Unfassbar verschwenderisch

Astronomische Psalmen


Home Back Print Kontakt


Mir liewen haut an enger Zäit, wou mir vill op eis Ëmwelt beduecht sinn a wou mir als Mënsche mengen, mir kéinten eis Welt retten doduerch, dass mir dëst an dat anescht maachen wéi fréier Generatiounen. Eist Bewosstsinn fir eis Welt huet sech an deem Punkt ganz sécher radikal geännert. Dat ass sécherlech ganz richteg a gutt esou. An awer iwwerkënnt mech ëmmer nees esou ee Gefill, dass mir als Mënschen dach nëmmen een äusserst bescheidenen Deel zum Ganzen vum Universum bäidroen a virun allem, dass all dat, wat mir maachen oder net maachen, kaum eng Auswierkung op dat Ganzt vum Universum huet. Sécher ass eis Äerd duerch eis an eng gewëssen Nout geroden. Mä läit dat net och an der ganzer Evolutioun schonn dran? Wie seet eis dann, dass mir falsch leien? Kann et net och esou sinn, dass dat eben de Wee vun der Evolutioun un sech ass? Si mir als Mënschen, ass eis Äerd net nëmmen ee kléngen an einfach onbedeitenden Moment am Laf vun der Evolutioun vum Kosmos am Ganzen? Hale mir eis wierklech nach ëmmer fir d’Kroun vun der Schëpfung?

Ech hunn dëst klengt Buch vum Arnold Benz entdeckt a mat Genoss gelies. De Benz ass emeritéierten Professer vum Institut fir „Teilchen- und Astrophysik“ vun der ETH Zürech. Hien huet a sengem Liewen vu der Fuerschung an dësem Beräich esou munch mol wuel kënnen dach staunen a sech Froe stellen iwwer de Sënn an den Zweck vun der Welt, dem Kosmos a vun eisem Liewen als Mënschen an der Welt. Seng Texter si gedroen vun engem ganz déiwen Respekt virun dem Kosmos a dem Liewen a si loossen hien och ëmmer nees d’Fro no Gott stellen. Mech huet et beréiert, jo begeeschtert, wéi een héich studéierte Mënsch sech esou déif Gedanken mécht iwwer eis Konditioun vun der Welt am Ganzen.

Ech hu mech um Enn vum Liesen ebe just gefrot, op mir iwwerhaapt eppes kënne verstoen vun der Gréisst vum Kosmos. Kënne mir als kleng Mënschen, déi jo nu wierklech fir dat Ganzt kaum vu Bedeitung sinn, iergend eppes veränneren a beaflossen? Mécht et Sënn sech esou ze engagéieren fir eppes, wat um Enn absolutt guer net an eiser Muecht steet? „Das viele Neue kann nur entstehen, weil Altes stirbt. Aus Asche alter Sterne werden Planeten, Lebewesen, Menschen. Das Sterben schafft Platz für Neues.“ (S. 26) Ass dat net ee grondleeënd Prinzip vum Kosmos iwwerhaapt? „Auf Karfreitag folgte Ostern. ... Aus Altem wurde Neues, das Grundmuster kosmischer Entwicklung.“ (S. 27) Ass dat net wierklech ze bedenken? Grad an eiser Zäit menge mir, mir kéinten Afloss huelen. Awer ass dat méiglech? Si mir do net all ze vill iwwerhieflech an eisem klengen mënschlechen Denken, an eisem politeschen Handelen?

Dëst klengt Buch mat sengen Texter gëtt eigentlech ee gudde Abléck an d’Welt vun der Erfuerschung vun der Welt. Ëmmer nees weist den Auteur seng Passioun fir säi Fuerschungsberäich a léist awer och seng Froen opkommen.An um Enn vun all Text steet dann eben d’Fro no Gott. An och d’Fro no deem, wat op eis duerkënnt: „Die Zukunft ist offen, kommt auf mich zu wie ein Strom aus einer unerschöpflichen Quelle, ab und zu wie ein Tsunami.“ (S. 65) „Die Welt ist farbig wegen Quantensprüngen in winzigen Molekülen. Der Riss in der Mauer verursacht die Farbenpracht der riesigen interstellaren Wolken. Kein Durchblick auf Göttliches, jedoch ein Zeichen, dass hinter der Mauer ein Geheimnis liegt.“ (S. 79)

Eng Rei Biller vum Kosmos lueden an, fir ze meditéieren an ze staunen. Ech ka nëmme roden, fir sech Zäit ze huelen an iwwer dem Benz seng Gedanken nozedenken.

Carlo Morbach


Arnold Benz: Unfassbar verschwenderisch Astronomische Psalmen Theologischer Verlag Zürich 2023, 95 Seiten, 22,- €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement