Merci Jean Kreins

Juni 2015


Home Go Back Print Kontakt Parbüro

Onse fläissegen Internet- a Porbréifredakter Jean Kreins huet aus familiären a gesondheetleche Grënn gefrot fir vun deene ville Chargen, déi hien am Laf vun der Zäit ugeholl hat, entbonnen ze ginn. Ennert dem Paschtouer Godfroid, dem beschtbekannte „Burer Néckel“, huet de Jean Matverantwortung an der Kierch iwwerholl a sech mat senge Kompetenzen als Banquier, Technikfan a gleewege Mann mat anzebréngen.
Jean, villmols Merci fir all déi immes Aarbecht, déi Dir gemaach hutt. Dank Iech wor onse Porverband Ennersauer ee vun deenen éischten aus der Äerzdiözes, deen am Internet vertruede wor! Mat vill Freed um Glawen an un der Technik hutt Dir eise Poren e Gesiicht am „Weltnetz“ ginn.
Am Kader vun däer „neier Por“, zu däer onst Dekanat mam Porverband Jonglënster zesummewuesse soll, gett gekuckt, wéi des Internetpräsenz an Zukunft gestalt gi kann. Dank dem Asaz vum Här Norbert Stors, O.E.S.S.J. sollen d’Informatiounen vun alle Poren vu Lënster bis Méischdref a Beefort no a no op der Homepage echternach.cathol.lu zesummegefouert ginn. Einstweilen bleiwt „ennersauer.cathol.lu“ a „born.cathol.lu“ um Netz, ma elo schons fannt Dir och munch Informatioune fir all di Uertschaften vun der „neier Por“ op „echternach.cathol.lu“.
Och fir eise Porbréif wäert dat munch Verännerungen bréngen. Jean, Merci fir d’Tippe während laange Joren, d’Suerge fir de Layout, d’Billerdécoratioun, d’Versenden an d’Zesummeschaffe mat der Dréckerei. Dat geet net vun elleng.
An der Persoun vum Kathy Bauer huet sech schons do eng Nofolgerin fonnt.
Op de vakante Poste vum Här Kreins am Burer Kiercherot ass den Här Aimé Frantz gewielt ginn. Hie wäert och deemnächst mat senger Famill zu Bur d’Kierch dagsiwwer op an zouspäeren. Wéi schons am leschte Parbréif stoung, gouf de Willy Bauer zum neie Kiercherotspräsident gewielt. Eng Equipe ass am Gaang sech ze fannen fir sech ëm d’Sakristei ze këmmeren. Segen’s Gott a Merci fir des Disponibilitéit. Wa mir all zesumme schaffen a jidderee sech mat senge Fähegkeeten an Talenter abréngt, da si mir och fir d’Zukunft prett.

Abbé Luc Schreiner


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement