E Wuert fir de Samschdeg de 25.4.2020

Fest vum Evangelist Markus


Home Back Print Kontakt

Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Petrus. (1 Petr 5, 5b-14)
Schwestern und Brüder! 5Begegnet einander in Demut! Denn Gott tritt den Stolzen entgegen, den Demütigen aber schenkt er seine Gnade. 6Beugt euch also in Demut unter die mächtige Hand Gottes, damit er euch erhöht, wenn die Zeit gekommen ist. 7Werft alle eure Sorge auf ihn, denn er kümmert sich um euch. 8Seid nüchtern und wachsam! Euer Widersacher, der Teufel, geht wie ein brüllender Löwe umher und sucht, wen er verschlingen kann. 9Leistet ihm Widerstand in der Kraft des Glaubens! Wisst, dass eure Brüder in der ganzen Welt die gleichen Leiden ertragen müssen! 10Der Gott aller Gnade aber, der euch in Christus zu seiner ewigen Herrlichkeit berufen hat, wird euch, die ihr kurze Zeit leiden müsst, wieder aufrichten, stärken, kräftigen und auf festen Grund stellen. 11Sein ist die Macht in Ewigkeit. Amen. 12Durch den Bruder Silvanus, den ich für treu halte, habe ich euch kurz geschrieben; ich habe euch ermahnt und habe bezeugt, dass dies die wahre Gnade Gottes ist, in der ihr stehen sollt. 13Es grüßen euch die Mitauserwählten in Babylon und mein Sohn Markus. 14Grüßt einander mit dem Kuss der Liebe! Friede sei mit euch allen, die ihr in Christus seid.

Haut, um Festdag vum Hellege Markus proposéiert d’Kierch eng Liesung aus dem 1. Péitrusbréif. Et ass eng vun deenen 3 Plazen am Neien Testament wou de Markus mam Numm erwäänt gëtt. Wien war de Markus oder de Johannes Markus, wéi vun him an der Apostelgeschicht geschwat gëtt? Laut der kierchlecher Traditioun war hien e Jong vu Jerusalem, den sech fir d’éischt op de Wee mam Barnabas a mam Paulus gemaach huet fir déi 1. Missiounsrees op Zypern. (Apg 13,5.13) Duerno ass hien mam Barnabas ouni de Paulus ënnerwee. (Apg 15,37-39). Déi fréikierchlech Traditioun erzielt eis, dass de Markus och de Petrus begleet hätt, souguer bis op Roum. Do huet de Markus gelauschtert op dat, wat de Petrus iwwer de Jesus erzielt huet, wéi de Jesus geschwat a gewierkt huet a Galiläa an zu Jerusalem. Géint Enn vun de Siwwenzeger Joren vum 1. Jh warscheinlech huet de Markus entscheet, fir dat alles opzeschreiwen an huet domat en éischte katecheetesche Wee zu der Aféierung an de Glawen vun den éischte Chrëschte gezeechent. Dat Wierk gëtt als Evangelium, Frou Botschaft bezeechent an ass warscheinlech dat eelst vun de 4 Evangelien.
Haut mécht de Markus eng Missiounsrees bäi eis.
Den Text aus dem Pétrusbréif gëtt eis en Trouschtwuert, e Wuert wat eis soll Courage maachen. Mir sti wéi d’Adressate vun deemools an enger Noutsituatioun. Mir kënnen wielen, wéi mir domat ëmginn: Loosse mir eis decouragéieren, wann et schwéier gëtt? Si mir bereet, de Wee vum Confinement mat Geloossenheet an och mat Besonnenheet ze goen? Mir sinn , jiddereen a sengem Haus, op senger Platz zesummen ënnerwee, och wa mir eis net gesinn. Wa mir d’Leed eescht huelen, virsiichteg sinn, grad da begéine mir enaner an Demut. Et ass sécher nët einfach, mee mir si gestäerkt duerch d’Botschaft vu Jesus Christus. Loosse mir eis motivéiere vu senger Frouer Botschaft vum Trouscht a vum Courage? Kann eise Glawen eis stäerken? Och fir eis gëllt jiddefalls: Friede sei mit euch allen, die ihr in Christus seid. (1Petr 5,14b)

Seigneur, avec toi nous irons au désert,
Poussés comme toi par l’Esprit,
Et nous mangerons la Parole de Dieu,
Et nous choisirons notre Dieu,
Et nous fêterons notre Pâque au désert:
Nous vivrons le désert avec toi.

Seigneur, nous irons au désert pour prier,
Poussés comme toi par l’Esprit,
Et nous goûterons le silence de Dieu,
Et nous renaîtrons dans la joie,
Et nous fêterons notre Pâque au désert:
Nous irons dans la force de Dieu.

Prions pour ceux qui ont perdu les repères dans la vie, pour ceux qui se sentent abandonné par Dieu et les hommes, pour ceux qui ont perdu courage, qu’ils voient à la fin du désert la lumière de la Bonne Nouvelle de Jésus Christ qui les mène vers une joie profonde, une joie qui leur montre un chemin.

Josiane Mirkes
Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat vun haut fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement