Da si mir nët alleng.


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Mir waarden, waarden, waarden op
een, deen eis versteet,
dee wees, wat mir um Häerz hun,
deen ëmmer mat eis geet,
dee wees fir wat mir laachen,
fir wat mir traureg sin,
dee wees, dass mir vill froen
a munches nët verstin.

Mir waarden, waarden, waaarden op
een, dee Gott versprach,
dee freet no jiferengem,
egal wat hien verbrach,
deen urteelt nët wéi d’Mënschen,
kuckt nët, ob aarm, ob räich,
dee mécht keng Ënnerscheder,
bäi dem sin d’Mënsche gläich.

Mir waarden, waarden, waarden op
een aus eiser Mëtt,
fir eis de Wee ze weisen,
op deem et Fridde gët,
fir eis och virzeliewen,
wéi flott ee liewe kann,
wéi een a sengem Liewen
den Härgott fanne kann.
Text: Jean Leyder

Dat neit Schoul- an Aarbechtsjoer ass gutt agaangen. An der kierchlecher Gemeinschaft bereede mir d’Enn vum Joër vun der Barmhäerzegkeet, d’Enn vum Kierchejoer an den Ufank vum neie Kierchejoer mam Advent vir. Grat an eiser Par kënnt lo nach en Héichpunkt kuerz virum Schluss vum Joer vun der Barmhäerzegkeet a vum Kierchejoer: d’Willibrordusoktav. Aus villen Deeler vum Land maache Mënschen sech op de Wee op Iechternach bäi d’Graf vum Hellege Willibrord, dat eenzegt Hellegegraf op Lëtzebuerger Buedem. Si komme mat hire Suergen an hirem Leed, mat hiren Ängschten, an awer och hoffentlech mat hire Freeden an de geschenkte Segensmomenter vun hirem Liewen. Mir brauchen net wäit sichen ze goen fir Saachen ze fannen déi ville Mënsche kënne Suerge maachen: eng sécher Aarbechtsplaz, fair
Aarbechtsbedingungen, de Fridden an eise Familljen an op der Welt, de Fridden an eisem Liewen. Leed kann eis u Krankheet an Doud denke loossen, un Aarmut, un de Verloscht vun der Fräiheet an d’Sich no engem Doheem. Eis Ängschte kënne sinn, dass mir eis ëm eis perséinlech Zukunft suergen oder dass mir iwwer d’Zukunft vu Kierch an vu Politik nodenken.

All déi méi däischter Momenter ginn hoffentlech opgefaangen vu freedege Momenter wéi e gelongenen Aarbechtsmoment oder e gemittlecht Fest an der Famill, a gekréint vun echte Segensmomenter am Liewen wéi eng iwwerwonne Krankheet, dat Gefill, dass een ugeholl ass an enger Gemeinschaft déi ons dréit oder d’Gebuert vun engem Kand.

All dës ënnerschiddlech Momenter vu Leed a vu Freed kënne mir an deenen nächste Wochen viru Gott bréngen. Vum 4. November un kënne mir während der Willibrordusoktav eist ganzt Liewen mat allem wat et ausmécht a besonneschem Mooss mat bäi de Willibrord bréngen. Als Apostel an eiser Géigend huet de Willibrord de Mënschen no 690 no Christus déi frou Botschaft vu Gott a vu Jesus Christus verkënnegt, eng Botschaft déi ons a ville Liewensmomenter droe kann.

Mir all sinn eist Liewe laang op der Sich no engem, den eis versteet, no engem, dee weess, wat mir um Häerz hunn, no engem deen eist Liewen deelt. Et ass net ëmmer sou einfach, Mënschen ze fannen déi mat eis ginn, déi eis verstinn, déi eis an eist Liewen eescht huelen. Dann, wa mir am Liewen déi richteg Mënsche mengen ronderëm eis ze hunn, a grad dann wa mir déi richteg Mënschen net fannen, huet den Hellege Willibrord eis e besonnesche Wee opgemaach zu Gott an senger Botschaft vun der Léift, déi a Jesus Christus konkret ginn ass. Loosse mir eis mat neiem Elan opmaachen zum Ofschloss vum Joer vun der Barmhäerzegkeet a vum Kierchejoer, fir während der Willibrordusoktav a während der Adventszäit net nëmmen op de Jesus ze waarden, mee wierklech no him ze sichen, well hien geet eise Wee mat. Gi mir him eng Plaz an eisem Liewen, an eiser Gemeinschaft!

Da si mir nët alleng.

Josiane Mirkes
Parassistentin

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement