Liestipp no der Vakanz

Christophe vom Brocke, Griechenland


Home GoBack Print Kontakt Mir liesen

Wann dir dëse Parbréif (06/2018) an der Hand haalt, dann ass d’Summervakanz schonn erëm eriwwer an d’Kanner an déi Jugendlech drécken erëm d’Schoulbänk. An awer kann ee klengt Buch eis e bëssi un déi schéin Summerméint erënneren an doriwwer eraus och nach munches aus eiser Geschicht vum Chrëschtentum nei entdecke loossen.

Griechenland

E ganz interessant Buch, dat schon net méi ganz esou nei ass, mä dat awer nach ëmmer säi ganz grousse Wäert huet, hunn ech an deene leschten Deeg duerchgeschafft: Christophe vom Brocke, Griechenland, Leipzig 2007. Dëst Buch gehéiert zu enger Serie vun Reiseführer: EVAs Biblische Reiseführer. An dësem Buch gëtt elo net einfach wéi an normalen Reiseführer ee Land beschriwwen, neen, hei gëtt bewosst op déi Platzen gefouert, déi am Neien Testament vun eiser Bibel virkommen. Wann dir d’Apostelgeschicht liest, da gëtt dir duerch d’Welt ronderëm Mëttelmier gefouert. Besonnesch d’Missiounsreesen vum Apostel Paulus gi beschriwwen. An natierlech gi mir och vum Paulus selwer a senge Bréiwer op esou munch ganz schéin Platzen matgeholl. De Paulus, sou kann een et soen, huet ganz Griicheland kenne geléiert an huet op verschiddene Platzen chrëschtlech Gemeinschafte gegrënnt. D’Buch vum Christophe vom Brocke féiert een op all dës Platzen a beschreift, wat een haut nach kann do gesinn a wéi sech déi eenzel Uertschaften, déi vum Paulus an de Bréiwer oder déi an der Apostelgeschicht erwäänt sinn, entwéckelt hunn. Munch Uertschaften sinn haut just nach Ruinestiedt, wou Archeologen Ausgruewungen maachen. Anerer awer och si bedeitend Groussstied. Ganz gutt beschreift den Auteur a sengem Reiseführer dës markant historesch Platzen an entféiert een an d’Zäit vun den éischte Chrëschten. Dëst Buch léist dreemen a mécht engem Mutt vläicht déi nächst Vakanz esou ze plangen, dass een niewent Strand a Party och emol esou eenzel historesch wichteg Platzen opsicht an sech do un d’Ufäng vun eiser Reliounsgemeinschaft erënnere léist. Wann ee eispillsweis emol eng Kéier zu Athen um Areopag steet an dann do dem Paulus seng sougenannten Areopagried, déi an der Apostelgeschicht 17, 22-31 iwwerliwwert ass, liest, da kritt déi ganz biblesch Botschaft schon eng ganz aner a vill méi konkret Bedeitung. Oder wann een zu Korinth an de Ruinen vun der historescher Stad ronderëm geet an sech virstellt, dass do de Paulus och gaangen ass, da fillt een sech all deenen bibleschen Schrëften duerchaus ee Stéck méi no. Op alle Fall war ech héich motivéiert, wéi ech dëst Buch duerchgelies hunn an hu mir virgeholl och mol erëm eng Kéier a Griicheland ze reesen an de Spueren vum Paulus nozegoen.
Christophe vom Brocke, Griechenland, EVAs Biblische Reiseführer, Leipzig 2007, 280 Seiten, 16,80 €

Carlo Morbach

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement