Ich muss raus aus dieser Kirche

Weil ich Mensch bleiben will


Home GoBack Print Kontakt

Et war schonn eng kleng Revolutioun, wéi den Andreas Sturm den 13. Mee dëst Joer säin Amt als Generalvikar vun der Diözes Speyer niddergeluecht huet. Elo ass vun him ee Buch erschéngen, wou hien ganz perséinlech säi Wee an a mat der kathoulescher Kierch opzeechent. Vu senger Kannerzäit un war hien ëmmer begeeschtert vun eiser Kierch an huet sech duerno ëmmer méi engagéiert. Awer mat der Zäit ass him Villes an eiser Kierch och zur Laascht ginn. Besonnesch déi Zäit wou hien vun 2018 un Generalvikar war, ass et him ëmmer méi schwéier gefall all déi Mëssstänn an Onreegelméissegkeeten, déi et an eise kierchlech Reien gëtt, gutt ze heeschen. Am Laf vun de Joren huet hien sech ëmmer nees Notizzen zu dësem oder deem Thema gemaach. Dat Ganzt huet hien an deene leschte Wochen elo zu engem Buch zesumme gefouert.

Fir mech perséinlech ass et een erschreckend Bild, wat vun der Kierch gezeechent gëtt. Awer dat schlëmmst ass, dass ech an dësem Buch bal wéi an ee Spigel kucken. Wann ech zeréckdenken, da fale mir eben och esou vill Saachen an, déi eng enorm Ähnlechkeet mat deem hunn, wat den Andreas Sturm hei schreift. D’Buch huet mech zudéifst opgerëselt a mir d’Aen opgemaach. Ech hunn den Androck, dass nach vill Leit an eiser Kierch, op Geeschtlech oder Laien, änlech Erfarungen gemaach hunn oder maachen. Et wier gutt, wa méiglechst vill Leit dëst Buch géife liesen an sech d’Fro géife stellen, wat dann eigentlech de Sënn vun eiser Kierch ass, wat wichteg an eiser Gemeinschaft ass.

Villfach lieft eis Kierch, liewen mir an der Kierch an enger Blos a loossen näischt vu baussen un eis erun. Mir halen un ale Konzepter fest a mierke guer net, wéi wäit mir eis als Kierch vun der Welt vun haut an de Mënschen ewech beweegt hunn. An ëmmer méi, esou huet een den Androck, gi mir zeréck a verwandelen eis an ee Musée, dee krampfhaft versicht fest ze halen, wat scho längstens iwwerlieft ass.

Ganz konkret schwätzt den Andreas Sturm eminent Problemfelder an eiser Kierch un. Niewent dem sexuellen Mëssbrauch gëtt den Zölibat vun der Paschtéier an de Bléck geholl grad wéi d’Situatioun vun homosexuellen oder queere Mënschen. Awer och d’Muecht, déi vun uewen no ënnen, jo och heiansdo vun ënnen no uewen ausgeüübt gëtt, steet an der Diskussioun. Dann ass ee grousst Thema och de Klerikalismus, deen an deene leschte Joren extreem zougeholl huet. Vill jonk Priister flüchten sech an ee Bild vu Kierch, dat einfach nëmmen grotesk a falsch ass an eiser Zäit. Mä och de Klerikalismus vun ënnen ass do. Nëmmen dat, wat ee Paschtouer mécht ass gutt. Dat ass dacks d’Erfarung vu Pastoralreferent*innen. De Wee aus dem eegenen Duerf eraus fir an ee Gottesdéngscht an engem aneren Duerf ze goen, fält och dacks schwéier. All dat fält wuel ënnert dëse Klerikalismus vun ënnen an deen dann hëlleft lues a lues eng Erosioun vun der Gemeinschaft an d’Weeër ze leeden.

Den Andreas Sturm ass der Meenung, dass eis Kierch scho laang widder d’Mauer gefuer gouf. Awer kaum een an der Hierarchie wëll et wouer hunn. An de synodale Wee setzt hien och nëmme méi eng ganz begrenzten Hoffnung. Duerfir verléisst hien déi réimesch-kathoulesch Kierch. Et ass ee Wee, deen een absolutt ka verstoen, wann een all dat liest, wat hie schreift. Et ass zu déifst erschreckend, ze mierken wéi wouer iwwer ganz wäit Strécken säi Bléck op eis Kierch ass. Hien hält mir an villen ee Spigel virun Aen. An Fro bleift: Huet eis Kierch nach eng Chance aus der Sakgaass eraus ze kommen?

Carlo Morbach


Andreas Sturm: „Ich muss raus aus dieser Kirche“ Weil ich Mensch bleiben will.
Verlag Herder Freiburg 2022, 185 Seiten, 18- €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement