Gott - der die das große Unbekannte

Staunens-Wertes und Frag-Würdiges


Home GoBack Print Kontakt

Ëmmer nees begéinen eis Mënschen, déi soen, dass si net un ee Gott kënne gleewen. Si féieren da ganz dacks héchst perséinlech Argumenter un, wéi den Doud vun engem Partner, d’Krankheet vu Mënschen, déi hinne léif sinn, de Krich an de Misär an der Welt asw. Wéi kann ee gudde Gott, vun deem mir an der Kierch schwätzen all dat Leed zouloossen? Wéi kann et sinn, dass et all déi onverschëld Nout gëtt? Vill ganz existenziell Froen, déi mir net beäntwert kréien, kënnen eis dozou hiféieren, dass massiv Zweiwel an eis opkommen, op et iwwerhaapt ee Gott ka ginn.

Den Auteur vum Buch, dat ech iech an dësem Kontext wëll virstellen, fänkt un mat der Fro, wéi mir eis Gott virstellen. Wat géife mir op esou eng Fro äntweren? Et ass effektiv esou, dass haut ganz vill Leit mat der Iddi vun engem Gott näischt oder nëmme ganz wéineg kënnen ufänken. Warscheinlech war dat och fréier schonn esou, just dass deemools kaum een dono gefrot huet a kaum een sech getraut huet Zweiwel ze äusseren.

Dat klengt Buch vum Norbert Scholl geet ee ganz interessante Wee. A klenge Kapitelen gräift hien verschidden Beräicher op, déi dem Mënsch vun haut ëmmer nees Kappzerbrieches maachen, wa si mat der Fro no engem Gott a Verbindung bruecht ginn. Vill Iddien schneit hien un an diskutéiert si. Dobäi weist hien heiansdo ganz einfach, heiansdo awer och philosophesch an theologesch Weeër op. Hie scheit sech net och ganz traditionell Biller vu Gott, wéi mir si an eiser Kierch ëmmer nees gebrauchen a Fro ze stellen. Direkt am éischte Kapitel z.B. stellt hien de Lieser virun dës Problematik, dass d’Bild vu Gott duerchaus och „verunstaltet“ ginn ass. Wa mir vun engem Gott schwätzen, „der alles so herrlich regieret“, da kënne mir haut net einfach driwwer ewech gesinn, dass dacks dausende vu Mënschen zu Schued kommen oder stierwe mussen. Sou een Ausdrock steet an engem krasse Widdersproch zur Wierklechkeet. (vgl. S. 17) A grad dës Problematik musse mir diskutéieren an si net einfach ënnert den Dësch kieren. Déi vill Katastrophen stellen eise Glawe ganz massiv op d’Prouf. D’Léisung vun der Problematik dierf eben net a Floskelen bestoen. Munchmol musse mir wuel unerkennen, dass al Biller eis haut net méi zefridde stellen.

Zum Schluss vun sengem ganz interessante Buch schreift den Norbert Scholl: „Die Gottesrede muss von Grund auf revidiert und reformiert werden. Das ist ein Wagnis und erfordert viel Mut und Beharrlichkeit. Denn die“ewig Gestrigen„werden sich an das“bewährte Alte„klammern. Sie werden die antiquierten Formeln und die“unfehlbaren„Dogmen mit allen Mitteln verteidigen und wohl auch vor Verleumdungen und Abspaltungen nicht zurückschrecken. Doch“Gott ist der ganz Andere". (ebd. S. 178)

Ech kann nëmme soen, et ass ee ganz déifgrënnegt Buch mat ville Gedanken. Duerch déi vill Hiweiser op aner Bicher kann een ganz liicht och weider goen an den eegenen Gedanken an Iwwerleeungen. Et ass bal wéi eng kleng Enzyklopedie iwwer d’Fro no Gott.

Carlo Morbach

Norbert Scholl Gott - der die das große Unbekannte Staunens-Wertes und Frag-Würdiges,
Matthias Grünewald Verlag Ostfildern 2020, 192 Seiten, 19,00 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement