09.2021 - Bollendorf-Bréck

“Damit Ströme lebendigen Wassers fließen”

Programm vum Dag:
Start: 10.00 Auer an der Kierch Mariä Himmelfahrt zu Bollendorf-Bréck (L)
Duerno: Faart mam Auto bis bäi de Parking vum Hotel Sonnenberg zu Bollendorf (D), vun do aus a meditativer Wanderung iwwer de Rondwee duerch Bësch a Fiels ronderëm déi “Grüne Hölle”. De Wee as ca. 4 Kilometer, de Retour ass fir 12.30 Auer geplangt. E gemeinsamt Mëttegiessen am Hotel Sonnenberg ass méiglech fir déi déi wëllen. Umelden kann ee sech bis den 21. September bäi der ACFL (Tel: 44 74 33 45 oder per mail: tausch acfl.lu)
Häerzlech wëllkomm!

Dir sitt och ganz häerzlech agelueden fir d’Mass, Sonndes, den 3.10. um 18.00 Auer wou mir d’Bollendorfer Kiermes feieren. Mat Elementer vum Schöpfungsdag wärte mir déi Mass gestalten, an sou de Membere vun der ACFL, déi de 26.9. net kënnen dobäi sinn, well de Wee hinnen ze schwéier oder ze laang ass, d’Méiglechkeet ginn, un der Idee vum Schöpfungsdag deelzehuelen an déi Idee mat der Gottesdéngschtgemeinschaft zu Bollendorf-Bréck ze deelen


Links:

ACFL Homepage

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement