Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
D’Mass um 19. Sonndeg am Joreskrees (13. August 2023) gouf vun der Giischterklaus iwwerdroen. Et séngt d’Chorale Mary’s Sisters and Friends mat de Solisten Nicole Koob a Josiane Mirkes. Dirigent ass den Thomas Osborne, op der Uergel begleet de Jos Majerus.
D’Chorale Mary’s Sisters and Friends
Et ass schonns zu enger Traditioun ginn: d’Muttergotteswoch op der Giischterklaus gëtt mat enger Tëleesmass feierlech lancéiert!
Iwwer d’Joren hunn ënnerschiedlech Ensembelen d’gesanglech Animatioun vun der Tëleesmass iwwerholl: eng gregorianesch Schola oder ad hoc gemëschte Chéier oder Gemeindegesang… alleguer zielen se zum Frëndeskrees vun der Kapell op der Klaus. Vun Ufank un wierkt de Basilika Organist Jos Majerus mat Begeeschterung a Kompetenz mat!
Dëst Jor ass et un engem Grupp vu Fraen, dee fir d‘éischt bäi der Animatioun vum Weltgebiedsdag vun de Fraen zu Berdorf am Maerz aktiv wor an deen duerno zesumme mat senge Frënn als gemëschte Chouer bäi der Gestaltung vu Kommuniounen an vun der Firmung an der grousser Por Iechternach bedeelegt wor.
Spontan krutt de Fraëchouer den Numm « Mary’s Sisters ». Musikalesch schléissen sie keng Richtung aus, wéi de Programm vun der Tëleesmass et undeit mat Wierker vu Mendelssohn a Fauré (fir Fraechouer), sowéi mat zäitgenössege Kierchelidder (gemëschte Chouer).
« Mary’s Sisters » mat hire Frënn sti bewosst an engagéiert an der Linn vun de « Scharen von Schwestern und Brüdern im Glauben », déi offen Aan fir d’Liewe vun haut hunn an awer de Luewgesank noklënge loossen, deen d‘ Maria schonns deemols gesongen huet!