Sonndesmass vun Bäertref 13.06.2021

11. Sonndeg am Joreskrees


Home Back Print Kontakt

Klick op d’Bild w.e.g fir de Video zu starten

D’Sonndesmass gouf den 13. Juni um 9.00 Auer aus der Kierch vu Bäertref iwwerdroen. D’Kommiounskanner sangen ënnert der Leedung vum Josiane Mirkes ép. Osborne a gi begleed um Keyboard vum Libby Kramer an op der Gittare vum Tom Osborne.

 

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée / Uergel Jesus, Name Above All Names Naida Hearn
Agangslidd Gottes Liebe ist so wunderbar S. Sommerland/K. Glück
Kyrie gëtt gebiet
Gloria Gloria, Ehre sei Gott Kathi Stimmer-Salzeder
Alleluia Hallelu, hallelu, hallelu, hallelujah, preiset den Herrn traditional spiritual
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Lasst uns miteinander singen, loben, danken dem Herrn Peter van Woerden
Sanctus Gott ist heilig Kanon no der Melodie vu Frère Jacques
Anamnes Il est vivant Mag 1138, N. Colombier
Agnus Dei Der gute Gott schenkt Frieden Reinhard Horn
Kommioun Love Grows Here Don Besig
No der Kommioun Entdecke das Geheimnis in Brot und in Wein Robert Haas
Schlusslidd Halte zu mir, guter Gott R. Krenzer/L. Edelkötter
Sortie Come Christians, Join to Sing Arr. Becki Slagle Mayo
 

D’Kommiounskanner sangen

D’Kommiounskanner vu Berdorf, en Deel vun de Kommiounskanner vu Befort, vun Hemstel (Bech) a vu Consdorf fréen sech fir d’Télésmass fir Iech ze sangen an hëllefen, ze gestalten. Zesumme si mer staark, och an dëser Zäit wou d’Pandemie nach nët riwwer ass. D’Kanner wëllen e Stéck Gemeinschaft schenken an zesumme mat Iech feieren, mat de Mëttelen déi mir an dëser Zäit hunn.
De Kanner hiere Glawen an hier Freed solle fir eis all en Hoffnungszeeche sinn. Aus dem klenge Soomkär kann eppes Grousses entstoën. Mir mussen e pflegen, mir musse fir säi Wuesse suergen. Mee en Deel vum Wuesstëm ass och einfach geschenkt. Mir brauche just Gedold. Maacht Iech mat de Kanner op de Wee.

Et sangen d’Kommiounskanner vu Berdorf, Befort, Hemstel (Bech) a Consdorf
Leedung: Josiane Mirkes ép. Osborne
Keyboard a Gesang: Libby Kramer
Gittare a Gesang: Tom Osborne


Links:

Sonndesmassen

Online Pastoral

Dëse Video op Youtube

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement