D’Ursprooch vun der Mënschlechkeet

Editorial aus dem Parbréif 4/2021


Home GoBack Print Kontakt

Um Virowend vu Päischten gëtt an der Mass een Text aus dem Buch Genesis gelies. (Gen 11, 1-9) Dëst ass déi bekannte Geschicht vum Bau vum Tuerm vu Babel a vun senger Zerstéierung. Den éischte Saz vun dësem Textabschnitt seet: „Die ganze Erde hatte eine Sprache und ein und dieselben Worte.“ Ech sinn ëmmer nach, jo no deene ville Joren, faszinéiert vun dësem Saz a vun der Geschicht. All Mënschen hunn eng Sprooch. Wat ass dës Sprooch?

Gemengt ass wuel net, dass et nëmmen eng Ursprooch ginn hätt. Neen, mä d’Mënschen waren a si fäeg sech ze verstännegen. Si hunn duerch hier Sprooch eng eminent Méiglechkeet mat enaner ze kommunizéieren. Et ass also méiglech, dass jidder Mënsch mat engem aneren a Kontakt kann trieden an dass si sech kënnen verstännegen. Ech géif gären dës Sprooch als eis „Mënschlechkeet“ bezeechnen. Mir sinn all Mënschen. Mënschen mat gläiche Rechter a Flichten. Jidder Mënsch huet seng Plaz an der grousser Mënschefamill an dierf sech och do abréngen. Dës Gläichheet ass awer net ze verwiesselen mat enger „Gleichschaltung“ vum Mënsch, wéi et esou gären an Diktaturen geschitt. Och a grad well mir all als Mënschen eng an déi selwecht Méiglechkeet hunn eis mat ze deelen, sou si mir als Mënschen dach awer eenzel Individuen.

Ass d’Geschicht vum Tuermbau net och do eng Geschicht, déi sech am Laf vun der Weltgeschicht ëmmer nees reproduzéiert huet? Do ass versicht ginn Mënschen gläich ze schalten, si ze uniforméieren. Dat awer kann net gutt goen. De Mënsch ass a bleift ëmmer eng ganz eegen Perséinlechkeet. Mä als Perséinlechkeet beherrscht all Mënsch awer ëmmer eben déi selwecht Sprooch, déi hien mat aneren a Kontakt bréngt. Des Sprooch ass d’Iwwerzeegung, dass jiddereen wäertvoll a gutt ass. Des Sprooch ass d’Sprooch vun der Léift, vum Fridden, vun der Gerechtegkeet. Et ass déi Sprooch, déi eis als Mënschen ausweist, déi ëmmer erëm fir anerer do sinn, hinnen hëllefen an si ënnerstëtzen. Et ass déi Sprooch, déi schliisslech iwwer eis als eenzel Perséinlechkeeten eraus weist.

A genee dowéinst muss Gott hei an der Geschicht vum Bau vum Tuerm zu Babel agräifen. Extremen Zentralismus a Gläichschaltung vun alle Mënschen dierf et sou net ginn. De Mënsch ass a bleift ee fräit Wiesen, dat déi gemeinsam Sprooch vun der Léift beherrscht an sech och doduerch ka verstännegen mat aneren, iwwer all Grenzen ewech.

An der Päischterzielung vun der Apostelgeschicht verstinn d’Mënschen alleguer, wat d’Apostelen deemools wollten matdeelen. Baarmhäerzegkeet, Léift, Fridden, Gerechtegkeet a villes méi brauchen keng gescheit Wierder. Si brauche just Mënschen, déi genee dat maachen, déi esou handlen an hirem Liewen. Ech wënschen eis all, dass mir dat kënnen esou hikréien. Schwätze mir einfach déi eng Sprooch vun der Léift.

Carlo Morbach

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement