L’ Ambition

Les trafiquants d’éternité, roman


Home Back Print Kontakt

„Vergessen als Modus der Lehrentwicklung“ ass en Artikel vum Dogmatiker Michael Seewald iwwerschriwwen.[1] Den Auteur vun dësem Artikel beschreift, wéi an der kathoulescher Kierch munch Saachen an „Léieren“ einfach an d’Vergiesse fale gelooss gi sinn, well si net méi an d’Zäit passen, well si ganz einfach aus haiteger Siicht falsch sinn, well si och einfach nëmmen haut nach peinlech wieren.

An Vergiesse fale gelooss gouf och, wann een haut déi iwwerméisseg erhéichte Virstellung vu Poopst a Kardineel kuckt, wéi sech ebe just dës Elitte vun der kathoulescher Kierch an der Vergaangenheet beholl hunn. A menger leschter Vakanz hunn ech erëm eng Kéier ee Roman gelies, een historesche Roman. D’Amélie de Bourbon Parme erzielt an hirem Roman déi dach horrend abaarteg Geschicht aus der Zäit vum Poopst Alexander VI, dem Rodrigo Borgia. Den Haaptpersonnage, aus deem senger Siicht de Roman erzielt, ass den Alessandro Farnese, de spéidere Poopst Paul III. Mat Intrige verschaaft sech den Alessandro Farnese lues a lues déi Positioun, déi hien da vill Joren duerno op den Troun vum Poopst hieft. Seng Schwëster, d’Giulia Farnese war iwwer vill Joren d’Maîtresse vum Alexander VI. Duerch si hat den Alessandro de Poopst zum Deel an der Hand an esou ass hien dann a ganz jonke Joren zum Kardinol ernannt ginn. Theologesch a geeschtlech Kompetenze ware scheinbar net esou wichteg. Dat eenzegt, wat gezielt huet, war d’Relatiounen, d’Intrigen, d’Geld a villes méi. Domat konnt een da Karriär maachen.

Ech hunn dëse Roman zimmlech an engem Zoch duerchgelies. E liest sech wéi ee gudde Krimi an et ass ee gespaant, wéi et da jeeweils op der nächster Säit oder deem nächste Kapitel weider geet. Et kuckt een dobäi dach a ganz déif Ofgrënn vun der Leedung vun eiser Kierch am 15./16. Joerhonnert. Et ass zum Deel erschreckend ze mierken, wéi dernieft si deemools waren. D’Elitte waren äusserst dekadent. D’Buch ass ee Roman. Déi historesch Tatsaachen hannert dëser Roman-Geschicht stëmmen allerdéngs ganz genee. Dat mécht dëse Roman esou ureegend, fir sech dann och emol mat der Geschicht vun der Kierch aus der Zäit ze befaassen.

Wéi ech allerdéngs d’Buch fäerdeg gelies hat, war ech zimmlech desillusionéiert, net iwwer déi Zäit vun deemools, mä iwwer eis aktuell Zäit an der Kierch. Ech hu mech nämlech gefrot, op et dann a Wierklechkeet haut besser oder anescht ass. Sinn net och haut d’Bezéiungen dat, wat munch Leit an déi iewescht Etagë vun eiser Kierch befërdert? Wann ech d’Äusserunge vu munche Kardineel, jo heiansdo och vum Poopst selwer héieren, dann denken ech, et ass net wierklech anescht. Jo si sinn all net an deem Mooss dekadent wéi am 15./16. Joerhonnert. Awer d’Muecht schenkt weider dat eenzegt ze sinn, wat d’Elitten och haut an der Kierch befligelt. Firwat loosse mir bis haut keng Fraen zou an den ieweschten Ämter? Ass et just eng Fro vu Muecht? Oder betruechte mir d’Fraen nach ëmmer just als Maîtressen, déi deenen „Dichtegen“ zu Déngscht sinn? Déi Grouss an der Kierch bis erop bäi de Poopst loosse Frae kleng Sklavendéngschter maachen. Awer si bleiwen ëmmer an der Positioun, déi si deemools zur Zäit vum Borgia Poopst eben och just haten. Sorry, mäin Urteel ass krass. Mä et ass genee dat, wat ech an der leschter Zäit fillen an denken. Et huet sech zënter deenen Zäite vun deemools, wat d’Mentalitéit ugeet, bäi deenen héijen Hären an der Kierch absolutt näischt geännert.

An d’Vergiesse fale gelooss hu mir an eiser Kierch, dass et dat deemools esou gouf. Mir stinn an der Leedung vun der Kierch nach ëmmer op der selwechter Basis vun Intrigen a Muecht. Just haut maache mir dat ee wéineg méi diskret. Mir verschleieren et hannert synodale Prozesser. Awer änneren deet sech näischt. Här ass Här a Sklave bleift Sklave.

Carlo Morbach


[1] Michael Seewald, Vergessen als Modus der Lehrentwicklung, in: Communio 52 (2023), S. 473-481.
Amélie de Bourbon Parme L’ Ambition - Les trafiquants d’éternité, roman Éditions Gallimard 2023, 512 pages, 23,00 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement