Bibel falsch verstanden

Hartnäckige Fehldeutungen biblischer Texte erklärt


Home GoBack Print Kontakt

Zenter enger Zäit läit bäi mir um Schreifdësch dëst ganz informatiivt Buch. Mir liesen an der Bibel oder mir héieren an eise Gottesdéngschter munch Passage doraus. Mä wéi dacks kommen dës Texter eis ganz friem vir. Jo si stéieren eis och. Si schwätzen an enger Sprooch, déi kaum ze verstoen ass an dann erzielen si och „Geschichten“, déi eis iergendwéi net aus dem Kapp ginn an déi eis zudéifst widderstriewen. Villes versti mir ganz einfach net. Et ass eis haut onheemlech friem ginn.

Da kënnt als zweete Problem derbäi, dass ganz vill biblesch Texter am Laf vun der Geschicht reegelrecht mëssbraucht goufen an zum Deel och gären falsch interpretéiert goufen. Awer wéi sech an deem Ganzen do erëmfannen? Wéi een Duerchbléck fannen, deen eis haut des dacks ganz schwiereg Passagen erklären kann.

Am Buch vum Thomas Hieke a Konrad Huber ginn an 33 Kapitelen 33 Fäll vun Texter aus eiser Bibel erkläert, déi eis et haut als Lieser oder Nolauschterer zimmlech schwéier maachen, oder déi ganz einfach scho praktesch ëmmer an dat och a kierchleche Reien falsch eriwwerbruecht goufen. A munche Fäll sinn et ganz einfach falsch Iwwersetzungen, déi fir Feelinterpretatiounen gesuergt hunn, an aneren awer och een net Verstoen vun der kultureller, reliéiser oder sproochlecher Situatioun, an déi des Texter erageschriwwen goufen. Mä och bewosst falscht Benotzen gëtt hei opgedeckt. Am Virwuert heescht et beispillsweis: „Viele Beiträge decken auf, dass bestimmte Fehldeutungen weniger auf mangelnder Information und fehlender Kenntnis beruhen, sondern darauf, dass man die Bibel für eigene, textfremde Interessen verwenden, gebrauchen, ja eigentlich missbrauchen will.“ (S. 15)

Déi eenzel Kapitele si vu verschiddene Fachleit aus dem kathouleschen wéi evangeleschen Beräich geschriwwen. De Bibeltext, iwwer deen d’Kapitel geet, ass jeeweils ofgedréckt. Duerno gëtt dann de Problem vun der falscher Interpretatioun oder dem falsche Gebrauch erkläert a richteg gestalt. Um Enn vun all Kapitel gëtt et och nach eng Lëscht mat Literatur, déi fir eng verdéiften Beschäftegung mat deem jeeweilegen Text aluet.

Ech gräifen nëmmen ee markant Beispill op, dat bis haut ëmmer nach esou duergestallt gëtt an eisem Schwätzen, an eiser Kierch bis eran an déi aktuell Kateches bäi de Kanner: De Saulus, deen zum Paulus gëtt. Wéi dacks héiert een nach haut Allusiounen dorop. Dobäi ass dat ee vun deenen haartnäckegsten Stereotyppen, déi einfach net ewech ze kréie sinn. Ee Wandel vum Saulus zum Paulus gëtt et an der Bibel ganz einfach net. Mä esou änlech Geschichten sinn der hei eben 33 opgezielt.

Et ass ganz spannend, fir dëst Buch an d’Hand ze huelen an einfach hei an do dran ze bliederen. Et muss een et jo net an enger Kéier vu vir bis hannen duerchliesen. Et ass wéi ee Lexikon an deem een kuckt a sicht, wann een eng Fro huet. Dat ganzt Buch ass a relativ grousser Schrëft gedréckt, sou dass een et mat Liichtegkeet liese kann.

Carlo Morbach


Thomas Hieke / Konrad Huber (Hrsg.) Bibel falsch verstanden
Hartnäckige Fehldeutungen biblischer Texte erklärt
Verlag Katholisches Bibelwerk Stuttgart 2020, 300 Seiten, 22,95 €


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement