Allerséilen 2.11.2020


Home Back Print Kontakt

Léif Matchrëschten! Op et mat deem eegenen Doud ganz eriwwer ass, oder op et iergendwéi weidergeet an och wéi et weidergeet, dat si schonn an der Bibel an doriwwer eraus déi bedeitend Froen, déi sech d’Mënschen stellen. Eng vun deene wichtegsten Iddien, déi eise Glawen präägt, ass d’Hoffnung, dass et eng Opersteeung vun Doud gëtt, wéi och ëmmer déi soll ausgesinn. Allerséilen erënnere mir eis ganz däitlech un all eis Verstuerwen. Mir fillen eis mat esou ville Mënschen iwwert den Doud eraus verbonnen. Si sinn an eisem Denken. Si begleeden eis an der Erënnerung. Haut biede mir zu Gott, dass hien dat un hinnen wouer mécht, wat mir hoffen, ee Liewen nom Doud am Fridden an an der Léift. Loosse mir säin Erbaarmen fir si an eis uruffen.

Här Jesus Christus, du bass d’Quell vum Liewen.
Här Jesus Christus, du bass deen éischten, dee vun den Doudegen operstanen ass.
Här Jesus Christus, du bass d’Zil vun eisem ierdesche Liewen.

Dagesgebiet

Allmächtegen an éiwege Gott, mir gleewen a bekennen, datt’s du déi Jong als Éischten vun den Doudegen erwächt hues. Stäerk eis Hoffnung, datt’s du och eis Bridder a Schwësteren operstoe léis zum éiwege Liewen. Dorëms biede mir dech duerch Christus, eisen Här. Amen.

oder
Här eise Gott, du bass d’Liicht vun deene Gleewegen an d’Liewe vun dengen Hellegen. Du hues eis duerch den Doud an d’Opersteeung vun dengem Jong erléist. Kuck a Gnod op all eis Verstuerwen, déi d’Geheimnis vun eiser Opersteeung gleeweg bekannt hunn, a looss fir éiweg deng Herrlechkeet gesinn. Dorëms biede mir dech duerch Christus, eisen Här. Amen.

Écoute nos prières avec bonté, Seigneur : fais grandir notre foi en ton Fils ressuscité des morts, pour que soit plus vive aussi notre espérance en la résurrection de tous nos frères défunts.

Liesungen: Ijob 19,1.23-27a / Röm 14,7-9.10c-12 / Joh 6, 37-40

Lesung aus dem Buch Ijob.
Ijob sprach: Würden meine Worte doch geschrieben, würden sie doch in ein Buch eingeritzt, mit eisernem Griffel und mit Blei, für immer gehauen in den Fels. Doch ich, ich weiß: Mein Erlöser lebt, als Letzter erhebt er sich über dem Staub. Ohne meine Haut, die so zerfetzte, und ohne mein Fleisch werde ich Gott schauen. Ihn selber werde ich dann für mich schauen; meine Augen werden ihn sehen, nicht mehr fremd.

Kv. Der HERR ist mein Licht und mein Heil.
Der HERR ist mein Licht und mein Heil: *
Vor wem sollte ich mich fürchten?
Der HERR ist die Zuflucht meines Lebens: *
Vor wem sollte mir bangen? Kv
Eines habe ich vom HERRN erfragt, *
dieses erbitte ich:
im Haus des HERRN zu wohnen *
alle Tage meines Lebens. Kv
Höre, HERR, meine Stimme, wenn ich rufe; *
sei mir gnädig und gib mir Antwort!
Mein Herz denkt an dich: Suchet mein Angesicht! *
Dein Angesicht, HERR, will ich suchen. Kv
Ich bin gewiss, zu schauen *
die Güte des HERRN im Land der Lebenden.
Hoffe auf den HERRN, / sei stark und fest sei dein Herz! *
Und hoffe auf den HERRN! Kv

Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom.
Schwestern und Brüder! Keiner von uns lebt sich selber und keiner stirbt sich selber: Leben wir, so leben wir dem Herrn, sterben wir, so sterben wir dem Herrn. Ob wir leben oder ob wir sterben, wir gehören dem Herrn. Denn Christus ist gestorben und lebendig geworden, um Herr zu sein über Tote und Lebende. Wir werden doch alle vor dem Richterstuhl Gottes stehen. Denn es steht geschrieben: So wahr ich lebe, spricht der Herr, vor mir wird jedes Knie sich beugen und jede Zunge wird Gott preisen. Also wird jeder von uns vor Gott Rechenschaft über sich selbst ablegen.

Halleluja. Halleluja. Gott hat die Welt so sehr geliebt, dass er seinen einzigen Sohn hingab, damit jeder, der an ihn glaubt, das ewige Leben hat. Halleluja.

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes.
In jener Zeit sprach Jesus: Alles, was der Vater mir gibt, wird zu mir kommen, und wer zu mir kommt, den werde ich nicht abweisen; denn ich bin nicht vom Himmel herabgekommen, um meinen Willen zu tun, sondern den Willen dessen, der mich gesandt hat. Das aber ist der Wille dessen, der mich gesandt hat, dass ich keinen von denen, die er mir gegeben hat, zugrunde gehen lasse, sondern dass ich sie auferwecke am Jüngsten Tag. Denn das ist der Wille meines Vaters, dass jeder, der den Sohn sieht und an ihn glaubt, das ewige Leben hat und dass ich ihn auferwecke am Jüngsten Tag.

Lecture du livre de Job.
Job prit la parole et dit: Ah, si seulement on écrivait mes paroles, si on les gravait sur une stèle avec un ciseau de fer et du plomb, si on les sculptait dans le roc pour toujours! Mais je sais, moi, que mon rédempteur est vivant, que, le dernier, il se lèvera sur la poussière; et quand bien même on m’arracherait la peau, de ma chair je verrai Dieu. Je le verrai, moi en personne, et si mes yeux le regardent, il ne sera plus un étranger.

R/ Ma lumière et mon salut, c’est le Seigneur, alléluia !
Le Seigneur est ma lumière et mon salut; de qui aurais-je crainte?
Le Seigneur est le rempart de ma vie; devant qui tremblerais-je? R
J’ai demandé une chose au Seigneur, la seule que je cherche :
habiter la maison du Seigneur tous les jours de ma vie. R
Écoute, Seigneur, je t’appelle! Pitié! Réponds-moi!
C’est ta face, Seigneur, que je cherche : ne me cache pas ta face. R
Mais j’en suis sûr, je verrai les bontés du Seigneur sur la terre des vivants.
«Espère le Seigneur, sois fort et prends courage; espère le Seigneur.» R

Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Romains.
Frères et soeurs! En effet, aucun d’entre nous ne vit pour soi-même, et aucun ne meurt pour soi-même: si nous vivons, nous vivons pour le Seigneur; si nous mourons, nous mourons pour le Seigneur. Ainsi, dans notre vie comme dans notre mort, nous appartenons au Seigneur. Car, si le Christ a connu la mort, puis la vie, c’est pour devenir le Seigneur et des morts et des vivants. Tous, en effet, nous comparaîtrons devant le tribunal de Dieu. Car il est écrit : Aussi vrai que je suis vivant, dit le Seigneur, tout genou fléchira devant moi, et toute langue proclamera la louange de Dieu. Ainsi chacun de nous rendra compte à Dieu pour soi-même.

Alléluia. Alléluia. Dieu a tellement aimé le monde qu’il a donné son Fils unique, afin que ceux qui croient en lui aient la vie éternelle. Alléluia.

Évangile de Jésus Christ selon saint Jean.
En ce temps-là Jésus disait aux foules: Tous ceux que me donne le Père viendront jusqu’à moi; et celui qui vient à moi, je ne vais pas le jeter dehors. Car je suis descendu du ciel pour faire non pas ma volonté, mais la volonté de Celui qui m’a envoyé. Or, telle est la volonté de Celui qui m’a envoyé: que je ne perde aucun de ceux qu’il m’a donnés, mais que je les ressuscite au dernier jour. Telle est la volonté de mon Père : que celui qui voit le Fils et croit en lui ait la vie éternelle; et moi, je le ressusciterai au dernier jour. »

Priedegt (2020)

Léif Matchrëschten! Den Dag vun Allerséilen, mat dem Besuch um Kierfecht, mat dem Undenken un eis Verstuerwen ass een Dag voller Suerg an och Nout. Do sinn esou vill Mënschen, déi mir mat grousser Trauer vermëssen. Ëmmer nees erliewe mir an eise Familljen, an eisem Frëndeskrees, an eiser Noperschaft, wéi Mënschen stierwen. Dacks ass dem Doud ee laange Leidenswee virop gaangen. Dacks awer och ass ee Mënsch duerch en Accident oder duerch soss een Ongléck einfach esou aus eiser Mëtt gerappt ginn. An dësen Zäiten, wou mir mat engem klengen béise Virus ze kämpfen hunn, maache mir eis Gedanken iwwert eng Krankheet, déi eis ganz onerwaart an déifsten Nout kéint féieren. An dann hu mir awer och an eiser Welt esou vill Leed an Doud, dee mir Mënsche selwer verschëlden: d’Kricher, d’Hongersnout, d’Flüchtlingskris. Wa mir déi schrecklech Biller vun Zerstéierung duerch Kricher a Streidereien gesinn, da kënne mir scho bal eise Glawen un ee gudde Gott ganz verléieren.

Beim Nodenken iwwert dësen Allerséilendag hunn ech déi biblesch Texter gekuckt, déi passend fir den Dag vun haut kéinte sinn. Ganz séier sinn ech bäi deem Text hänke bliwwen, dee mir als Liesung haut héieren hunn, en Abschnitt aus dem Buch Job. De Saz: „Ohne meine Haut, die so zerfetzte, und ohne mein Fleisch werde ich Gott schauen.“ (Ijob 19, 26), huet mech net méi lass gelooss. Dëse Saz gräift eng ganz schlëmm Situatioun vum Job an esou vun all Mënsch op. Wéi dacks gesi mir Biller vun Mënschen, déi duerch Krich a Krankheet hire Kierper zerstéckelt kritt hunn, wann ech dat esou dierf soen. Ass et net esou, wa mir ee Mënsch gesi leiden duerch eng Krankheet, dass dat eis esou änlech virkënnt. Wat ass de Mënsch? Wat ass hien, wann en an déi déifsten Nout kënnt? Mir gesinn esou dacks, wéi Mënschen a schwéiere Krankheeten bis op d’Haut ofhuelen. Mir gesi Mënschen, déi duerch Krankheeten zerfriess sinn um Kierper an dacks och un hirer Séil. De Job schwätzt hei an zimmlech drastesche Biller. An awer ass et aus der Realitéit vun der Nout vum Mënsch gegraff. D’Nout ass bäi ville Mënschen heiansdo riseg grouss.

Lo kéint een natierlech higoen an dëse Saz: „Ohne meine Haut, die so zerfetzte, und ohne mein Fleisch werde ich Gott schauen.“ als eng Flucht aus der Realitéit vum mënschleche Liewen interpretéieren. Ëmmer hin seet de Job jo, dass hien trotz sengem kapotte Kierper Gott wäert kucken. Mä et ass wuel net esou, dass de Job sech hei aus der ierdescher a mënschlecher Nout an een Dramland oder eng reliéis Fantasie flücht. Neen, et ass hei eng ganz kloer Entscheedung vum Job, fir d’Leed däitlech ze gesinn an dann an enger Glawensentscheedung ze iwwerwannen.

Dacks sti mir als Mënschen do a mir kënne ganz einfach net hëllefen. Mir kënnen d’Nout net léisen. Dat ass a bleift eng ganz schmäerzlech Erfarung vun eiser mënschlecher Konditioun. De Job kuckt dat mat groussen an offenen Aen. A mir selwer spieren et wuel och ganz déif an eis selwer. Bäi aller Matmënschlechkeet, an allen eisen Bezéiungen, och wann si nach esou no sinn, sou bleiwe mir um Enn dach ëmmer eleng an eiser Nout. De Schmäerz an d’Nout an eisem Kierper oder an eiser Séil kënne mir net deelen. Si gehéieren zu deem Perséinlechsten, wat et gëtt. Kee kann eis dës Nout ewech huelen. Am leschten bleift dofir ebe just nach d’Vertrauen a Gott. An och dëst Vertrauen kënne mir net einfach deelen. Gott ass och ganz perséinlech. Nëmmen ech selwer kann hien an der Nout esou gesinn, wéi ech. Keen aneren kann dat a menger Plaz maachen. „Ihn selber werde ich dann für mich schauen“ (Ijob 19, 27a), seet de Job.

Mir froen eis natierlech ëmmer nees, grad dann wa mir un eis Verstuerwen denken, wéi et dann nom Doud weidergeet. Wat geschitt do mat eis? Genee déi Fro ass net mat engem dogmateschen Léiersaz ze beäntwerten. Den Job gëtt eis hei eng ganz gutt Iddie, wéi een et kann denken. Eise mënschlechen an ierdesche Kierper zerfält. An dach ebe just och ouni dat alles, sou ass de Job iwwerzeegt, trëtt hien an an dës gëttlech Dimensioun, an en Dialog mat Gott selwer. De Job seet eis hei net wéi et ausgesäit, mä just dass et eng nei Begéinung mat Gott gëtt.

Wat heescht et dann elo fir eis? An deene leschte Wochen konnt een ëmmer emol de Saz héieren, dass mir d’Covid19-Krankheet net einfach aus der Welt eraus kréien. Mir misste léieren mat dem Virus ze liewen. Jo, ech denken, dass mir och mam Bléck op dat villfacht Leed an op den Doud vun esou ville Mënschen an eisem Ëmfeld genee esou mussen argumentéieren. Mir musse wéi de Job léieren mat dem Leed an der Nout eens ze ginn. Mir kréien dës Situatiounen ni aus eiser Welt. Awer mir kënnen léieren si ze begrenzen. Mir kënne léieren fir selwer kee Leed ze verursaachen. Mir kënne léieren ze hëllefen. An am leschten bleift dann d’Vertrauen, dass just eleng Gott herno iwwert all dëst Leed gewënnt. „Gottes Treue zum Menschen trägt schließlich den Sieg davon; in ihr enthüllt sich auch der letzte Sinn und der eigentliche Zugang zum Leid: Es ist der lebendige Stachel für die dauerhafte Hinwendung zu Gott, für die wirkliche Begegnung mit Gott.“ Amen.

Fürbitten I — Allerséilen

Zu Gott, dee fir eis d’Opersteeung an d’Liewen ass, komme mir mat allem, wat eis Häerzer nidder dréckt:

  • Tréischt all, déi haut um Graf vun engem léiwe Mënsch traueren, a schenk hinnen dat Vertrauen, dass du eis iwwert den Doud eraus an denger Léift gebuergen häls. Härgott, héier eis.
  • Stäerk all, déi duerch eng onheelbar Krankheet dem Himmel entgéint ginn, a looss si deng Hand spieren, déi si an een neit Liewen féiert. Härgott, héier eis.
  • Sief mat denger Léift bäi allen, déi hirem Liewen een Enn setze wëllen, a looss si Mënschen fannen, déi hinnen hëllefen, d’Freed um Liewen erëm zeréckzegewannen. Härgott, héier eis.
  • Huel all eis léif Verstuerwen op an däin himmlescht Räich a schenk hinnen do däi Fridden. Besonnesch denke mir haut och un ... . Härgott, héier eis.

Gott, eise Papp, mir soen dir Merci fir déi Dir zum Liewen, déi’s du eis an der Opersteeung vun dengem Jong opgemaach hues. Erbaarm dech eisen Verstuerwenen. Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus, eise Brudder an Här. Amen.

Fürbitten II — Allerséilen

Jésus nous a ouvert le passage de la mort à la vie. En son nom, nous prions Dieu pour tous nos frères et sœurs. Donne ta paix, Seigneur.

  • À ceux et celles qui ont accompagné cette année un être cher dans son passage vers la vie nouvelle, donne ta paix, Seigneur.
  • Aux chrétiens et aux chrétiennes angoissés ou révoltés par la réalité de la mort, donne ta paix, Seigneur.
  • Aux personnes qui souffrent et voient venir la fin dans la solitude, donne ta paix, Seigneur.
  • Aux enfants qui vont perdre un parent, aux parents qui ont perdu un enfant, donne ta paix, Seigneur.
  • À nous ici rassemblés qui croyons en la promesse de vie éternelle, donne ta paix, Seigneur.

Dieu notre Père, tu ne veux pas notre mort. Tu trouves ton bonheur et ta gloire dans la vie de tous tes enfants. Réalise ce que tu as promis et conduis-nous tous ensemble vers le Royaume éternel. Nous te le demandons par ton Fils, Jésus ressuscité et vivant, pour les siècles des siècles. Amen. (vieliturgique.ca)

Gowegebiet

Här, eise Gott, kuck an denger Guttheet op des Gowen. Huel all deng Frënn, eis Bridder a Schwësteren, op an d’Herrlechkeet vun dengem Jong, mat deem och mir duerch dat grousst Sakrament vun der Léift verbonne sinn. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

oder:
Allmächtegen a baarmhäerzege Gott, du hues all deng Frënn duerch d’Waasser vun der Daf gehellegt. Maach si am Blutt vu Christus fréi vun hire Senden a féier si voller Erbaarmen zu der leschter Vollendung béi dir. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Sois favorable à nos offrandes, Seigneur: que tous les fidèles défunts soient admis dans le Royaume avec ton Fils qui nous unit les uns aux autres par le mystère de son amour. Lui qui règne.

Schlussgebiet

Baarmhäerzege Gott, mir hunn d’Gediechtnes vum Doud an der Opersteeung vu Christus gefeiert fir eis Bridder a Schwësteren. Féier si vum Doud an d’Liewen, aus der Däischtert an d’Liicht, aus der Bedrängnis an déi Fridden. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

oder:
Här, eise Gott, mir hunn d’Moolzecht vun dengem Jong gefeiert, hien dee sech fir eis geaffert huet an deen an der Herrlechkeet operstanen ass. Erhéier eist Gebiet fir all eis Verstuerwen. Rengeg si duerch dat éischterlecht Geheimnis vu Christus a looss si operstoen zur éiweger Freed. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Ouvre, Seigneur, à nos frères défunts ta maison de lumière et de paix, car c’est pour eux que nous avons célébré le sacrement de Pâque. Par Jésus.


Mass vun Allerhellgen
Klick op d’Kalennerblat fir de ganzen Text als PDF!
Votivmass vum Hl. Willibrord

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement