23. Sonndeg am Joereskrees A - 9./10.9.2023


Home Back Print Kontakt

23. Sonndeg am Joereskrees A - 9./10.9.2023 - (C) Carlo Morbach - 6.9.2023

23. Sonndeg am Joereskrees A - 9./10.9.2023


Léif Matchrëschten! Vläicht kann een d’Texter vun der Mass vun haut ënner dem Thema vu Mutt maachen a Rotschléi fir ee chrëschtlecht Liewen betruechten. Dozou gehéiert och, dass ee munchmol eppes Onangeneemes muss soen oder an eng bestëmmten Situatioun muss agräifen éier si eskaléiert. Awer et gëtt natierlech och eng ganz däitlech Viraussetzung. Déi kann een dann aus dem offiziellen Dagesgebiet vun haut erausliesen: Gott huet eis als seng Kanner ugeholl, heescht et. Mir liewen deemno aus senger Léift eraus, vun senger Léift gedroen. Froe mir ëm eiser Här säin Erbaarmen:


Här Jesus Christus, du bass an eiser Mëtt. Här, erbaarm dech eiser.

Du féiers eis aus der Angscht an d’Fräiheet. Christus, erbaarm dech eiser.

Du erfëlls eis mat dem Geescht vum Liewen. Här, erbaarm dech eiser.


Dagesgebiet


Gudde Gott, du hues eis duerch déi Jong Jesus Christus erléist an als deng Kanner ugeholl. Kuck voll Guttheet op all, déi u Christus gleewen, a schenk hinnen déi echt Freed an déi éiweg Ierfschaft. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen.


Dieu qui as envoyé ton Fils pour nous sauver et pour faire de nous tes enfants d'adoption, regarde avec bonté ceux que tu aimes comme un père; puisque nous croyons au Christ, accorde-nous la vraie liberté et la vie éternelle. Par Jésus Christ.


Gott und Vater, unseres Herrn Jesus Christus, wir sind im Namen deines Sohnes versammelt. Er ist mitten unter uns. Lass uns aus der Freude des Evangeliums leben. Darum bitten wir dich durch Jesus Christus, deinen Sohn und unseren Bruder, der mit dir und dem Heiligen Geist in unserer Mitte lebt jetzt und in Ewigkeit.


Liesungen: Ez 33,7-9 / Röm 13, 8-10 / Mt 18, 15-20


Lesung aus dem Buch Ezéchiel.

So spricht der Herr: Du Menschensohn, ich habe dich dem Haus Israel als Wächter gegeben; wenn du ein Wort aus meinem Mund hörst, musst du sie vor mir warnen. Wenn ich zum Schuldigen sage: Schuldiger, du musst sterben! und wenn du nicht redest, um den Schuldigen vor seinem Weg zu warnen, dann wird dieser Schuldige seiner Sünde wegen sterben; sein Blut aber fordere ich aus deiner Hand zurück. Du aber, wenn du einen Schuldigen vor seinem Weg gewarnt hast, damit er umkehrt, und er sich nicht abkehrt von seinem Weg, dann wird er seiner Sünde wegen sterben; du aber hast dein Leben gerettet.


Kv.: Hört auf die Stimme des Herrn; verhärtet nicht euer Herz!

Kommt, lasst uns jubeln dem Herrn, *
jauchzen dem Fels unsres Heiles!
Lasst uns mit Dank seinem Angesicht nahen, *
ihm jauchzen mit Liedern! – (Kv)
Kommt, wir wollen uns niederwerfen, uns vor ihm verneigen, *
lasst uns niederknien vor dem Herrn, unserm Schöpfer!
Denn er ist unser Gott, / wir sind das Volk seiner Weide, *
die Herde, von seiner Hand geführt. – (Kv)
Würdet ihr doch heute auf seine Stimme hören! /
Verhärtet euer Herz nicht wie in Meríba, *
wie in der Wüste am Tag von Massa!
Dort haben eure Väter mich versucht, *
sie stellten mich auf die Probe und hatten doch mein Tun gesehen. – Kv


Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom.

Schwestern und Brüder! Niemandem bleibt etwas schuldig, außer der gegenseitigen Liebe! Wer den andern liebt, hat das Gesetz erfüllt. Denn die Gebote: Du sollst nicht die Ehe brechen, du sollst nicht töten, du sollst nicht stehlen, du sollst nicht begehren! und alle anderen Gebote sind in dem einen Satz zusammengefasst: Du sollst deinen Nächsten lieben wie dich selbst. Die Liebe tut dem Nächsten nichts Böses. Also ist die Liebe die Erfüllung des Gesetzes.


Halleluja. Halleluja. Gott hat in Christus die Welt mit sich versöhnt und uns das Wort von der Versöhnung anvertraut. Halleluja.


Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus.

In jener Zeit sprach Jesus zu seinen Jüngern: Wenn dein Bruder gegen dich sündigt, dann geh und weise ihn unter vier Augen zurecht! Hört er auf dich, so hast du deinen Bruder zurückgewonnen. Hört er aber nicht auf dich, dann nimm einen oder zwei mit dir, damit die ganze Sache durch die Aussage von zwei oder drei Zeugen entschieden werde. Hört er auch auf sie nicht, dann sag es der Gemeinde! Hört er aber auch auf die Gemeinde nicht, dann sei er für dich wie ein Heide oder ein Zöllner. Amen, ich sage euch: Alles, was ihr auf Erden binden werdet, das wird auch im Himmel gebunden sein, und alles, was ihr auf Erden lösen werdet, das wird auch im Himmel gelöst sein. Weiter sage ich euch: Was auch immer zwei von euch auf Erden einmütig erbitten, werden sie von meinem himmlischen Vater erhalten. Denn wo zwei oder drei in meinem Namen versammelt sind, da bin ich mitten unter ihnen.


Lecture du livre du prophète Ézékiel.

La parole du Seigneur me fut adressée: «Fils d’homme, je fais de toi un guetteur pour la maison d’Israël. Lorsque tu entendras une parole de ma bouche, tu les avertiras de ma part. Si je dis au méchant: ‘Tu vas mourir’, et que tu ne l’avertisses pas, si tu ne lui dis pas d’abandonner sa conduite mauvaise, lui, le méchant, mourra de son péché, mais à toi, je demanderai compte de son sang. Au contraire, si tu avertis le méchant d’abandonner sa conduite, et qu’il ne s’en détourne pas, lui mourra de son péché, mais toi, tu auras sauvé ta vie.»


R/ Aujourd’hui, ne fermez pas votre cœur, mais écoutez la voix du Seigneur!

Venez, crions de joie pour le Seigneur,
acclamons notre Rocher, notre salut !
Allons jusqu’à lui en rendant grâce,
par nos hymnes de fête acclamons-le !

Entrez, inclinez-vous, prosternez-vous,
adorons le Seigneur qui nous a faits.
Oui, il est notre Dieu ;
nous sommes le peuple qu’il conduit.

Aujourd’hui écouterez-vous sa parole ?
« Ne fermez pas votre cœur comme au désert,
où vos pères m’ont tenté et provoqué,
et pourtant ils avaient vu mon exploit. »


Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains.

Frères, n’ayez de dette envers personne, sauf celle de l’amour mutuel, car celui qui aime les autres a pleinement accompli la Loi. La Loi dit: Tu ne commettras pas d’adultère, tu ne commettras pas de meurtre, tu ne commettras pas de vol, tu ne convoiteras pas. Ces commandements et tous les autres se résument dans cette parole: Tu aimeras ton prochain comme toi-même. L’amour ne fait rien de mal au prochain. Donc, le plein accomplissement de la Loi, c’est l’amour.


Alléluia. Alléluia. Dans le Christ, Dieu réconciliait le monde avec lui: il a mis dans notre bouche la parole de la réconciliation. Alléluia.


Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu.

En ce temps-là, Jésus disait à ses disciples: «Si ton frère a commis un péché contre toi, va lui faire des reproches seul à seul. S’il t’écoute, tu as gagné ton frère. S’il ne t’écoute pas, prends en plus avec toi une ou deux personnes afin que toute l’affaire soit réglée sur la parole de deux ou trois témoins. S’il refuse de les écouter, dis-le à l’assemblée de l’Église; s’il refuse encore d’écouter l’Église, considère-le comme un païen et un publicain. Amen, je vous le dis : tout ce que vous aurez lié sur la terre sera lié dans le ciel, et tout ce que vous aurez délié sur la terre sera délié dans le ciel. Et pareillement, amen, je vous le dis, si deux d’entre vous sur la terre se mettent d’accord pour demander quoi que ce soit, ils l’obtiendront de mon Père qui est aux cieux. En effet, quand deux ou trois sont réunis en mon nom, je suis là, au milieu d’eux.»


Priedegt


Wenn dein Bruder gegen dich sündigt, dann geh und weise ihn unter vier Augen zurecht!” (Mt 18, 15a) - “Du Menschensohn, ich habe dich dem Haus Israel als Wächter gegeben.” (Ez 33, 7a) Mir kennen et all: do ass ee gudde Bekannten, dee mécht Dommheeten. Mä wéi him et bäibréngen, dass dat net besonnesch ass? Wéi soen ech him, dass hien sech soll änneren? Iwwerall, op am Privaten oder op der Aarbecht, begéine mir des Fäll, wou mir eigentlech missten eppes soen, awer eben net wëssen, wéi dat soll goen.


An eiser Gesellschaft haut, do erliewe mir elo allerdéngs eng ganz nei Form vun “Zurechtweisung”. An de soziale Medien gëtt ganz séier iwwer aner Mënschen hier gezunn, déi scheinbar an eisen Aen um falsche Wee sinn. Verleumdungen, Beschëllegungen, béiswëlleg Ënnerstellungen a Blaméieren sinn do un der Dagesuerdnung. Alles, och dee klengste Feeler kann engem Mënsch d’Genéck briechen an hien virun der ganzer Welt zu engem Onmënsch maachen. Mir si séier do fir een ze verurteelen. Nom Hannergrond an op et wierklech esou ass, froe mir ganz dacks net.


Dem Jesus seng Uweisung haut am Evangelium ass un sech ee gudde Wee. Wann een ee Feeler gemaach huet, da soll een dat als éischt versichen am klenge Krees ze léisen. Et muss net ëmmer alles direkt un déi grouss Klack gehaange ginn. Wa mir eis bewosst sinn, dass jiddereen och Feeler mécht, da liicht et eis an, dass mir ganz einfach op engem niddrege Profil sollte fueren an eben an aller Bescheidenheet de Problem do léisen, wou en ass an net virun der Ëffentlechkeet. Wann dat elo keen Erfolleg huet, jo, da kann een, wéi de Jesus et beschreift, weider Schrëtt aleeden.


D’Liturgie presentéiert eis haut als altestamentlech Liesung e puer Sätz vum Ezechiel. Si sollen am Dialog mam Evangelium vun haut gelies ginn. Natierlech misst een elo de Kontext vun der Liesung am Buch vum Ezechiel méi genee ënnersichen. Mä Intentioun vun der Weil vun dëse kuerze Sätz ass dann dach zimmlech däitlech. Si trëfft net onbedéngt déi wierklech an ursprénglech Bedeitung am Buch vum Ezechiel.


Den Ezechiel soll d’Vollek viru Gott a senger Strof warnen. Als Wiechter kënnt him d’Aufgab zou, dass hien d’Vollek genee beobacht an et viru falschen Weeër an Entscheedungen warnt. Well wann d’Vollek sech an eng net gutt Richtung entwéckelt, da muss Gott agräifen an d’Vollek bestrofen. An deem Sënn muss den Ezechiel also d’Vollek viru Gott selwer warnen. Gott wëll jo am Fong net strofen, mä wann et awer sou kënnt, dass massiv Feeler geschéien, da muss hien agräifen. Fir dëst Agräifen mat enger Strof awer ze vermeiden, ass et dem Ezechiel seng Aufgab ëmmer erëm genee ze kucken a fréizäiteg op Feeler hinzeweisen.


Do si mir dann op dem Punkt, deen eng Verbindung zum Evangelium mécht. Wéi dacks gesi mir Mënschen, déi ganz offensichtlech um falsche Wee sinn. Ass et do net och eis Aufgab, fir als Wiechter si dorop hinzeweisen, si ze warnen, hinnen ze hëllefen ee bessere Wee am Liewen ze goen? Ass et net och eng Fro vu Schold oder Matschold, wann ee gesäit, dass ee Matmënsch ganz däitlech sech selwer ruinéiert, an et seet een näischt? Den Ezechiel gëtt an eiser Liesung selwer an d’Verantwortung geruff. Wann hien näischt seet, dann ass hien mat schold. (Ez 33, 8)


D’Evangelium vun haut ass, zesummen mat der Liesung vum Ezechiel, wuel esou ausgewielt, dass si dohin tendéiert, dass eis Kierch déi Positioun als Wiechter anzehuelen huet an dass si déi och vu Christus iwwerdroe kritt huet. Ech weess net, op dat awer esou richteg soll sinn. Ass et wierklech just d’Kierch, déi fest leet, wat richteg oder falsch ass? Wéi dacks an der Geschicht huet sech grad op deem Niveau eppes missten änneren? Villes, wat mir haut als selbstverständlech huelen, war fréier laut der Kierch vum Béisen. Dofir musse mir äusserst virsiichteg sinn, wa mir urteelen a wa mir ee Mënsch als net kathoulesch beispillsweis anuerdnen. Wat ass scho wierklech richteg? Wat wëll Gott wierklech vun eis? Dat ass nach laang net esou liicht gesot, wéi et ëmmer nees grad haut erëm vun ultra konservativen Katholicken behaapt gëtt.


Dass mir als eenzel gleeweg Mënschen an dass eis Kierch als Gemeinschaft duerchaus sollten an eiser Gesellschaft genee hikucken, wa Saachen sech an eng net gutt Richtung entwéckelen, ass, mengen ech, kloer. Awer mir musse schonn oppassen, wa mir behaapten esou an net anescht huet Gott et gewollt. Wie ka scho soen, dass Gott eppes genee esou wollt? Am Buch vun der Weisheet heescht et: “13 Denn welcher Mensch kann Gottes Plan erkennen oder wer begreift, was der Herr will? 14 Unsicher sind die Überlegungen der Sterblichen und einfältig unsere Gedanken.” (Weish 9, 13-14)


Et gi mat Sécherheet offensichtlech Feeler, déi ee Mënsch ka maachen. Allerdéngs si vill Feeler, wou mir als Kierch oder als Chrëschten behaapten, dass Gott et net esou wollt, guer net esou kloer. Verurteelungen sinn dofir ëmmer eng zimmlech schlecht Manéier mat engem Mënsch ëmzegoen. D’Gespréich ass de Wee, wéi een zu enger Léisung fënnt. Wann ech eng Léier aus dem Evangelium vun haut eraus huelen, dann ass déi, dass mir ëmmer nees mussen matenaner schwätzen an zesummen no Léisunge sichen, dass mir och ëmmer nees musse versichen eisem Matmënsch seng Beweeggrënn ze verstoen, dass mir seng Argumenter lauschteren. Dat war dem Jesus säi Wee. Dat muss och eise sinn am perséinlechen Ëmfeld, an eiser Kierch an an eiser Gesellschaft.


Fürbitten


D’Welt ass voll vu Problemer, déi mir net léise kennen. Mir froen den Härgott em seng Hëllef:

* Mir biede fir d’Mënschen, déi an der Ëffentlechkeet d’Soen hunn a d’Meenung vu villen Zäitgenosse bilden, datt hiert Wierken ëmmer geleet ass vum Respekt virun der Würd vu jidder Mënsch. Härgott, héier eis.


* Mir bieden fir all Vertrieder vun der Kierch, déi dagdeeglech am Rampeliicht stinn, datt si déi richteg Wieder fannen an ee glafwürdeg Zeechen ginn.


* Mir bieden fir all Mënschen, déi op hirer Platz am Alldag versichen hir chrëschtlech Iwwerzeegung zum Ausdrock ze bréngen, datt si d’Kraaft an de Mutt dozou net verléieren.


* Mir bieden fir all déi Mënschen, déi ee schwéiert Lous ze droen hunn, déi Krank a Behënnert, déi Enttäuscht an Ausgestoussen vun der Gesellschaft, datt si duerch gutt Mënsche getréischt ginn an nei Liewensfreed fannen.


* Mir bieden fir all verfeint Mënschegruppen, datt si de Wee zum Fridden a Respekt fannen.


* Mir bieden fir déi jonk Mënschen, déi nach op der Sich no engem eegene Liewenswee sinn, datt si Hëllef a gudde Rot fannen.


* Mir bieden fir all eis Verstuerwen, datt si béi dir Härgott gutt opgehuewe sinn.


Gudde Gott, duerch déi Jong Jesus Christus, hues du eis ee gudden Wee duerch d’Liewe gewisen. Dofir soe mir dir Merci a luewen an éieren dech elo an an all Éiwegkeet. Amen.


II.


Dieu promet une réponse à nos requêtes lorsque nous nous mettons d’accord sur ce que nous voulons demander. Forts de cette promesse, osons lui présenter nos intentions au sujet des besoins universels de nos frères et sœurs. Seigneur, réponds à notre requête.

Prions pour l’Église; animée du souffle de la charité et de la force de l’Esprit, qu’elle continue à dénoncer les injustices et les incohérences humaines.

Prions les personnes qui nous gouvernent; qu’elles le fassent avec sagesse et amour, dans le souci de garder l’unité, la justice et la paix.

Prions pour les gens qui ne connaissent pas l’Évangile; qu’ils soient touchés par l’amour du Père et qu’ils puissent en être transformés.

Prions pour notre communauté chrétienne; que la grâce de l’Évangile du Christ la soutienne dans ses démarches et relations fraternelles.

Dieu notre Père, toi qui as manifesté ton amour universel en nous donnant le Christ et son Esprit, écoute nos prières et daigne les exaucer, par le Christ, notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca/)


Gowegebiet


Här, eise Gott, du schenks eis de Fridden an du gëss eis d’Kraaft, fir dir opriichteg ze dengen. Looss eis dech duerch eis Gowen éieren a looss eis duerch d’Deelhuelen un deem enge Brout an deem enge Kellech och eng eenzeg grouss Gemeinschaft ginn. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.


Dieu qui donnes la grâce de te servir avec droiture et de chercher la paix, fais que cette offrande puisse te glorifier, et que notre participation à l'eucharistie renforce les liens de notre unité. Par Jésus.


Guter Gott, du hast dein Volk in der Wüste mit Manna gespeist und Wasser fließen lassen aus dem Felsen. Du willst auch uns speisen am Tisch deines Sohnes. Nimm die Gaben an, die wir für dieses Mahl bereitet haben. Durch Christus, unsern Herrn.


Präfation – „Du verlässt uns nie“


Gott und Vater, wir wenden uns an dich,
weil wir durch Jesus, deinen geliebten Sohn, wissen,
dass du der Gott bist, der sich verschenkt, der mit uns ein Fest feiern will,
der uns durch einen Bund Frieden und Wahrheit zusichert.
An dich wenden wir uns, weil du uns nie verlässt,
weil du immer zur Barmherzigkeit bereit bist und uns so annimmst, wie wir sind.
Du überhäufst uns mit deiner Liebe, du bewahrst uns und lädst uns ein,
voranzuschreiten auf dem Weg der Solidarität mit allen Menschen,
wie es uns unser Herr Jesus Christus vorgelebt hat.
Durch ihn preisen wir dich jetzt und in Ewigkeit
und singen voll Freude das Lob deiner Herrlichkeit:

Sanctus


Hochgebet – „Versöhnung IV“

(Nach dem Sanctus fährt der Priester fort)
Herr, unser Gott, wir wollen versuchen, zu dir zu beten, dir zu danken,
weil es bei uns nicht ganz finster ist, weil wir ein Stück Sonne,
einen Silberstreif Versöhnung gesehen haben in deinem Sohn Jesus Christus.

Wir sehnen uns nach Versöhnung, nach Sonne, nach Licht,
wie die Völker vieler Kulturen die Sonne gesucht haben
in Freude und Furcht, mit lautem Lobpreis und ehrfürchtigem Schweigen.

Wir danken dir für Jesus, der uns einen Weg gezeigt hat,
wie wir unser Leben erhellen können, wie wir füreinander Sonne sein können,
wie wir Frieden machen und Versöhnung stiften können.

Wir wissen, dass noch viel Dunkelheit, viel Unversöhnlichkeit auf der Erde lastet,
dass Menschen keine Sonne sehen, weil Angst und Misstrauen,
Egoismus und Machtgier ihr Leben verdunkeln.

Darum bitten wir um den Geist Jesu, dass er uns freimache,

damit wir offen werden füreinander, damit wir zu Strahlen der Liebe werden.

Dieser Geist Jesu soll, so bitten wir, unter uns und über Brot und Wein + lebendig werden,
wenn wir jetzt tun, wie er, Jesus, damals getan hat.

Da er die Seinen liebte, die in der Welt waren, liebte er sie bis zur Vollendung.
Und als die Stunde kam, dass er von dir verherrlicht werde,
nahm er beim Mahl das Brot und sprach den Segen, brach es
und reichte es seinen Jüngern mit den Worten:


NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB, DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.


Ebenso nahm er den Kelch mit Wein,
dankte und reichte ihn seinen Jüngern mit den Worten:


NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH DES NEUEN UND EWIGEN BUNDES.
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.


Darum verkünden wir hier und jetzt das Geheimnis des Glaubens ...
Akklamation

An ihn, deinen Sohn, unseren Bruder, Jesus Christus, denken wir,
aber auch an alle Menschen, die uns nahe sind, weil sie unser Leben erhellen.
Wir bitten für alle Menschen, besonders für jene,
die in ihrer Dunkelheit und Unversöhntheit allein gelassen werden,
damit wir alle spüren, dass die Dunkelheit keine Chance hat
gegen das Licht der Liebe und Versöhnung.

Wir bitten dich für die Kirche - insbesondere bitten wir
für unseren Papst Franziskus und die Gemeinschaft der Bischöfe -,
lass uns alle dein Evangelium in der Welt verkünden.

Treuer Gott, deinem Herzen vertrauen wir die Menschen an,
die wir geliebt haben und die gestorben sind.
Sei du ihnen die Heimat, nach der wir uns sehnen.
Breite bergend die Flügel deiner Gegenwart über die Sterbenden.

Zusammen mit der Gottesmutter Maria und allen Heiligen loben und preisen wir dich:
Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, 
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.
 


Vaterunser


Mat de Wierder vun eisem Här Jesus selwer wëll mir all Uleies vun eiser Zäit viru Gott, eise Papp bréngen: Vater unser im Himmel, …


Friddensgebiet


Fridden kann nëmmen di entstoen, wou mir eis Verantwortung vis-à-vis vun eise Matmënschen iwwerhuelen. Dat dat eis awer och munches ofverlaangt, ass eis allen Kloer. Dofir biede mir: Här Jesus, kuck net op eis Feeler, mä op eise gudde Wëllen a schenk eis all däi Fridden.


Schlussgebiet


Här, eise Gott, an dengem Wuert a Sakrament gëss du eis Nahrung a Liewen. Looss eis duerch dës grouss Gowen an der Léift wuessen an zur éiweger Gemeinschaft mat dengem Jong Jesus Christus kommen, hien, dee mat dir lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen.


Par ta parole et ton pain, Seigneur, tu nourris et fortifies tes fidéles: accorde-nous de si bien profiter de ces dons que nous soyons associés pour toujours à la vie de ton Fils. Lui qui règne.


Guter und treuer Gott, im Mahl deines Sohnes lässt du uns immer neu teilnehmen am Leben der kommenden Welt. Dafür danken wir dir und bitten dich: Der Geist, den wir empfangen haben, halte in uns die Hoffnung lebendig und leite uns an zu Taten der Liebe, bis du deine Schöpfung vollenden wirst durch Christus, unsern Herrn.


Mass vum 3. September
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 17. September

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement