Heizungen an eise Kierchen a Kapellen
Bedéngt duerch de Krich an der Ukrain an d’Energiekris hu mir eis an der Pastoralekipp Gedanke gemaach iwwert d’Hëtzen vun eise Kierchen a Kapellen. Et gëtt schonns Kierchen a Kapellen wou d’Heizung ganz ausgeschalt war oder souwisou net geet: z.B. Konsdref a Pierre-et-Paul Echternoach. Et gëtt och berüümte Kierchen an der Welt, wéi de Kölner Doum, déi nach ni beheizt waren. Joerhonnertelaang gouf et souwisou keng Heizung an eise Kierchen, an et ass awer gutt gaangen.
D’Pastoralekipp ass dofir zu folgender Conclusioun komm:
- D’Heizperiod ass reduzéiert vun Allerhellegen bis Ouschteren.
- An alle Kierche ginn d’Temperaturen erof gesat, och fir de Gottesdéngscht.
- Do wou kee Gottesdéngscht ass ginn d’Heizungen op e Minimum gestallt oder ganz ausgeschalt.
- Mir behalen eis Kierchen am Bléck, datt et net evtl. zu Schimmel kënnt wéinst der Fiichtegkeet.
- An der Basilika gëtt d’Heizung (déi sech schwéier regléiere léisst) nëmmen Samschdes/Sonndes ugefaange, an der Woch awer ausgeschalt.
- Do wou et méiglech ass, wäiche mir op “Wanterkierchen” aus, déi méi ekonomesch ze heize sinn. Sou gëtt z.B. wärend der Heizperiod d’Samschdesmass vu Buerglënster op Guedber verluecht.
Mir hoffen op Äert Verständnis a bieden Iech den Temperature entspriechend unzedoen.
Fir d’Pastoralekipp
Francis Erasmy