En Altor fir am Fräien op der Giischterklaus


Home Back Print Kontakt

Coronabedingt fannen net vill Leit Plaz bannen an der Kapell vun der Giischterklaus. Grad fir grouss Pilgerdeeg an d’Muttergotteswoch koum dohier d’Idi d’Gottesdingschter dobaussen ze feieren. No deem flotten awer wéineg haltbaren Altor aus Stréibotten zijoert (Merci der Famill Hoffmann-Altmeisch!) ass elo vu Peter Pasternak - Kunst aus Natur eppes méi dauerhaftes aus Brennholz dobaussen opgeriicht ginn. Dankeswäerterweis hunn de Jean-Claude Schroeder an den Aly Werdel dat einfacht Holz gestëft a virbereed, ma et bleiwen trotzdem Material- an Aarbechtskäschte vun 810 €. Zwee Deeg laang hunn zwee Leit sur place un dësem Altor geschafft. Dobäi kënnt och nach TVA vu 17%, also 137,70€.

Fir net mussen ëmmer Bänken auszeléinen an dofir Locatioun ze bezuelen, wëlle mir och Bänken uschafen. Dat alles ass mat Onkäschte verbonnen. Merci a Vergelt’s Gott, wann Dir ons do finanziell ënnert d’Äerm gräife wëllt. Äer Spenden dofir un d’Kierchefabrik Rouspert-Mompech si vun de Steieren ofsetzbar! Kontosnummer: LU17 0090 0000 9069 8382 (Kierchefong FE051- Rosport-Mompach), Mentioun: „Don Girsterklaus“.


Links:

Girsterklaus

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement