Päischtdënschdeg - 2.6.2020 - Dag vun der Sprangprozessioun zur Éier vum Hl Willibrord


Home Back Print Kontakt

ERÖFFNUNGSVERS Jes 59, 21; 56, 7
Wort Gottes des Herrn: Meine Worte, die ich dir in den Mund gelegt habe,
werden immer in deinem Mund sein. An deinen Opfern auf meinem Altar habe ich Gefallen.

Aféierung

Haut wier eigentlech ee grousst Fest zu Iechternach. Dausende vu Mënschen wieren an eis kleng Stad komm an hätten mat hirem Gebiet, hirem Sangen a musizéieren, mat hirem Sprangen eise grousse Parpatroun, den Hellege Willibrord, geéiert. Zënter Mënschegedenken, war de Päischtdënschdeg en Dag vu groussem Feieren. Dëst Joer ass et éischter en Dag vun stëller Besënnung. Eng weltwäit Krankheetswell huet och eist Fest boykottéiert. Dat kann eis traureg maachen. Mä et kann eis dann awer och vläicht erënneren, dass mir als gleeweg Chrëschten och heiansdo eis musse vernäipen virun deem, wat d’Natur eis schéckt. Och wa mir elo net zu Iechternach zesumme sinn, sou kënne mir dach an eisem Gebiet an Nodenken mat enaner verbonne sinn. Loosse mir haut ganz besonnesch op d’Firsprooch vun eisem Hellegen viru Gott trieden an him haut eis Nout an eist Leed virleeën.

Kyrie
  • Här Jesus Christus, du hues de Willibrord an eis Géigenden geschéckt. Här erbaarm dech eiser.
  • Här Jesus Christus, de Willibrord eise Virfahren de Glawen un dech nei gepriedegt. Christus, erbaarm dech eiser.
  • Här Jesus Christus, de Willibrord huet deng kierchlech Gemeinschaft opgebaut duerch säi virbildlecht Liewen. Här, erbaarm dech eiser.
Dagesgebiet

Gudde Gott, du hues deene verschiddenen Vëlker
ervirstiechent Léiermeeschteren am Glawen geschéckt.
Gëff allen, déi sech um Fest (um Graf) vum hellege Willibrord,
eisem Papp am Glawen, hei versammelt hunn,
Freed a Wuelergoen an dësem Liewen
a looss si eng Kéier deng Herrlechkeet kucken.
Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus, däi Sonn,
eisen Här a eise Gott, deen an der Eenheet vum Hellege Geescht
mat dir lieft an Här ass an all Éiwegkeet. Amen.

oder:
Gott, du Heil aller Menschen, du hast den heiligen Bischof Willibrord gesandt,
vielen Völkern die Frohe Botschaft zu verkünden (und unsere Väter im Glauben zu festigen).
Höre auf seine Fürsprache und hilf,
dass auch wir deine Güte in Wort und Tat bezeugen, damit deine Kirche erstarke und wachse.
Darum bitten wir durch Jesus Christus.

Wuertgottesdéngscht

Lesung aus dem Buch Jesaja. (Jes 52, 7-10)
Wie willkommen sind auf den Bergen die Schritte des Freudenboten, der Frieden ankündigt, der eine frohe Botschaft bringt und Heil verheißt, der zu Zion sagt: Dein Gott ist König. Horch, deine Wächter erheben die Stimme, sie beginnen alle zu jubeln. Denn sie sehen mit eigenen Augen, wie der HERR nach Zion zurückkehrt. Brecht in Jubel aus, jauchzt zusammen, ihr Trümmer Jerusalems! Denn der HERR hat sein Volk getröstet, er hat Jerusalem erlöst. Der HERR hat seinen heiligen Arm vor den Augen aller Nationen entblößt und alle Enden der Erde werden das Heil unseres Gottes sehen.

R Kündet den Völkern die Herrlichkeit des Herrn! - R
1 Singet dem Herrn ein neues Lied,
singt dem Herrn, alle Länder der Erde!
2 Singt dem Herrn und preist seinen Namen,
verkündet sein Heil von Tag zu Tag! - (R)
3 Erzählt bei den Völkern von seiner Herrlichkeit
bei allen Nationen von seinen Wundern!
7 Bringt dar dem Herrn, ihr Stämme der Völker,
bringt dar dem Herrn Lob und Ehre! - (R)
8 Bringt dar dem Herrn die Ehre seines Namens,
spendet Opfergaben, und tretet ein in sein Heiligtum!
10 Verkündet bei den Völkern: Der Herr ist König.
Den Erdkreis hat er gegründet, so dass er nicht wankt.
Er richtet die Nationen so, wie es recht ist. - R

Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Korinther. (1 Kor 1, 18-25)
Schwestern und Brüder!
18Das Wort vom Kreuz ist denen, die verloren gehen, Torheit; uns aber, die gerettet werden, ist es Gottes Kraft. 19Es heißt nämlich in der Schrift: Ich lasse die Weisheit der Weisen vergehen und die Klugheit der Klugen verschwinden. 20Wo ist ein Weiser? Wo ein Schriftgelehrter? Wo ein Wortführer in dieser Welt? Hat Gott nicht die Weisheit der Welt als Torheit entlarvt? 21Denn da die Welt angesichts der Weisheit Gottes auf dem Weg ihrer Weisheit Gott nicht erkannte, beschloss Gott, alle, die glauben, durch die Torheit der Verkündigung zu retten. 22Die Juden fordern Zeichen, die Griechen suchen Weisheit. 23Wir dagegen verkündigen Christus als den Gekreuzigten: für Juden ein empörendes Ärgernis, für Heiden eine Torheit, 24für die Berufenen aber, Juden wie Griechen, Christus, Gottes Kraft und Gottes Weisheit. 25Denn das Törichte an Gott ist weiser als die Menschen, und das Schwache an Gott ist stärker als die Menschen.

Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:)
Geht zu allen Völkern, und macht alle Menschen zu meinen Jüngern!
Ich bin bei euch alle Tage bis zum Ende der Welt. Halleluja.

+ Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. (Mk 16, 15-20)
15In jener Zeit erschien Jesus den Elf und sprach zu ihnen: Geht hinaus in die ganze Welt, und verkündet das Evangelium allen Geschöpfen! 16Wer glaubt und sich taufen lässt, wird gerettet; wer aber nicht glaubt, wird verdammt werden. 17Und durch die, die zum Glauben gekommen sind, werden folgende Zeichen geschehen: In meinem Namen werden sie Dämonen austreiben; sie werden in neuen Sprachen reden; 18wenn sie Schlangen anfassen oder tödliches Gift trinken, wird es ihnen nicht schaden; und die Kranken, denen sie die Hände auflegen, werden gesund werden. 19Nachdem Jesus, der Herr, dies zu ihnen gesagt hatte, wurde er in den Himmel aufgenommen und setzte sich zur Rechten Gottes. 20Sie aber zogen aus und predigten überall. Der Herr stand ihnen bei und bekräftigte die Verkündigung durch die Zeichen, die er geschehen ließ.

Priedegt


„Wie willkommen sind auf den Bergen die Schritte des Freudenboten, der Frieden ankündigt, der eine frohe Botschaft bringt und Heil verheißt“, sou heescht et an der Liesung aus dem Buch Jesaja um Fest vum hellege Willibrord. Wie wënscht sech net grad elo an dëser Zäit esou ee Botschafter vun der Freed, deen endlech eventuell Entwarnung gëtt, deen eis endlech verkënnegt, dass d’Krankheet iwwerwonnen ass, dass een Impfstoff fonnt gouf, dass kee Mënsch méi un dëser Krankheet stierft? Wie seent sech net dono, dass erëm Zäite sinn, wou mir frou a fräi kënnen feieren, sprangen, bieden a sangen? Awer sou einfach ass d’Saach wuel net. Zu kenger Zäit vun der Weltgeschicht haten d’Mënschen direkt eng Léisung fir hir Nout. Mir haten eis dru gewinnt, dass hei bäi eis Fridde wier, dass jiddereen alles hätt, wat e wéilt. Mä dee klenge Virus huet eis ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach an eis drop verwisen, dass mir als Mënschen dach guer net d’Häre vun der Schëpfung sinn, dass mir dach awer kleng a verletzlech Wiese sinn.

Haut elo ass munches net wéi déi Joren virdrun. D’Fest ass ofgesot. Trauer läit iwwert munchem Häerz. Dat ass fir eis zimmlech ongewinnt. Déi eeler, déi nach de Krich erlieft hunn, kenne wuel dat, dass een och net ëmmer alles kann hunn. Si kënnen nach haut vun der Nout an dem Leed erzielen. An am Fong ass d’Sprangprëssessioun jo och esou eng Erzielung vun Zäiten, wou Mënschen Nout haten. Ass d’Sprangen net och een Zeechen gewiescht, woumat d’Mënschen sech géint eng Krankheet gewiert hunn? Mir hu leider eis Welt net an der Hand. Dat gëtt eis schmäerzlech bewosst an dëser Zäit.

Vläicht musse mir och erëm haut nei léieren, dass de Wee vun der Mënschheet net ganz riicht verleeft. Wa mir zu Iechternach schonn un eise groussen Hellegen denken an hien mat engem groussaartege Fest all Joer veréieren, da wier et gutt, wa mir och ee Bléck an d’Geschicht géife werfen. Schonn zu senger Zäit hat de Willibrord vill Nout a Suergen. Säin Asaz huet et gemaach, dass et besser gouf. Mä och a spéideren Zäiten hunn d’Mënschen ëmmer nees mat Nout a Krankheet, mat Katastrophen a mat Krich missen zu Wee kommen. Mir waren dat elo iwwer vill Joren net gewinnt. Schmäerzlech hu mir et elo an deene leschte Wochen nei misse léieren. Dobäi ass et deene meeschten guer net esou schlecht gaangen. Eigentlech, wa mir haut op dësem Päischtdënschdeg 2020 elo kloen an traueren, dass keng Sprangprëssessioun ass, da kloe mir schonn op engem extrem héijen Niveau. Dofir plädéieren ech derfir, dass mir eis besënnen, dass mir eis bewosst ginn, wéi gutt mir et dach eigentlech hunn. Et gëtt kee Gronn zur Klo, och haut net. Ee klore Bléck an d’Geschicht kann eis d’Aen opmaachen an eis soen, dass mir och mol kënnen zefridde sinn.

Ech hat am August 2007 d’Geleeënheet fir zu Ernzen, an deem Duerf, wou ech wunnen, eng Statu vum hellege Willibrord anzeweien. Vun Ufank vun der Geschicht un, kann ee bal soen, war dëst Duerf, mat Iechternach verbonnen. Am Visitatiounsberiicht vun 1570 steet, dass d’Ernzener Kierch als Filialkierch vun Iechternach dem hellegen Markus geweit wier an am Visitatiounsberiicht vun 1688 heescht et, dass vun Iechternach aus all zweeten Sonndeg ee Geeschtlechen erop op den Ernzerbierg huet misse goen fir do ee Gottesdéngscht ze feieren mat Priedegt. Duerch vill Joerhonnerten erduerch war Ernzen also mat Iechternach verbonnen. Dat huet sech eréischt geännert wéi an de Wirren vun der franséischer Revolutioun Villes aus alen Zäiten ofgeschaaft gouf. Mam Opléisen vun der Abtei war och dat kierchlecht Liewen zimmlech op der Kopp. Nei Grenzen goufen an deene kommende Joren gezunn a Mënschen, déi bis dohinner an enger zimmlech friddlecher Rou a Gemeinschaft gelieft hunn, si vun enaner getrennt ginn. 1803 ass no de Joren vum Chaos versicht ginn dat kierchlecht Liewen nei ze organiséieren. Dat Joer ass Ernzen, wéi och aner Filialen vun Iechternach, zur eegestänneger Par mateegenem Paschtouer erhuewe ginn. Vun do un hunn sech sécherlech eng Rei vu Weeër getrennt, déi an deenen Joerhonnerten virdrun zesummen zeréckgeluecht goufen. Dat waren deemools sécherlech ganz schmäerzlech Zäiten fir d’Mënschen.

Dëst ass sécher nëmmen ee klengen Deel Geschicht. E weist awer, dass och fréier Mënschen eppes geholl kritt hunn, wat eigentlech hiert Liewen gedroen hat bis dohin. Eis gëtt nach net emol eppes geholl. Mir kënnen haut frou sinn, dass mir Villes wëssen a kënnen an esou och dës Krankheet iergendwann an de Grëff kréien. Eis Gemeinschaft gëtt net zerstéiert, wéi dat scho mol a fréieren Joerhonnerte war. Mir hu vill Méiglechkeeten eis matenaner ze verbannen an eis géigesäiteg ze hëllefen.

Am Evangelium vum Fest vum Willibrord heescht et: „In meinem Namen werden sie Dämonen austreiben; sie werden in neuen Sprachen reden.“ Wa mir ee wéineg Glawen an eis droen, dovunner sinn ech fest iwwerzeegt, wäerte mir och d’Dämonen vun eiser Trauer iwwert d’Sprangprëssessioun, déi ausgefall ass, iwwerwannen. A mir kënnen och an neie Sprooche schwätzen, Sproochen net verstanen als lëtzebuergesch oder däitsch, mä Sproochen vum Häerz, Sproochen vun der Zefriddenheet, Sproochen vum Fridden, Sproochen vun der Léift, Sproochen vun der Gemeinschaft iwwer all Grenzen ewech. Dat ass eis Missioun haut. Notze mir eis Zäit fir positiv a konstruktiv ze denken an ze handelen a loossen eist Jéimeren einfach op der Säit. Dat géif ech mir wënschen.

War do net och nach dem Willibrord säi Seegenswonsch: „In Dei nomine feliciter!“ Wann dir d’Parblat vu Chrëschtdag nach huet, da fann dir op der Säit 40 eng Erklärung vum Här Kauthen. De Willibrord war zefridde mat sengem Liewen a Wee. Kënnen net och mir mol einfach eng Kéier zefridde sinn, och wann elo vläicht eng Rei Aschränkunge sinn. An dann, wéi den Här Kauthen et schreift, kënne mir net och dem Willibrord säi Wuert huelen an eis vill Gléck wënschen fir dat, wat op eis zoukënnt? Si mir Chrëschten? Si mir Chrëschten mat enger Hoffnung? Da kënne mir vertrauen, dass d’Gléck och an der Zukunft net wäert feelen. Amen.

Fürbitten

Zu Gott, deen eis an d’Nofolleg Jesus Christus beruff huet, biede mir voll Vertrauen:

  • Mir bieden ëm ee liewegt an echt Glawenszeechnëss vun der ganzer Kierch, fir datt och an eiser Zäit d’Botschaft vum Evangelium weider gedroe gëtt. Härgott héier eis.
  • Mir bieden ëm d’Feier vun der Begeeschterung fir eis Pargemeinschaft, dass mir all zesummen am Sënn vum hl. Willibrord de Wee an d’Zukunft ginn. Härgott héier eis.
  • Mir bieden ëm Trouscht an Hëllef fir all déi, déi keen Halt méi am Glawen an och keng Zouwendung vun de Matmënschen méi fanne kënnen. Härgott héier eis.
  • Mir bieden ëm Hëllef fir déi Mënschen, déi duerch Naturkatastrophen an Nout gerode sinn. Härgott héier eis.
  • Mir bieden ëm dat éiwegt Liewen fir all eis léif Verstuerwen. Härgott héier eis.

Gudde Gott, op d’Firsprooch hin vum hellegen Willibrord, schenk eis Ausdauer op dem Wee zu dir an zu enaner. Huel all eis Angscht ewech an entflam an eis d’Leidenschaft vun denger Léift. Gëff eis ee grousst Häerz, dat dech lueft, duerch de Jesus, eisen Här. Amen.

Gowegebiet

Gudde Gott, huel d’Gowen un,
déi mir um Fest vum hellege Willibrord op däin Altor leen.
Fir seng onermiddlech Aarbecht an dengem Wéngert
hues du him d’Kroun vum éiwege Liewen ginn;
looss eis an der Kraaft vun dësem Affer
räich Friichte bréngen an eisem Liewen.
Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen.

oder:
Gütiger Gott,
nimm die Gabe an, die wir am Fest (am Gedenktag)
des heiligen Willibrord auf deinen Altar legen.
Für seine unermüdliche Arbeit in deinem Weinberg
hast du ihm die Krone des Lebens verliehen;
lass auch uns in der Kraft dieses Opfers
reiche Frucht bringen in unserem Leben.
Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.

PRÄFATION

V: Der Herr sei mit euch. R: Und mit deinem Geiste.
V: Erhebet die Herzen. R: Wir haben sie beim Herrn.
V: Lasset uns danken dem Herrn, unserm Gott. R: Das ist würdig und recht.
In Wahrheit ist es würdig und recht, dir, Herr, heiliger Vater, allmächtiger, ewiger Gott, immer und überall zu danken. Denn du hast uns den heiligen Bischof Willibrord zum Lehrer gegeben, durch ihn hast du uns aus der Finsternis befreit und zu Kindern des Lichtes berufen. Was er mit dem Munde lehrte, das bezeugte er auch durch sein Beispiel, sein Leben erstrahlte in lichtvollem Wandel, und seine Heiligkeit offenbarte sich in Zeichen und Wundern. Darum preisen wir an seinem Hochfest (bei seiner Verehrung) deine Gnade, die du uns in Fülle geschenkt hast durch unseren Herrn Jesus Christus. Durch ihn rühmen wir das Werk deiner Liebe und singen mit den Chören der Engel das Lob deiner Herrlichkeit: Heilig ...

KOMMUNIONVERS Joh 15, 4-5
So spricht der Herr: Bleibt in mir, dann bleibe ich in euch.
Wer in mir bleibt und in wem ich bleibe, der bringt reiche Frucht.

Schlussgebiet

Allmächtege Gott,
duerch den apostouleschen Äifer vum hellege Willibrord
hues du vill Mënschen (eis) an d’Gemeinschaft vun denger Kierch geruff.
Hëllef eis, sengem Beispill ze follegen
an aus der Kraaft vun dengem Sakrament ze liewen,
fir datt mir Christus, eisem Meeschter,
entgéintginn an an him dat éiwegt Liewe fannen,
hien, dee mat dir lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen.

oder:
Allmächtiger Gott, durch den apostolischen Eifer des heiligen Willibrord
hast du viele Menschen (uns) in die Gemeinschaft deiner Kirche gerufen.
Hilf uns, seinem Beispiel zu folgen
und aus der Kraft des Sakramentes zu leben,
damit wir Christus, unserem Meister, entgegengehen
und in ihm das ewige Leben finden,
der mit dir lebt und herrscht in alle Ewigkeit.

Segen

Den Härgott, den allmächtege Papp,
dee vill Mënschen duerch d’Priedegt vum hellege Willibrord
zum Glawe gefouert huet, soll iech séi Seege schenken. Amen.

Hie soll iech fest maachen am Glawen,
frou an der Hoffnung,
an äifreg a Wierker vun der Léift. Amen.

Den Här huet séin treien Denger Willibrord
opgeholl an seng Freed;
hie soll iech déi éiweg Herrlechkeet schenken. Amen.

An esou soll hien iech seenen:
De Papp an de Jong an den Hellege Geescht. Amen.

Mass vum 1 Juni
Klick op d’Kalennerblat fir d’Mass vu Päischtdenschdeg als PDF!

Mass vum 7 Juni


Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement