Gedanken fir den Dag - Pensée du Jour

Dienstag, 28. April 2020


Home Back Print Kontakt

+ Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes
In jener Zeit sagte die Menge zu Jesus:
30Welches Zeichen tust du, damit wir es sehen und dir glauben? Was tust du?
31Unsere Väter haben das Manna in der Wüste gegessen, wie es in der Schrift heißt:
Brot vom Himmel gab er ihnen zu essen.
32Jesus sagte zu ihnen: Amen, amen, ich sage euch: Nicht Mose hat euch das Brot vom Himmel gegeben, sondern mein Vater gibt euch das wahre Brot vom Himmel.
33Denn das Brot, das Gott gibt, kommt vom Himmel herab und gibt der Welt das Leben.
34Da baten sie ihn: Herr, gib uns immer dieses Brot!
35Jesus antwortete ihnen: Ich bin das Brot des Lebens; wer zu mir kommt, wird nie mehr hungern, und wer an mich glaubt, wird nie mehr Durst haben. (Joh 6, 30-35)

Dem Jesus seng Wierder erënnere e bëssen un e gudden a mediewierksame Slogan aus enger Reklamm. Mat dem wichtegen Ënnerscheed, datt et bei de Reklammen ëmmer drëms geet, datt ech onbedéngt eppes muss hunn, wat ech eigentlech net brauch – wat zumindest net Liewenswichteg ass. Beim Jesus awer geet ëm Liewen an Dout – an dat am déifste Sënn vum Wuert. De Glawen un hie schenkt mir eppes, wat mech Liewen an Hoffen deet: „Wer zu mir kommt, wird nie mehr hungern, und wer an mich glaubt, wird nie mehr Durst haben.“ Hie stëllt deen Duuscht an deen Honger a mir, den Honger an Duuscht no Sënn, no engem erfëlltene Liewen. Awer an dëser vergänglecher Welt brauche mer eppes Onvergängleches, eppes wat bleift. A mengem onspektakuläre Liewen brauch ech eppes, wat mech aus der Bedeitungslosegkeet eraushieft, wat mech erkenne léist: d’Liewen, dat mir geschenkt ginn ass, ass eppes eemoleg Schéines a Wäertvolles. An dat kréien ech am Jesus, an deem Brout vum Liewen, geschenkt. E Frënd fir d’Liewe, dee mat mir duerch d’Liewe geet. Dee mech ni eleng léisst, deen ëmmer do ass, dee mat mer duerch Déck an duerch Dënn geet, dee mer Gebuergenheet, ënnere Fridden an Zefriddenheet schenkt. Hie schenkt mir dat, wat letztendlech soss kee mer schenke kann. An dat ass de Kompass fir mäin Alldag. Keng Kris, kee Coronavirus, keng Katastroph ka mer dësen Glawen huelen.

Francis Erasmy

Christus, das lebendige
BROT
Da er geboren wurde,
ward er der Gefährte unseres Lebens,
da er das Abendmahl hielt,
gab er sich uns zur Speise,
da er am Kreuze starb,
gab er sich für uns hin,
da er im Himmel herrscht,
gibt er sich uns als unser ewiges Glück.

nach Thomas von Aquin

Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat vun haut fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement