Tore für das Himmelreich

Was Christen von Fußballern lernen können


Home GoBack Print Kontakt

Duerch Zoufall hunn ech dëst Buch geschenkt kritt. Den Auteur war mir dohin net bekannt. De Klaus Eickhoff ass en däitschen evangeleschen Theolog. Hien huet sech ganz vill mat der Aarbecht an de chrëschtlech-kierchleche Gemeinschaften beschäftegt a selwer laang Joren a verschiddene Paren geschafft. Hien huet ganz vill Bicher geschriwwen, déi sech ëmmer nees mam Opbau vu Gemeinschaften befaassen. Dëst Buch, wat ech hei wëll virstellen, ass eleng duerch säin Titel schonn interessant. An d’Fro ass jo, wat mir als Chrëschten aus der Welt vum Fussball kënnen mat huelen fir eis kierchlech Aarbecht. D’Iwwerschrëften zu den eenzelen Kapitelen verrode schonn eng Piste, wéi et wuel kéint sinn mat dem Léieren vum Fussball fir eis Gemeinschaften: Die Spannung; Das Spiel; Das Training; Die Störungen; Der Weitblick.

De Fussball ass ee Sport, deen emotional ëmmer nees vill Leit matrappt. Wann ee Stiermer op de Goal vum Géigner lassrennt, dann entsteet eng onmoosseg Spannung. Elo oder ni! Dat ass de „Kairos“ vum Spill. Wat léist an eise Gemeinschaften nach esou eng Spannung aus? Wat ass eise „Kairos“, also eis Zäit, déi et ze ergräife gëllt? D’Kierch huet an der Bevëlkerung de Ruff, langweileg ze sinn. D’Leit spieren ganz einfach keng Spannung méi bäi eis. (S. 29) Mir schafe keng Emotiounen méi.

An da wa mir an eist Spill ginn, wat geschitt an der Kierch? „Statt Kampfarena zu sein, ist der Kirchenraum zur Ruhe- und Schlafstätte verkommen.“ (S. 33) Am Fussball gëtt ee Spill an der Déift opgebaut an da gëtt no vir gestiermt. Wéi awer gi mir vir? Ass nach een Opbau do, deen an der Déift vun eiser Gemeinschaft geschitt? Am Fussball geet et drëm ee Goal ze schéissen. Bäi eis do huet een den Androck, sou seet den Eickhoff, dass mir eigentlech näischt méi wëllen. Mir hu keen Zil, kee Goal virun eis, wou mir hi stiermen. Als Gemeinschaft hu mir dacks keng Leidenschaft méi fir d’Saach vum Jesus a verléieren dofir och eist Spill an der Welt. Och wa mir als Gemeinschaft eng Mannschaft sinn, sou kënnt dach och op des Leidenschaft vu jidder Eenzelen un. (S. 51) Mir mussen och an der Kierch nei léieren eis en Zil ze setzen.

Iwwer een Drëttel vum Buch gëllt deem grousse Kapitel „Das Training“. Hei gëtt et besonnesch interessant. Wat sinn déi eenzel Ufuerderungen, wat déi eenzel Aufgaben vun de Spiller an eiser Kierch? Grad elo, wou mir och bäi eis an der Diözes an de synodale Prozess antrieden, misst et eis ëmmer méi kloer ginn, dass net einfach den Trainer (=Paschtouer) d’Spill spillt mä déi eenzel Spiller um Terrain. An dann steet do och nach eng grouss Mannschaft u Leit hannendrun, déi och hier Aufgaben hunn. D’Kierch ass also net d’Saach vum Trainer eleng, deen dann d’Spill selwer spillt.

Den Klaus Eickhoff huet sécher eng ganz eegen mä déif interessant Approche zu engem Bild vu Kierch, dat hien aus der Bibel erausliest an dat awer esou ganz anescht ass, wéi dat, wat mir nach haut bäi eis liewen. Een Zitat soll dat e wéineg undeiten: „Die Pastorenzentriertheit ist ein geistloser, dummer Zustand, der die Pastoren überfordert und die Gaben der anderen Christen brach liegen lässt.“ (S. 83) Genau wéi bäi engem Fussballspill sou kënnt et och an eiser Kierch dorop un, dass een Zesummespill vun allen Acteuren do ass. (S. 85) Dat gëllt fir déi eenzel Gemeinschaften vu Chrëschten. Dat gëllt awer och ganz besonnesch fir ee Pastoralteam. An eben do muss a kann net jiddereen alles maachen. Jiddereen soll dat maachen, wat e gutt kann, an esou kann een wéi am Fussball een deem aneren de Ball zouspillen an um Enn kann déi ganz Mannschaft da gewannen. Teamgeescht ass gefrot, Mannschaftsdenken. (S. 87)

Op deene weidere Säiten vun dësem drëtte Kapitel mécht den Auteur ganz interessant Virschléi, wéi een eng lieweg Gemeinschaft kéint opbauen. Hien kuckt Villes aus dem Bléck vun der evangelescher Kierch. Ganz vill Ureegungen kann een awer och eent zu eent fir eis als kathoulesch Kierch iwwerhuelen. De Bléck op aner kierchlech Gemeinschaften dierft eis souwisou net schueden. Och do gëtt et wäertvoll Iddien.

Den Eickhoff ass sech bewosst, dass et och net ëmmer riicht geet an der kierchlecher Gemeinschaft. Genausou wéi am Fussball gëtt et Fouls a Beleidegungen, gëtt et onfairt Spillen a Verdächtegungen. Wat allerdéngs laut dem Auteur nach méi schlëmm ass, ass dass d’Botschaft vum Evangelium verharmloost gëtt. „Eine harmlose Kirche steht im Abseits und damit im Gericht.“ (S. 127) Dat weist sech eben och an deem, wat eis aktuell Uleies dacks sinn: d’erhalten vu Gebaier, vu Privileegien. Mir këmmeren eis em d’„Gefäß“. Den Inhalt hu mir dacks ebe scho laang vergiess.

De Fazit vum Buch ass gewëssermoossen, dass mir eis als Chrëschten mol rëm missten op d’Evangelium zeréck besënnen an doraus liewen an handelen. Et ass eng ganz interessant Ureegung fir eis all als Chrëschten.

Carlo Morbach


Klaus Eickhoff: Tore für das Himmelreich Was Christen von Fußballern lernen können
Kawohl Verlag Wesel 2017, 160 Seiten, 11,80 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement