Allerséilen 2.11.2022


Home Back Print Kontakt

Léif Matchrëschten! An dësen Deeg gi mir op eis Kierfechter an denken un eis Leit, déi gestuerwe sinn. D’Denken un déi Doudeg ass eigentlech haut um Fest vun Allerséilen um Programm vun der Liturgie. An awer huet och Allerhellegen eppes mat dësem Undenken ze dinn. Hoffe mir dann net, dass all eis Leit bäi Gott sinn oder bäi Gott kommen? Wënschen mir hinnen net all, dass si bäi Gott glécklech sinn a fräi vun all Laascht vum Liewen? Eist Liewen an der Welt ass esou dacks gezeechent vun Nout a Leed, vu Krankheet an Ongléck. Dofir ass et fir eis wichteg, dass mir eise Verstuerwenen elo Fridden a Rou wënschen. Dat wëlle mir haut elo maachen. Loosse mir d’Erbaarmen vu Christus fir si an eis uruffen.

Här Jesus Christus, du bass d’Quell vum Liewen.
Här Jesus Christus, du bass deen éischten, dee vun den Doudegen operstanen ass.
Här Jesus Christus, du bass d’Zil vun eisem ierdesche Liewen.

Dagesgebiet

Här eise Gott, du bass d’Liicht vun deene Gleewegen an d’Liewe vun dengen Hellegen. Du hues eis duerch den Doud an d’Opersteeung vun dengem Jong erléist. Kuck a Gnod op all eis Verstuerwen, déi d’Geheimnis vun eiser Opersteeung gleeweg bekannt hunn, a looss fir éiweg deng Herrlechkeet gesinn. Dorëms biede mir dech duerch Christus, eisen Här. Amen.

Écoute nos prières avec bonté, Seigneur : fais grandir notre foi en ton Fils ressuscité des morts, pour que soit plus vive aussi notre espérance en la résurrection de tous nos frères défunts.

Liesungen: Klgl 3, 17-26 / Röm 14,7-9.10c-12 / Joh 6, 37-40

Lesung aus dem Buch der Klagelieder.
Du hast mich aus dem Frieden hinausgestoßen; ich habe vergessen, was Glück ist. Ich sprach: Dahin ist mein Glanz und mein Vertrauen auf den HERRN. An meine Not und Unrast denken ist Wermut und Gift. Immer denkt meine Seele daran und ist betrübt in mir. Das will ich mir zu Herzen nehmen, darauf darf ich harren: Die Huld des HERRN ist nicht erschöpft, sein Erbarmen ist nicht zu Ende. Neu ist es an jedem Morgen; groß ist deine Treue. Mein Anteil ist der HERR, sagt meine Seele, darum harre ich auf ihn. Gut ist der HERR zu dem, der auf ihn hofft, zur Seele, die ihn sucht. Gut ist es, schweigend zu harren auf die Hilfe des HERRN.

Kv. Der HERR ist mein Licht und mein Heil.
Der HERR ist mein Licht und mein Heil: *
Vor wem sollte ich mich fürchten?
Der HERR ist die Zuflucht meines Lebens: *
Vor wem sollte mir bangen? Kv
Eines habe ich vom HERRN erfragt, *
dieses erbitte ich:
im Haus des HERRN zu wohnen *
alle Tage meines Lebens. Kv
Höre, HERR, meine Stimme, wenn ich rufe; *
sei mir gnädig und gib mir Antwort!
Mein Herz denkt an dich: Suchet mein Angesicht! *
Dein Angesicht, HERR, will ich suchen. Kv
Ich bin gewiss, zu schauen *
die Güte des HERRN im Land der Lebenden.
Hoffe auf den HERRN, / sei stark und fest sei dein Herz! *
Und hoffe auf den HERRN! Kv

Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom.
Schwestern und Brüder! Keiner von uns lebt sich selber und keiner stirbt sich selber: Leben wir, so leben wir dem Herrn, sterben wir, so sterben wir dem Herrn. Ob wir leben oder ob wir sterben, wir gehören dem Herrn. Denn Christus ist gestorben und lebendig geworden, um Herr zu sein über Tote und Lebende. Wir werden doch alle vor dem Richterstuhl Gottes stehen. Denn es steht geschrieben: So wahr ich lebe, spricht der Herr, vor mir wird jedes Knie sich beugen und jede Zunge wird Gott preisen. Also wird jeder von uns vor Gott Rechenschaft über sich selbst ablegen.

Halleluja. Halleluja. Gott hat die Welt so sehr geliebt, dass er seinen einzigen Sohn hingab, damit jeder, der an ihn glaubt, das ewige Leben hat. Halleluja.

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes.
In jener Zeit sprach Jesus: Alles, was der Vater mir gibt, wird zu mir kommen, und wer zu mir kommt, den werde ich nicht abweisen; denn ich bin nicht vom Himmel herabgekommen, um meinen Willen zu tun, sondern den Willen dessen, der mich gesandt hat. Das aber ist der Wille dessen, der mich gesandt hat, dass ich keinen von denen, die er mir gegeben hat, zugrunde gehen lasse, sondern dass ich sie auferwecke am Jüngsten Tag. Denn das ist der Wille meines Vaters, dass jeder, der den Sohn sieht und an ihn glaubt, das ewige Leben hat und dass ich ihn auferwecke am Jüngsten Tag.

Lecture du livre lamentations.
Tu enlèves la paix à mon âme, j’ai oublié le bonheur ; j’ai dit : « Mon assurance a disparu, et l’espoir qui me venait du Seigneur. » Rappelle-toi ma misère et mon errance, l’absinthe et le poison. Elle se rappelle, mon âme, elle se rappelle ; en moi, elle défaille. Voici ce que je redis en mon cœur, et c’est pourquoi j’espère : Grâce à l’amour du Seigneur, nous ne sommes pas anéantis ; ses tendresses ne s’épuisent pas ; elles se renouvellent chaque matin, – oui, ta fidélité surabonde. Je me dis : « Le Seigneur est mon partage, c’est pourquoi j’espère en lui. » Le Seigneur est bon pour qui se tourne vers lui, pour celui qui le cherche. Il est bon d’espérer en silence le salut du Seigneur.

R/ Ma lumière et mon salut, c’est le Seigneur, alléluia !
Le Seigneur est ma lumière et mon salut; de qui aurais-je crainte?
Le Seigneur est le rempart de ma vie; devant qui tremblerais-je? R
J’ai demandé une chose au Seigneur, la seule que je cherche :
habiter la maison du Seigneur tous les jours de ma vie. R
Écoute, Seigneur, je t’appelle! Pitié! Réponds-moi!
C’est ta face, Seigneur, que je cherche : ne me cache pas ta face. R
Mais j’en suis sûr, je verrai les bontés du Seigneur sur la terre des vivants.
«Espère le Seigneur, sois fort et prends courage; espère le Seigneur.» R

Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Romains.
Frères et soeurs! En effet, aucun d’entre nous ne vit pour soi-même, et aucun ne meurt pour soi-même: si nous vivons, nous vivons pour le Seigneur; si nous mourons, nous mourons pour le Seigneur. Ainsi, dans notre vie comme dans notre mort, nous appartenons au Seigneur. Car, si le Christ a connu la mort, puis la vie, c’est pour devenir le Seigneur et des morts et des vivants. Tous, en effet, nous comparaîtrons devant le tribunal de Dieu. Car il est écrit : Aussi vrai que je suis vivant, dit le Seigneur, tout genou fléchira devant moi, et toute langue proclamera la louange de Dieu. Ainsi chacun de nous rendra compte à Dieu pour soi-même.

Alléluia. Alléluia. Dieu a tellement aimé le monde qu’il a donné son Fils unique, afin que ceux qui croient en lui aient la vie éternelle. Alléluia.

Évangile de Jésus Christ selon saint Jean.
En ce temps-là Jésus disait aux foules: Tous ceux que me donne le Père viendront jusqu’à moi; et celui qui vient à moi, je ne vais pas le jeter dehors. Car je suis descendu du ciel pour faire non pas ma volonté, mais la volonté de Celui qui m’a envoyé. Or, telle est la volonté de Celui qui m’a envoyé: que je ne perde aucun de ceux qu’il m’a donnés, mais que je les ressuscite au dernier jour. Telle est la volonté de mon Père : que celui qui voit le Fils et croit en lui ait la vie éternelle; et moi, je le ressusciterai au dernier jour. »

Priedegt (2.11.2022)

Léif Matchrëschten! „Respice post te, hominem te esse memento.“ „Kuck hannert dech! Denk dorun, dass du ee Mënsch bass!“ No enger gewonnener Schluecht ass de jeeweilegen Feldhär zu Roum mat groussem Pomp empfaange ginn an ass op sengem Won iwwer d’Via Sacra gezunn. E Sklave huet him d’Kroun aus gëllenen Blieder vun enger Eech iwwer de Kapp gehalen an iwwerdeems ëmmer nees dësen, elo just zitéierten Saz, gesot. De Keeser oder de Feldhär ass drun erënnert ginn, dass hien dach och nëmmen een einfache Mënsch wier an dass hien wéi si all misst stierwen. Dee Saz huet also schonn och de „Memento mori“ - „Denk dorun, dass du stierwe muss!“ mat abegraff.

De réimeschen triumphale Cortège war sou gesinn pompöse awer mënschlech gesinn extreem realistesch. D’Fro ass, op Feldhären vun haut sech dat och esou denken oder op si mengen si stéingen iwwer allem, si wiere quasi onstierflech. An och an eisem normale Liewen, sou ass et mäin Androck, verdränge mir den Dout an eist eegent Stierwen ëmmer nees. Dobäi bleift kee vun eis verschount, weder virum eegenen Dout nach virum Dout vu léiwe Matmënschen.

An allem liewe mir haut quasi an esou engem triumphale Cortège an op der Iwwerhuelspuer. Näischt schéngt eis onméiglech ze sinn. D’Iwwerhieflechkeet vum Mënsch un sech ass esou grouss ginn, dass mir vergiess hunn, dass mir eben och nëmmen stierflech Wiese sinn. En Dag wéi dee vun Allerséilen, wou mir ganz däitlech un d’Stierwen denken, stéiert do schonn. A grad dowéinst ass hien onheemlech wichteg. Mir sinn net d’Häre vun der Schëpfung, déi alles kënnen an dierfen. Um Enn bleift vun eis all och nëmmen ee Grapp vu Buedem oder Äschen iwwreg. Dat ass grad dat Schlëmmt um Dout. Ee risegt Lach ass tëschent den Doudegen an de Liewegen. Et léist eis all stomm ginn. Mir fanne keng Wierder. Den Dout stellt eis an eis Welt voll vun Aarbecht an Engagement a Fro. E léist alles an der Welt iwwerflësseg an ouni Wäert erschéngen.

„Aus der Äerd bass du geholl, an d’Äerd kënns du erëm zeréck. ... Christus ..., dee vun den Doudegen operstanen ass, mécht och dech erëm lieweg.“ Sou heescht et beim Begriefnis an der Liturgie. Wa mir da just ee klenge Grapp Buedem op d’Doudelued oder d’Urn leeën, ass dat schonn ee ganz symboleschen Geste, dee genee dat ausdréckt, dass vun eis jeeweils net vill méi wéi sou ee klenge Grapp Buedem iwwreg bleift. Dat mécht eis schonn och Suergen an net jiddereen ka gutt domat ëmgoen. Mä alles, wat ee Mënscheliewen ausmécht, ass nu mol vergänglech. Alles, wat mir als Mënsch versicht hunn ze erreechen an och vläicht erreecht hunn, huet onweigerlech een Enn. Eng Zäit nach bleift munches an der Erënnerung vun deenen, déi no eis weider liewen. Mä spéider, wann och si net méi sinn, dann da versenkt alles an der Däischtert vun der Vergaangenheet, grad esou, wéi wann et ni do gewiescht wier. „Aus der Äerd bass du geholl, an d’Äerd kënns du erëm zeréck.“ Absolutt näischt kann sech deem Wee vum Vergoen entzéien.

Eise chrëschtleche Glawen an och eis Liturgie kennt des Realitéit a verharmloost si net. Awer mir verbannen mat dëser endgülteger Wourecht och d’Hoffnung op een Operstoen. „Christus ..., dee vun den Doudegen operstanen ass, mécht och dech erëm lieweg.“ Wéi kënnt et zu dëser Iwwerzeegung? Wéi kënne mir dat soen a behaapten?

De Jesus huet säi Liewe ganz an enger déiwer Verbonnenheet mat Gott gelieft. Dofir bleift Gott him trei a léist hien net einfach am Dout vergoen. Dat Liewen, wat hie gelieft huet, déi Léift, déi hie geschenkt huet, dat ass eben och geschitt a bleift geschitt, och wann d’Vergiessen säin däischteren Mantel doriwwer breet. Mä wéi liewe mir da gutt viru Gott an a senger déiwer Verbindung? Ee Mënsch lieft gutt viru Gott, wann hie mënschlech lieft. Mënschlecht Liewen awer bedeit hei: Léift sichen a Léift schenken. Dat heescht och, dass mir zu Feeler stinn an ëm Verzeiung froen, an et heescht, dass mir Verzeiung schenken.

An eiser Liesung huet et geheescht: „Die Huld des HERRN ist nicht erschöpft, sein Erbarmen ist nicht zu Ende.“ (Klgl 3, 22) Dat dréckt aus, dass Gott zu eis als Mënschen hält an alle méigleche Situatiounen. Dat gëtt eis eng grouss Hoffnung, dass kee Liewen ëmsoss ass. Mä et gëtt eis awer och a mengen Aen eng Verflichtung mat op de Liewenswee. Och eist Erbaarmen soll ni op een Enn kommen. Dat ass sécherlech ganz schwéier. Et ass wuel dat, wat da wierklech vun eis bleift, well all dat Gutt vun eisem Liewen a Gott opgehuewen ass.

Den Dag vun Allerséilen ass fir mech net einfach eng Erënnerung u Mënschen, déi eng Zäit mat eis gelieft hunn. Et ass een Opruff, dass mir solle versichen mënschlech ze liewen, dass mir solle versichen gutt ze sinn, dass mir solle versichen eis Welt mat Léift ze fëllen. Natierlech, wann alles vergeet, wéi ech et virdru gesot hunn, da vergeet och dat Schlecht, dat ee Mënsch gemaach huet. Awer ass et net wichteg, dass mir déi kuerz Zäit vum Liewen wierklech notzen, fir der Guttheet, der Léift an dem Fridden an der Welt zum Bléien ze verhëllefen?

Vill Mënschen liewen an Nout an a Misär. Firwat sollte mir net zesumme stoen an eis géigesäiteg versichen ee gutt an ee schéint Liewen ze maachen? De Sënn vum Liewen besteet dach sécher éischter doran, dass all Mënsch glécklech a frou ass. A wa mir dat erreechen, dann ass näischt vun eis verluer, well mir all a Gott an a senger Léift sinn.

Fürbitten

Loosse mir elo zu Gott, dem Här iwwer Liewen an Doud bieden:

  • Mir bieden fir all eis Familljememberen a Frënn, fir all, déi eis no waren an elo schonn am Dout vun eis gaange sinn. (Stëllt) Härgott, héier eis.
  • Mir bieden fir all Verstuerwen, mat deene mir eis schwéier gedinn hunn, mat deene mir am Sträit waren an déi mir net mat der néideger Léift begéint sinn. (Stëllt) Härgott, héier eis.
  • Mir bieden fir all déi, déi am Moment an de Krisegebidder vun eiser Welt een ongerechten a brutalen Dout stierwen. (Stëllt) Härgott, héier eis.
  • Mir bieden fir all déi, déi et am Moment ganz schwéier hunn, fir ee Verstuerwenen goen ze loossen, déi iwwer den Dout vu gudde Mënschen net ewech kommen. (Stëllt) Härgott, héier eis.

Gott, eise Papp, mir soen dir Merci fir déi Dir zum Liewen, déi’s du eis an der Opersteeung vun dengem Jong opgemaach hues. Erbaarm dech eisen Verstuerwenen. Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus, eise Brudder an Här. Amen.

II

Jésus nous a ouvert le passage de la mort à la vie. En son nom, nous prions Dieu pour tous nos frères et sœurs. Donne ta paix, Seigneur.

– À ceux et celles qui ont accompagné cette année un être cher dans son passage vers la vie nouvelle, donne ta paix, Seigneur.

– Aux chrétiens et aux chrétiennes angoissés ou révoltés par la réalité de la mort, donne ta paix, Seigneur.

– Aux personnes qui souffrent et voient venir la fin dans la solitude, donne ta paix, Seigneur.

– Aux enfants qui vont perdre un parent, aux parents qui ont perdu un enfant, donne ta paix, Seigneur.

– À nous ici rassemblés qui croyons en la promesse de vie éternelle, donne ta paix, Seigneur.

Dieu notre Père, tu ne veux pas notre mort. Tu trouves ton bonheur et ta gloire dans la vie de tous tes enfants. Réalise ce que tu as promis et conduis-nous tous ensemble vers le Royaume éternel. Nous te le demandons par ton Fils, Jésus ressuscité et vivant, pour les siècles des siècles. Amen.
(http://www.vieliturgique.ca)

Gowegebiet

Här, eise Gott, kuck an denger Guttheet op des Gowen. Huel all deng Frënn, eis Bridder a Schwësteren, op an d’Herrlechkeet vun dengem Jong, mat deem och mir duerch dat grousst Sakrament vun der Léift verbonne sinn. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Sois favorable à nos offrandes, Seigneur: que tous les fidèles défunts soient admis dans le Royaume avec ton Fils qui nous unit les uns aux autres par le mystère de son amour. Lui qui règne.

Vaterunser

D’Gebiet vun eisem Här Jesus hu mir ganz dacks mat deene Mënschen zesumme gebiet, un déi mir haut besonnesch denken. Loosse mir haut fir si drëm bieden, dass si gutt bäi Gott gebuerge sinn.

Friddensgebiet

Fridden ass dat, wat mir eis an eise Verstuerwene wënschen. Vill vun hinnen sinn an Nout vun eis gaangen. Si sollen dofir elo bäi Gott deen déiwe Fridde fannen. Härgott schenk eise Verstuerwenen an eis selwer däi Fridden.

Schlussgebiet

Baarmhäerzege Gott, mir hunn d’Gediechtnes vum Doud an der Opersteeung vu Christus gefeiert fir eis Bridder a Schwësteren. Féier si vum Doud an d’Liewen, aus der Däischtert an d’Liicht, aus der Bedrängnis an déi Fridden. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Ouvre, Seigneur, à nos frères défunts ta maison de lumière et de paix, car c’est pour eux que nous avons célébré le sacrement de Pâque. Par Jésus.


Mass vum 1. November
Klick op d’Kalennerblat fir d’Mass als PDF!
Mass vum 6. November

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement