Jung und gläubig


Home Back Print Kontakt

D’Buch vum Jana Highholder huet mech begeeschtert. Hei ass eng jonk Fra, déi aus hirer kuerzer awer intensiver Liewenserfarung eraus schreift. Haut schéngt et ganz dacks net méi ubruecht ze sinn, fir sech als jonke Mënsch zum chrëschtleche Glawen ze bekennen. Natierlech muss ee gesinn, dass jidder Mënsch aneschters denkt an esou och aneschters gleeft. Awer hei gëtt engem ee Wee virgestallt, deen dach ganz déif ass. D’Jana Highholder hat als Kand Kriibs an huet sech an d’Liewe gekämpft. Si ass present an de moderne Medien, trëtt op op Bühnen uechter Däitschland a schreift Bicher. Si studéiert zu Münster Medezin. Op hirer Homepage kann een iwwer si sou munches gewuer ginn: https://www.janahighholder.de.
Hiert Buch huet 30 Kapitelen, déi een ganz onofhängeg liese kann. Si kucken op ganz vill ënnerschiddlech Themen, déi mam Liewen a mam Glawen ze dinn hunn. Si weisen, dass och ee jonken a modern denkende Mënsch duerchaus säi Liewen vun haut mat den Iddien vum Chrëschtentum kann an Aklang bréngen, jo d’Liewen aus deem Glawen eraus och ka gestalten.

Ech gräifen hei nëmmen ee Kapitel op: „Sorgen um und Sorgen für“. Wien als jonke Mënsch mécht sech net Gedanken iwwer seng Zukunft an iwwer d’Zukunft vun eiser Welt? Do muss een seng perséinlech Suerg an Angscht schonn eescht huelen. Allerdéngs dierf een net dobäi stoe bleiwen. Dem Jana Highholder seng Strategie ass, dass een selwer aktiv gëtt, dass ee plangt, dass een sech asetzt. Et dierf een senger Angscht net esou vill Plaz loossen, dass si alles blockéiert. Si beschreift dann, wéi si ebe just mat Hëllef vun hirem Vertrauen am Glawen positiv un d’Liewe konnt erugoen a munch Schwieregkeeten konnt iwwerwannen.

D’Autorin hëlt an hirem Buch ëmmer nees Bezuch op d’Bibel a setzt hiert Liewen an ee Kontext zu deem, wat si an der Bibel liest. Sou ass beispillsweis ee weidert Kapitel iwwerschriwwen: „Der Gute Gott und das große Leid. Die Geschichte von Hiob“. Déi meescht vun eis kennen dem Hiob seng tragesch Geschicht an der Bibel. Vill Mënschen allerdéngs erliewen an hirem konkrete Liewen och esou Tragedien. An ëmmer nees stelle mir eis dann d’Fro, wou Gott am Misär ass. Ganz richteg seet Jana Highholder, dass mir net sollen am Leed froen: „Firwat ech?“, mä: „Wouhinn geet et vun hei aus?“ (S. 171) Et ass scho wichteg, dass een an deene Momenter mat Gott streit an diskutéiert. Hien hält dat aus. Mä da fënnt een eben och d’Kraaft fir no vir ze kucken. Dat ass wichteg.

D’Buch ass duerchzunn vu klenge „Merksätz“, déi quasi ee Resumé jeeweils vum Text sinn. Dat mécht, dass een eventuell och séier zu enger Iddie eppes fënnt an nach eng Kéier liese kann. Op alle Fall ass et ee schéint an uspriechend Buch mat villen déiwe Gedanken zum Liewen an zum Glawen, dat net nëmmen fir jonk Mënschen wäertvoll ass mä fir jiddereen, deen wëll, dass och de Glawen am Alldag kann eng Plaz hunn.

Carlo Morbach


Judith Vonderau: Jung und gläubig Gedanken, die deinen Alltag verändern, SCM R. Brockhaus Holzgerlingen 2022, 231 Seiten, 18,99 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement