Merci Marianne a Camille

November 2017


Home Go Back Print Kontakt Parbüro

Vergelt’s Gott Marianne a Camille!
An de Kiercheréit vun Steenem respektiv Iechternach, an der Steenemer Chorale an am Iechternacher Willibrordusbauveräin, fir no de Kierchen op der Ennersauer ze kucken an als Lektoren, fir de Rousekranz virzebieden oder e Wuertgottesdengscht ze feieren, an der chrëschtlecher Gewerkschaftsaarbecht a fir d‘Koschterei zu Steenem., bei der Aktioun „Familljen hëllefe Familljen“... mat engem waache Bléck fir do, wou Nout um Mann an der Fra wor, hunn de d’Marianne an de Camille Schwinninger-Weis sech op ville Plazen an de Gemeinschaften, déi elo eis nei Par sinn, engagéiert. Viru kuerzem hu si eis Géigend verlooss fir saueropwäerts an eng méi altersgerecht Wunneng ze plënneren. Vergelt’s Gott a Merci fir alles an elo vill frou, gesond a geseente Joren am neien Doheem.

aus dem Parbréif N°7-17


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement