E Wuert fir den Dag

25. Abrëll Markusdag


Home Back Print Kontakt

Haut, um 25. Abrëll steet den Evangelist Markus am Hellegekalenner. Op sengem Dag proposéiert d’Kierch fir d’Mass dee selwechten Evangelientext wéi fir d’Fest vum hellege Willibrord: Mk 16, 15-20. Ech denke vill vun Iech kennen deen Text. Dofir proposéieren ech Iech e puer Impulser fir selwer z‘entdecken, wat desen Extrait aus der Helleger Schrëft jidderengem vun ons fir säi perséinlecht Liewen soe kann. Äntwerte ginn ech bewosst keng.

15 In jener Zeit erschien Jesus den Elf und sprach zu ihnen: Geht hinaus in die ganze Welt, und verkündet das Evangelium allen Geschöpfen!

Erausgoen geet zur Zäit net: „Bleiw gesond! Bleiw doheem!“ Ma och am „Lock-Down“: Wou mëcht d’Evangelium mech frou? Wou mierken ech dat grad elo an dësen Zäiten? Wéi kann ech an dësen ugespaanten Zäite liewen, datt aanerer mierken, déi Botschaft vum Jesus ass tatsächlech eng Freed fir mäi Liewen? Wou verlaangeren ech, datt ee kënnt, dee mir eng Noriicht vun Trouscht an Zouversiicht gett?

16 Wer glaubt und sich taufen lässt, wird gerettet; wer aber nicht glaubt, wird verdammt werden.

Wat bréngt mir mäi Glawen? Wou fannen ech Rettung? Kann ech meng Suergen dem Härgott uvertrauen oder mengen ech, ech misst elleng mat allem fäerdeg ginn?

17 Und durch die, die zum Glauben gekommen sind, werden folgende Zeichen geschehen: In meinem Namen werden sie Dämonen austreiben; sie werden in neuen Sprachen reden;

Wat fir eng negativ Kräften erliewen ech momentan um Wierk? Wéi kann ech si lass ginn? Wat fir ee gutt Wuert brauch ech selwer? Wat fir ee gutt Wuert kann ech aanere matginn?

18 wenn sie Schlangen anfassen oder tödliches Gift trinken, wird es ihnen nicht schaden; und die Kranken, denen sie die Hände auflegen, werden gesund werden.

Wat fir Geforen a Bedrohunge spieren ech? Wéi kann ech dovunner fräi ginn an och aanerer dovu fräi maachen? Ganz konkret: Wéi kann ech mat dofir suergen, datt méijlechst mann Mënsche krank ginn? Wou kann ech aaneren hëllefen, deenen et elo net gutt geet?

19 Nachdem Jesus, der Herr, dies zu ihnen gesagt hatte, wurde er in den Himmel aufgenommen und setzte sich zur Rechten Gottes. 20 Sie aber zogen aus und predigten überall. Der Herr stand ihnen bei und bekräftigte die Verkündigung durch die Zeichen, die er geschehen ließ.

Villes vun deem, wat de Jesus gemaach huet, hunn de Markus an déi aaner Evangeliste probéiert ze sammelen an opzeschreiwen. Fir vill Chrëschte ass dat, zenter deemols, eng Quell vun Hoffung an Zouversiicht ginn. Déi wënschen ech ons alleguerten an d’Erfahrung, datt den Härgott ons wéi hinnen deemols bäisteet.

Luc Schreiner

Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat vun haut fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement