Wann Allerhellegen virun der Dir steet, ...


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Wann Allerhellegen virun der Dir steet, ass et Joer bal um Enn – d’Deeg ginn ëmmer méi kuerz an d’Nuechten méi laang a kal. De Wanter steet virun der Dir an den Androck entsteet, datt dobaussen alles doudeg ass. Dofir maache mir et eis e bëssen heemeleg, fänken Käerzen un, stellen d’Hierscht-Deko eraus lauschteren e bëssen Musek, fänken nees mat den Handaarbechten un.
Dobaussen preparéiere mir d’Griewer, ruffen d’Famill zesummen a ginn op de Kierfent – D’Famill kënnt fir Allerhellegen zesummen. Op enger Rees am Oktober an de Perou, hunn ech e bësse vun der peruanescher Kultur am Ëmgank mam Doud dierfe kenne léieren. Den Dag gëtt, wéi dat fir d’Mënschen an Latäinamerika üblech ass, mat enger Mass ugefaangen. Duerno geet d’ganz Famill op de Kierfent an do ass eng Ambiance vu Gemeinschaft, mateneen Deelen an zesummen kommen.

Et huet eppes vun engem Familljefest: Dem Bop säi Lieblingsiessen oder -gedrénks kënnt mat, der Mamm hir Kichelcher, dem Kand seng léifst Kamellen. Alles fir dem eng Freed ze maachen den elo schonns beim Härgott ass. Et gëtt geschnësst, gelacht, zesummen giess an gedronk -jo et ass bal wéi e grousse Picknick. Dat ganzt Lieblingsiessen a Lieblingsgedrénks bleift do stoen, datt déi Doudeg sech dorunner kënne freeën a Merci gesot kréien, datt si mat eis a fir eis do waren. Fir eis kléngt dat ganz komesch, friem, fir deen een oder aneren pietätlos. Mee et weist mir e Wee, wéi mir mat eisen Doudegen kënnen ëmgoen, datt mir kënne soen: „Jo et war wonnerschéin mat dir / iech! Déi Zäit déi mir zesummen verbruet hunn, war e Kaddo a ganz wäertvoll a schéin“

Dat ass eng aner Approche wéi eisen däischteren, formellen an rouegen Dag dee mir mat Allerhellegen an Allerséilen verbannen. Vläit kënne mir eis do e Beispill huelen fir dankbar a frou un déi ze denken, déi net méi bei eis sinn. An ech mengen, dëst ass och e bëssen d’Iddi vun Allerhellegen: frou an dankbar sinn fir dat, wat mir zesummen op dëser Welt haten, dankbar ze sinn, datt et eise Familljememberen, Frënn a Bekannten beim Härgott gutt geet, an datt mir enges Daags och do ukommen däerfen.

Och d’Kierchejoer geet sengem Enn zou. E Joer dat eis vill Kraaft, Energie an Efforten kascht huet -an e Joer wou mir vill Solidaritéit, Gemeinschaft, Zesummenhalt, Momenter vu Gebiet, Gottesdéngscht an Ënnerstëtzung erlieft hunn.

An e puer Wochen ass d’Fest vu Christus dem Kinnek, an den Advent bréngt eis e neit Kierchejoer. Ech wéilt mat iech gären dat neit Kierchejoer domatter ufänken, dat mir et mat Intressi erwaarden. Den Advent markéiert den Ufank dovunner a soll eis op dat hiweisen wat wichteg ass, wa mir eise Glawe wëlle liewen: d’Verbonnenheet mam Härgott am Gebiet, Gemeinschaft z’erliewen an zesummen ze gestalten, eis net mat Klengegkeeten opzehalen an destruktiv ze ginn, mee positiv an d’Zukunft ze kucken an dem Härgott alles a seng Hänn ze leeën, fir datt hien et sou gerode léisst, wéi hien dat fir gutt fënnt.

Loosst eis zesummen mat Courage, engem Laachen an enger gudder Portioun Oppenheet an Freed op dat kucken wat op eis duerkënnt.

Elke Grün
Pastoralreferentin

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement