Eine Kirche für viele statt heiligem Rest

Erik Flügge / David Holte


Home GoBack Print Kontakt Mir liesen

Dëst klengt Buch stellt eis ganz pastoral Tätegkeet vun der aktueller Kierch nawell dëck a Fro. Mir bidde villes un, awer mir erreechen nëmme ganz wéineg Leit. Mir këmmeren eis méi ëm eis Gebaier an ëm eis Konschtgéigestänn an eise Kierchen, wéi ëm eis Leit. Den Erik Flügge geet ganz kritesch mat eisen Aktivitéiten ëm. Ech fille mech selwer duerch dëst Buch zimlech beandrockt. Ech weess allerdéngs net, wéi ech et soll deiten, a virun allem net, wéi ech soll reagéieren.
Wat musse mir haut maachen an eiser Lëtzebuerger Kierch, dass mir erëm méi Ausstralung hunn, dass mir erëm d’Leit erreechen? De Flügge seet, datt mir sollen Hausbesiicher maachen, dat heescht, d’Leit doheem opsichen. Déi al Aktivitéiten, wéi Gottesdéngschter a Feieren sinn net einfach näischt wäert, awer si bréngen deene meeschte Leit eben net dat, wat si brauchen. Mir investéieren laut dem Auteur ze vill an eis materiell Strukturen, déi am Fong zimlech onwichteg an zum Deel eben och dout sinn. Mir liewen vun Traditiounen aus fréieren Zäiten. Déi awer hu fir Mënschen aus dem 21. Joerhonnert kaum nach Bedeitung a bréngen hinnen och keng Orientéierung fir hiert Liewen.
Munches an dësem Buch kann ee sécherlech differenzéiert beuerteelen. Munches ass awer och absolut richteg erkannt. Mir mussen eis als Gemeinschaft vun deenen, déi nach do sinn a matschaffen, op elo als haaptamtlech Mataarbechter, wéi och als benevol Mataarbechter, oder einfach als Gleeweger, da schon d’Fro stellen, op eist Schaffen esou nach Sënn mécht, oder op mir net dach eppes Wesentleches mussen änneren. D’Diagnose iwwert eis Kierch ass haart an awer duerchaus richteg. Mir allefalls hunn sech nom Liesen ganz vill Froen gestalt an ech denken, dass et wichteg wier, dass mir an eisem neien Gremium vum Pastoralrot vun eiser Par, dee mir an deene nächsten Wochen wielen an op d’Been stellen, grad dës Fro intensiv musse stellen. Et geet einfach net duer, dass mir eis just nach mat de Finanzen befaassen a kucken wou a waart mir kënnen un eise Gebaier renovéieren. Mir mussen eis Gemeinschaft renovéieren. Dat fuerdert den Erik Flügge a sengem Buch. Dat wier och fir eis elo deen nächste Schrëtt, dee mir an eiser neier Par missten ugoen.
Erik Flügge / David Holte, Eine Kirche für viele statt heiligem Rest,
Herder, Freiburg 2018, 80 Seiten, 8,- €.

Carlo Morbach

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement