14. Sonndeg am Joereskrees A - 8./9.7.2023


Home Back Print Kontakt

Léif Matchrëschten! Vill Mënschen wënschen sech Vakanz. Eis Kanner a Jugendlech hu lo nach just e puer Deeg an da geet d’Schouljoer op en Enn. Mä och vill Erwuessener, déi schaffe ginn, kënnen elo an deenen nächste Wochen sech Zäit huelen, fir mol eppes aneres ze maachen an ee wéineg ausspanen vun dem Stress. Allerdéngs, an mengen dat hu mir all scho mol erlieft, d’Vakanz kann och Stress maachen, da wann net alles esou geet, wéi een sech dat mat enger Rees virgestallt huet. Lo si mir um Sonndeg, an de Sonndeg sollt all Woch eng kleng Vakanz sinn. Versiche mir beim Jesus a senger Botschaft elo ee wéineg zur Rou ze kommen.

Här Jesus Christus, du luets eis an, fir bäi dech ze kommen.
Här Jesus Christus, du hëls alles vun eis ewech, wat eis belaascht.
Här Jesus Christus, du méchs eis fräi fir eng nei Vu op d’Liewen.

Dagesgebiet

Baarmhäerzege Gott, duerch d’Erniddregung vun dengem Jong um Kräiz hues du eis erëm opgeriicht a vun all Schold fräi gemaach. Erfëll eis mat Freed iwwer d’Erléisung a féier eis all an deng éiweg Séilegkeet. Dorëms biede Christus, eisen Här. Amen.

Dieu qui as relevé le monde par les abaissements de ton Fils, donne à tes fidèles une joie sainte; tu les as tirés de l’esclavage du péché; fais-leur connaître le bonheur impérissable. Par Jésus Christ.

Gott, du hast Himmel und Erde erschaffen. Wir preisen dich und danken dir, dass du uns nahegekommen bist in Jesus, deinem Sohn. Befreie uns von allem, was uns niederdrückt, und lass uns deine Barmherzigkeit und Güte erfahren. Darum bitten wir dich durch ihn, unsern Herrn.

Liesungen: Lesung: Sach 9, 9-10 / Röm 8,9.11-13 / Mt 11, 25-30

Lesung aus dem Buch Sachárja.
So spricht der Herr: Juble laut, Tochter Zion! Jauchze, Tochter Jerusalem! Siehe, dein König kommt zu dir. Gerecht ist er und Rettung wurde ihm zuteil, demütig ist er und reitet auf einem Esel, ja, auf einem Esel, dem Jungen einer Eselin. Ausmerzen werde ich die Streitwagen aus Éfraim und die Rosse aus Jerusalem, ausgemerzt wird der Kriegsbogen. Er wird den Nationen Frieden verkünden; und seine Herrschaft reicht von Meer zu Meer und vom Strom bis an die Enden der Erde.

Kv: Ich will dich erheben, meinen Gott und König.
Ich will dich erheben, meinen Gott und König, *
ich will deinen Namen preisen auf immer und ewig.
Jeden Tag will ich dich preisen *
und deinen Namen loben auf immer und ewig. – (Kv)
Der Herr ist gnädig und barmherzig, *
langmütig und reich an Huld.
Der Herr ist gut zu allen, *
sein Erbarmen waltet über all seinen Werken. – (Kv)
Danken sollen dir, Herr, all deine Werke, *
deine Frommen sollen dich preisen.
Von der Herrlichkeit deines Königtums sollen sie reden, *
von deiner Macht sollen sie sprechen. – (Kv)
Treu ist der Herr in seinen Reden, *
und heilig in all seinen Werken.
Der Herr stützt alle, die fallen, *
er richtet alle auf, die gebeugt sind. – Kv

Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom.
Schwestern und Brüder! Ihr seid nicht vom Fleisch, sondern vom Geist bestimmt, da ja der Geist Gottes in euch wohnt. Wer aber den Geist Christi nicht hat, der gehört nicht zu ihm. Wenn aber der Geist dessen in euch wohnt, der Jesus von den Toten auferweckt hat, dann wird er, der Christus von den Toten auferweckt hat, auch eure sterblichen Leiber lebendig machen, durch seinen Geist, der in euch wohnt. Wir sind also nicht dem Fleisch verpflichtet, Brüder und Schwestern, sodass wir nach dem Fleisch leben müssten. Denn wenn ihr nach dem Fleisch lebt, müsst ihr sterben; wenn ihr aber durch den Geist die sündigen Taten des Leibes tötet, werdet ihr leben.

Halleluja. Halleluja. Sei gepriesen, Vater, Herr des Himmels und der Erde; du hast die Geheimnisse des Reiches den Unmündigen offenbart. Halleluja.

Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus.
In jener Zeit sprach Jesus: Ich preise dich, Vater, Herr des Himmels und der Erde, weil du das vor den Weisen und Klugen verborgen und es den Unmündigen offenbart hast. Ja, Vater, so hat es dir gefallen. Alles ist mir von meinem Vater übergeben worden; niemand kennt den Sohn, nur der Vater, und niemand kennt den Vater, nur der Sohn und der, dem es der Sohn offenbaren will. Kommt alle zu mir, die ihr mühselig und beladen seid! Ich will euch erquicken. Nehmt mein Joch auf euch und lernt von mir; denn ich bin gütig und von Herzen demütig; und ihr werdet Ruhe finden für eure Seele. Denn mein Joch ist sanft und meine Last ist leicht.

Lecture du livre du prophète Zacharie.
Ainsi parle le Seigneur: «Exulte de toutes tes forces, fille de Sion! Pousse des cris de joie, fille de Jérusalem! Voici ton roi qui vient à toi: il est juste et victorieux, pauvre et monté sur un âne, un ânon, le petit d’une ânesse. Ce roi fera disparaître d’Éphraïm les chars de guerre, et de Jérusalem les chevaux de combat; il brisera l’arc de guerre, et il proclamera la paix aux nations. Sa domination s’étendra d’une mer à l’autre, et de l’Euphrate à l’autre bout du pays.»

R/ Mon Dieu, mon Roi, je bénirai ton nom toujours et à jamais!
Je t’exalterai, mon Dieu, mon Roi;
je bénirai ton nom toujours et à jamais!
Chaque jour je te bénirai,
je louerai ton nom toujours et à jamais. R
Le Seigneur est tendresse et pitié,
lent à la colère et plein d’amour.
La bonté du Seigneur est pour tous,
sa tendresse, pour toutes ses œuvres. R
Que tes œuvres, Seigneur, te rendent grâce
et que tes fidèles te bénissent!
Ils diront la gloire de ton règne,
ils parleront de tes exploits. R
Le Seigneur est vrai en tout ce qu’il dit,
fidèle en tout ce qu’il fait.
Le Seigneur soutient tous ceux qui tombent,
il redresse tous les accablés. R

Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains.
Frères, vous, vous n’êtes pas sous l’emprise de la chair, mais sous celle de l’Esprit, puisque l’Esprit de Dieu habite en vous. Celui qui n’a pas l’Esprit du Christ ne lui appartient pas. Mais si l’Esprit de celui qui a ressuscité Jésus d’entre les morts habite en vous, celui qui a ressuscité Jésus, le Christ, d’entre les morts donnera aussi la vie à vos corps mortels par son Esprit qui habite en vous. Ainsi donc, frères, nous avons une dette, mais elle n’est pas envers la chair pour devoir vivre selon la chair. Car si vous vivez selon la chair, vous allez mourir; mais si, par l’Esprit, vous tuez les agissements de l’homme pécheur, vous vivrez.

Alléluia. Alléluia. Tu es béni, Père, Seigneur du ciel et de la terre, tu as révélé aux tout-petits les mystères du Royaume! Alléluia.

Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu.
En ce temps-là, Jésus prit la parole et dit: «Père, Seigneur du ciel et de la terre, je proclame ta louange: ce que tu as caché aux sages et aux savants, tu l’as révélé aux tout-petits. Oui, Père, tu l’as voulu ainsi dans ta bienveillance. Tout m’a été remis par mon Père; personne ne connaît le Fils, sinon le Père, et personne ne connaît le Père, sinon le Fils, et celui à qui le Fils veut le révéler. Venez à moi, vous tous qui peinez sous le poids du fardeau, et moi, je vous procurerai le repos. Prenez sur vous mon joug, devenez mes disciples, car je suis doux et humble de cœur, et vous trouverez le repos pour votre âme. Oui, mon joug est facile à porter, et mon fardeau, léger.»

Priedegt

Léif Matchrëschten! Et ass een interessant Evangelium, dat mir haut héieren / gelies hunn. “Nehmt mein Joch auf euch!” (Mt 11, 29) Mir sinn hei an eisem Eck vun der Welt jo duerchaus nach vertraut mat der Landwirtschaft. An ech denken déi meescht wëssen wat mat engem “Joch” gemengt ass. Eng schwéier hëlzen Dunn, déi engem oder zwee Déieren, meeschtens Ochsen, op d’Schëlleren geluecht gëtt, fir dass si eng grouss Laascht, ee Won oder ee Plou kënnen zéien. Dat ass natierlech eng Saach, déi haut an eise Géigenden total verschwonnen ass. Eis Baueren schaffen mat groussen a moderne Maschinnen. Mir gesinn dat awer nach haut op der Tëlee, wann aus aarme Géigenden vun der Welt beriicht gëtt. D’Déieren, déi esou fir d’Mënsche musse schaffen, dinn eis da leed.

Sou ee Joch war allerdéngs och do, fir dass de Bauer seng Déieren besser konnt leeden a féieren. D’Déieren waren deemno net fräi. Si ware gezwongen fir ze follegen an dat ze maachen, wat de Bauer wollt. Op dat den Déieren wéi gedinn huet, kann ech net soen. Tatsaach ass awer, dass et fir des Déieren wuel ganz ustrengend war, fir esou ze schaffen. Si waren, fir et a mënschleche Begrëffer aus ze drécken, Sklaven, déi hu misste schaffen, sou wéi eben den Här et wollt a kommandéiert huet.

Nach haut schwätze mir dofir am Bild dervun, dass Mënschen “ënnerjocht” ginn, wa si gezwonge ginn eppes ze maachen fir anerer oder wat si einfach net wëlle maachen. Mënschen, déi “ënnerjocht” sinn, hu keng Fräiheet.

Lo gëtt an eisem Evangelientext vun haut ebe vun esou engem Joch geschwat. Iergendwéi ass mir dat Bild schonn a menger Kannerzäit e wéineg eegenaarteg virkomm. Wat soll un sou engem Joch liicht sinn? Wat soll do net drécken, wéi de Jesus seet? Mäi Bild, dat ech perséinlech vu Gott oder Jesus Christus hunn, meng Virstellung vun deem gudde Papp, kann ech iergendwéi net esou richteg mat dësem Bild vun engem Joch a Verbindung bréngen, och wann et nach esou liicht soll sinn.

“Nehmt mein Joch auf euch!” Ech wëll mech jo och net vum Jesus “ënnerjoche” loossen. Ech wëll fräi sinn, absolutt fräi sinn, an dat eben och a mengen reliéisen Iwwerzeegungen. Grad haut si mir Mënschen an der moderner Gesellschaft net méi bereet eis iergendwelleche Reegelen ze “ënnerjochen”. Do sinn dann och reliéis oder kierchlech Reegelen net méi an eisem Programm dran. Wie wëll sech haut nach soe loossen, hie misst all Sonndeg an eng Mass goen?

Mä wéi elo dëst Bild aus dem Evangelium vun haut verstoen? Wéi soll ech et interpretéieren? Ass et also iwwerflësseg an net méi eiser Zäit ugepasst? Solle mir et also si loossen? Wat wëll de Jesus hei undeiten?

Am Fong geet et drëm, fir dem Jesus an eisem Alldag, an eisem alldeeglechen Liewen no ze follegen. Mä wéi?

A fréieren Zäiten an eiser Kierch gouf et eng grouss Mass u Reegelen a Geboter. Du muss hei an du muss do. Du muss Sonndes an d’Mass goen. Du muss reegelméisseg beichte goen. Du muss an du muss! Dat ware schonn zimmlech schwéier Laaschten, déi d’Gemeinschaft vun der Relioun deem Eenzelen am Laf vun der Zäit operluecht hat. Am Juddentum war dat och esou. An de Jesus huet ebe just och dogéint geschwat. Hien huet a sengem Schwätzen an Handelen andauernd domat gestridden. Hie wollt, dass de Mënsch fräi wier vun all deenen Reegelen, déi hien wéi esou ee schwéiert Joch ugestréckt hunn. An do si mir da beim Evangelium vun haut. Säi Joch ass net schwéier. Et ass ee liicht Joch, dat eis am Liewe soll leeden. D’Fro ass, op mir gesinn, wéi et ausgesäit? D’Fro ass, op eis Kierch och an der Vergaangenheet dat esou gesinn huet?

Haut hu mir am Evangelium am Fong schonn eng Léisung fir eis Fro héieren: “Kommt alle zu mir, die ihr mühselig und beladen seid! Ich will euch erquicken.” (Mt 11, 28) De Jesus wëll eis fräi maachen vun all deene Reegelen a Gesetzer, déi eis nëmmen ustrécken an déi eis net als fräi Mënsche liewe loossen. Säi Joch, déi eenzeg Reegel am Fong ass déi, dass mir eis géigesäiteg solle gär hunn. Säi Joch kéint ee mat dem Wuert vun der léift erëm ginn.

An eisem Liewen begéinen eis ëmmer nees eng Partie Saachen, déi eis zimmlech schwéier nidder drécken. Krankheeten, Suergen, Stierwen vu léiwe Mënschen, d’Eleng-Sinn, dass mir verlooss gi vu Partner an esou weider. Ech denke jiddereen kennt der Fäll, wou et schwéier war oder ass am Liewen. Awer all des Konflikter a Suergen kënne mir zum groussen Deel doduerch léisen, dass mir eis dem Jesus säi Joch vun der Léift opleeën an een deen aneren gär hunn. Dat Eenzegt also, wat hien vun eis wëll a verlaangt, dat ass des grouss Léift. An dat Joch ass eigentlech net schwéier. Léift, déi mir schenken, gëtt eis och erëm zeréck geschenkt.

Fürbitten

Loosse mir zu Jesus Christus bieden, deen en Häerz fir d’Nout an d’Suerge vun de Mënschen huet:

  • Fir all, déi ënnert der Laascht vun hirem Liewen leiden an dorun ze zerbriechen dreeën: ëm Zouversiicht an Liewensmutt. Christus, héier eis.
  • Fir all Volleksgruppen an Vëlker, déi zerstridde sinn: ëm Fridden a Versönung. Christus, héier eis.
  • Fir all, déi sech fir Fridden, Versönung a Gerechtegkeet asetzen: ëm Kraaft an Aus-dauer. Christus, héier eis.
  • Fir all, déi traueren: ëm Hëllef an Trouscht an hirem Leed. Christus, héier eis.
  • Fir all eis Verstuerwen: ëm Gebuergenheet a Liewen an denger Léift. Christus, héier eis.

Well du, Här, bass gutt a voller Demut. Du schenks eis Rou a Gebuergenheet bäi dir. Dofir soe mir Merci elo an an all Éiwegkeet. Amen.

II

«Venez à moi, vous tous qui peinez sous le poids du fardeau», nous invite Jésus. Et prenons dans notre prière tous nos frères et sœurs qui cherchent aussi un lieu de réconfort.
Nous proclamons ta louange, Seigneur.
– Prions pour les personnes qui s’engagent au service de leurs concitoyens et concitoyennes; qu’elles respectent leur dignité et leur liberté.
– Prions pour les disciples de Jésus qui forment l’Église partout dans le monde; qu’ils portent le message de la bonté de Dieu.
– Prions pour les personnes qui souffrent dans leur corps ou dans leur cœur; qu’elles soient soutenues par leurs proches et mettent leur confiance en Dieu.
– Prions pour nos communautés, habitées par l’Esprit; qu’elles témoignent de l’amour de Dieu pour les humbles et les pauvres.
Seigneur, nous le croyons, il n’y a de véritable repos qu’en toi. C’est pourquoi notre espérance est ferme et nous proclamons ta louange. Garde-nous dans la confiance et la paix. Nous te le demandons par Jésus, ton Fils bien-aimé. Amen.
(https://fr.novalis.ca)

Gowegebiet

Härgott, zu denger Éier feiere mir dës Eucharistie. Si soll eis fräi maache vun allem Béisen an eis hëllefen, Dag fir Dag dat neit Liewen, dat mir vun dir geschenkt kritt hunn, siichtbar ze maachen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Unser Gott, wir haben den Tisch bereitet für die Feier des heiligen Mahles. Du selbst machst uns fähig, diese Feier würdig zu begehen durch Christus, unsern Herrn.

Puissions-nous être purifiés, Seigneur, par l’offrande qui t’est consacrée: qu’elle nous conduise, jour après jour, au Royaume où nous vivrons avec toi. Par Jésus.

Hochgebet – „Jesus, der Befreier“

Präfation
Ja, guter Gott, wir haben allen Grund, dir zu danken.
Denn du hast in unserer Menschengeschichte
immer neu angesetzt, uns zu befreien.
Du hast Abraham gerufen,
aus seiner Heimat fortzuziehen in das Land deiner Verheißung.
Du hast das Volk Israel aus Ägypten und in die Freiheit geführt.
Du hast immer wieder Zeichen der Befreiung gesetzt
und wirst sie setzen bis ans Ende der Zeiten,
denn in Jesus, deinem Sohn, hast du alles befreit, was gefangen war.
Er hat in deinem Namen das tödliche Netz zerrissen,
das gestrickt wird aus den Fäden menschlicher Zwänge und Ängste.
In Christi Namen sind wir neu geboren.
Wir haben angefangen, neu zu leben.
Dafür danken wir dir.
Als Erlöste und Befreite wollen wir mit allen Menschen guten Willens
und mit deiner ganzen Schöpfung einstimmen in das Lob deiner Herrlichkeit:

Sanctus

Gott, du bist heilig,
und du willst in unserem Herzen wohnen.
In Jesus hast du dies kundgetan.
Er war erfüllt von dir.
Darum ging er auf Sünder zu und hat sie mit dir
und mit sich selbst versöhnt.
Er hat sie zur Freiheit befreit.
Er hat Menschen aufgerichtet,
die gebückt waren unter den Krankheiten ihrer Seele und ihres Leibes.
Und er hat sich verschenkt an seine Jünger,
so wie er sich jetzt verschenkt an uns in den Gaben von Brot und Wein.

So bitten wir dich jetzt, guter Gott:
Sende uns deinen Heiligen Geist, den Lebensatem,
damit die Gaben von Brot und Wein
zu Jesu Leib + und Blut werden und wir erfahren:
Jesus ist mitten unter uns.

Denn am Abend vor seinem Leiden
nahm er das Brot und sagte Dank,
brach es, reichte es seinen Jüngern und sprach:

NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB,
DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.

Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum,
reichte den Kelch seinen Jüngern und sprach:

NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH
DES NEUEN UND EWIGEN BUNDES,
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH
UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.

Geheimnis des Glaubens

Vater, wir danken dir für Jesus, der unter uns ist.
Er lädt uns ein, das Leben bei ihm zu finden.
Er fordert uns auf, dass wir uns für ein Leben entscheiden,
das diesen Namen auch verdient.
Aber wir sind nicht allein gelassen.
Wir haben seinen Geist.

Um diesen Geist bitten wir für unsere Kirche,
für die Verantwortlichen in den Diensten der Kirche,
für unseren Papst Franziskus, die Bischöfe, die Priester,
die Ordensleute und für alle Menschen,
die mit uns den Weg des Glaubens gehen.
Mach uns hellhörig, damit wir spüren, wohin du uns führen willst.

Um diesen Geist bitten wir für unsere Welt,
damit Frieden einkehrt, wo Hass regiert,
wo Terror und Krieg das Wort haben.

Wir legen dir auch die Geschichte all derer in die Hand,
die vor uns den Weg zu dir gegangen und nicht mehr unter uns sind.

Guter Gott, rufe uns immer neu auf den Weg,
den Maria, Josef, die Apostel
und all die anderen Heiligen gegangen sind
und der zu deinem Reich führt.
Denn dort ist das Ziel unseres Lebens, in deinem Sohn Jesus Christus.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, 
in der Einheit des Heiligen Geistes 
alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.
Quelle unbekannt

Vaterunser

An der Nofolleg vum Jesus lieft kee fir sech eleng. An der Gemeinschaft vun de Frënn vum Jesus soll et normal sinn, een Aen fir d’Schwëster oder de Brudder ze hunn an si oder hien erëm mat allem Respekt op de gudde Wee ze begleeden. Biede mir zesummen zu eisem Papp, dass wierklech säi Wëlle soll geschéien an eiser Welt. Vater unser im Himmel, …

Friddensgebiet

Fridde kann nëmme do entstoen, wou mir eis Verantwortung géigeniwwer vun eise Matmënschen iwwerhuelen. Datt dat eis awer esou munches ofverlaangt, ass jidder-engem kloer. Dofir biede mir: Här Jesus Christus looss eis ëmmer nees wéi gutt Brid-der a Schwëstere sinn a schenk eis dofir däi grousse Fridden.

Schlussgebiet

Härgott, du hues eis mat räiche Gowe beschenkt. Looss eis ëmmer erëm Merci soen fir all dat Gutt an eisem Liewen, wat mir geschenkt kréien, a looss eis all eng Kéier béi dir doheem sinn. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Liewege Gott, mir hunn dierfen Gemeinschaft mat dir erliewen. Dofir soe mir Merci. Begleet eis elo, wa mir an eisen Alldag zeréckginn. Looss däi Wuert an däi Brout an eis hir Kraaft entfalen, fir datt mir deng Presenz an deng Léift zu de Mënsche bréngen - an dat am Schwätzen wéi am Maachen. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Gott der Barmherzigkeit und Liebe, wir haben das Gedächtnis des Leidens und der Auferstehung Christi gefeiert und das heilige Sakrament empfangen. Was uns dein Sohn in unergründlicher Liebe geschenkt hat, das werde uns nicht zum Gericht, sondern helfe uns zum ewigen Heil, durch ihn, Christus, unsern Herrn.

Comblés d’un si grand bien, nous te supplions, Seigneur: fais que nous en retirions des fruits pour notre salut, et que jamais nous ne cessions de chanter ta louange. Par Jésus.


Mass vum 2. Juli
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 16. Juli

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement