E Wuert fir den Dënsdeg, 5.5.2020

Evangelium: Johannes 10,22-30


Home Back Print Kontakt

22In Jerusalem fand das Tempelweihfest statt. Es war Winter, 23und Jesus ging im Tempel in der Halle Salomos auf und ab. 24Da umringten ihn die Juden und fragten ihn: Wie lange noch willst du uns hinhalten? Wenn du der Messias bist, sag es uns offen! 25Jesus antwortete ihnen: Ich habe es euch gesagt, aber ihr glaubt nicht. Die Werke, die ich im Namen meines Vaters vollbringe, legen Zeugnis für mich ab; 26ihr aber glaubt nicht, weil ihr nicht zu meinen Schafen gehört. 27Meine Schafe hören auf meine Stimme; ich kenne sie, und sie folgen mir. 28Ich gebe ihnen ewiges Leben. Sie werden niemals zugrunde gehen, und niemand wird sie meiner Hand entreißen. 29Mein Vater, der sie mir gab, ist größer als alle, und niemand kann sie der Hand meines Vaters entreißen. 30Ich und der Vater sind eins.

Wéi esou oft am Johannes-Evangelium sinn an dësem Text vill kleng Detailer déi eng grouss Symbolik hunn.
Zu Jerusalem wor Tempelweihfest, den Erënnerungsdag vun der Nei-Aweiung vum Tempel, 163 v. J.C., wou och de Brandopferaltoer nei opgeriicht gouf. Dëst Erënnerungsfest gouf all Joer während 8 Deeg gefeiert; a Prëssessioun as dat jüddescht Vollek an den Tempel gaangen:“Sie nahmen Stäbe, die sie mit Efeu und Weinlaub umwunden hatten, in die Hand und schöne Laubzweige - auch Palmzweige - und ließen Loblieder zu dem hinaufsteigen, der den Weg zur Reinigung des Ortes bereitet hatte, der sein Eigentum ist.“ (2 Makkabäer 10, 7)
Grad op dësem Fest, betount den Evangelist Johannes, datt de Jesus am Tempel, dem Eegentum vu Gott, op an of spadséiert, jo am Eegentum vu sengem Papp kann hie sech fräi beweegen.
Et war Wanter, et ass net nëmmen eng fraschteg Joreszäit, mais och d‘Haltung vun de Judden vis-à-vis vum Jesus gëtt ëmmer méi kal. De Krees deen si ronderëm de Jesus gebild hunn an déi Fro déi si stellen weist hier Hostilitéit vis-à-vis vun him. Sie si net komm fir op d’Botschaft vum Jesus ze lauschteren, mais fir endlech e Wuert ze héieren, dat hinnen et erlaabt de Jesus ze verurteelen, fest ze neelen. (cfr. Ps 22,17). De Jesus erkennt hier Haltung a seet zu hinnen: Dir gleeft net, Dir lauschtert net op meng Stëmm. „Würdet ihr doch heute auf seine Stimme hören! Verhärtet euer Herz nicht wie in Meríba, wie in der Wüste am Tag von Massa! Dort haben eure Väter mich versucht, sie stellten mich auf die Probe und hatten doch mein Tun gesehen“. (Ps 95,7)
Et ass den Opruff vum Jesus, maacht iech op, lauschtert op dat wat ech iech soen, gesitt déi vill Zeechen, déi ech am Numm vu mengem Papp maachen.

An engem kuerze Moment vu Stëllt kënne mer ons des Szene virstellen: De Jesus an der Mëtt vun senge Géigner déi hien emrëngen, déi hien ofleenen.
Da kënne mer ons froen: Wéi ass meng Haltung? Sinn ech éischter skeptesch oder loossen ech mech vum Jesus sengem Wuert beréieren, huelen ech dat Wuert un, sinn ech bereet mech vun him féieren ze loossen? Mir kënnen dëse Moment vu Stëllt ofschléissen mat dem Psalm 23

Der HERR ist mein Hirt, nichts wird mir fehlen.
Er lässt mich lagern auf grünen Auen
und führt mich zum Ruheplatz am Wasser.
Meine Lebenskraft bringt er zurück.
Er führt mich auf Pfaden der Gerechtigkeit,
getreu seinem Namen.
Auch wenn ich gehe im finsteren Tal,
ich fürchte kein Unheil; denn du bist bei mir,
dein Stock und dein Stab, sie trösten mich.
Du deckst mir den Tisch vor den Augen meiner Feinde.
Du hast mein Haupt mit Öl gesalbt, übervoll ist mein Becher.
Ja, Güte und Huld werden mir folgen mein Leben lang
und heimkehren werde ich ins Haus des HERRN für lange Zeiten.

Anise Metz
Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat vun haut fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement