Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
D’Sonndesmass vum 21. November (Kiermessonndeg) gouf vu Steenem iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile vu Steinheim séngt ënnert der Direktioun vum Nadja Burdot-Koob. Op der Uergel spillt d’Ursula Kattinger-Stephany.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée
Andante Festivo (Sequenz 1)
Jean Sibelius
Agangslidd
Freuet euch allezeit
Klaus Heizmann
Kyrie
Kleng lëtzebuerger Mass
Camille Rodenbour
Gloria
Kleng lëtzebuerger Mass
Camille Rodenbour
Zwëschegesang
Lob sei dir Herr
Mg. 173,1
Alleluja
Alleluja
Jacques Berchier
Credo
gebiet
Gowelidd
Les mains ouvertes
Odette Vercroysse
Sanctus
Kleng lëtzebuerger Mass
Camille Rodenbour
Anamnes
Geheimnës vum Glawen
Mg. 1092
Agnus Dei
Kleng lëtzebuerger Mass
Camille Rodenbour
Kommiounslidd
Gelobt seist Du Herr
J. Venatius v. Wöß
Schlusslidd
Ne rentrez pas chez vous
P. Buchet
Sortie
Andante Festivo (Sequenz 2)
Jean Sibelius
Et séngt d’Chorale Ste Cécile vu Steinheim
Direktioun: Nadja Burdot-Koob
Uergel: Ursula Kattinger-Stephany
D’Chorale Sainte-Cécile vu Steenem
D’Chorale Ste Cécile vu Steenem, déi am Joer 1895 gegrënnt gouf, besteet aktuell aus 16 aktiven Sänger a Sängerinnen, déi vill Interessi a Freed um Sangen hunn. Wien sech eemol d’Woch vum Alldagsstress befreien an entspane wëllt, ka gäre bei eis sangen kommen. Eng gutt Ambiance am Veräin ass garantéiert. Eis Prouwe sinn Mëttwochs um 20.00 Auer am Fräihof zu Steenem.