Brand an der Pierre- et Paul-Kierch


Home Back Print Kontakt

De 16. November 2022 koum et am Nomëtteg onglécklecherweis zu engem Kabelbrand am Keller vun der aler Parkierch Pierre-et-Paul, warscheinlech ausgeléist durch e „Nagetier“. Gottseidank ass näischt schlëmmeres geschitt, d.h. d’Kierch an de Mobilier sti nach an et ass kee Mënsch zu Schued komm. Awer duerch d’Dampentwécklung huet sech eng Schicht vu Knascht a Russpartikel op de ganzen Interieur geluecht. Mat vill Opwand muss elo an der Kierch, der Krypta, dem Keller an an der Sakristei alles gebotzt ginn, an de Mobilier, d’Altär, Statuen, d’Fënsteren a virun allem d’Fresken an d’Molereien aus dem 11., 14., 17. an 18. Joerhonnert fachmännesch restauréiert ginn. Mir si ganz dankbar datt mir direkt Hëllef versprach kruten vun der Assurance a vum Institut national pour le patrimoine architectural (INPA, fréier SSMN) ënnert der Leedung vum Elisabeth Koltz. fir dës deier Aarbechten finanziell z’iwwerhuelen. Eis Pierre-et-Paul-Kierch wäert lo fir länger Zäit zou musse bleiwen, bis nees alles an der Rei ass. Hoffe mer, datt alles gut geet!

Francis Erasmy


Links:

Kaart

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement