Atme in mir, Heiliger Geist


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Atme in mir, Heiliger Geist

Virun net all ze laanger Zäit ass mir en Text an d’Hänn gefall deen den Titel gedroen huet : “Atme in mir, Heiliger Geist”.
Et war eng ganz interessant Iwerleeung. Eist Liewen ass mat engem Auto verglach gin, deen ënnerwee war, op der Stross vum Liewen. E war schonn zimlech al, an en hat munche Verschleiss. Hannen drop war en Opkliewer mat de Wieder
“Ich fahre mit Gott“. Deen Opkliewer war net méi ganz däitlech, an awer wollt den Fuerer en net erof maachen. Et weess ee jo ni. Den Auto huet seng Strecke gemaach. Wann et mol méi schwéier ginn ass, huet en scho gekäicht a gerappt.
Fir an d’Revisioun ze goen, war awer keng Zäit. Et haat een hei e Rendez-vous an do en Iessen. Et huet ee sech mat Frënn getraff an et war ëmmer eng Auersaach fir net op den “Auto “ ze lauschteren..
Wéi laang packt een dee Rythmus? Ëmmer op der Iwwerhuelspuer ? Keng Zäit fir sech selwer!

Enges Daags ass de Motor méi lues ginn. Dee liewenswichtige Spiritus ass nëmmen méi heiandsdo bis bei de Motor komm. E krut net méi genuch Energie. Et ass keng Kraaft méi do. Den Auto vum Liewen war un e stoe komm. Als éischt huet de Fuerer op den Opkliewer gekuckt. E war net méi ze liesen. Stung dat a Verbindung mat senger Energielosegkeet? Hien huet beschloss eng Paus ze machen an doriwer nozedenken. Um Bord vun der Strooss stoung e Schëld mat der Opschrëft : Garage vum Hellege Geescht.

Villäicht war dat jo d’Léisung. En ass mat sengem Auto dohi gaang an wollt sech hëllefe lossen. Den Meeschter vum Betrib huet de Capo opgemaach an eragekuckt. En huet e puer onbequem Froe gestallt. Wéi al ass d’Batterie? Wéini ass si fir d’Lescht opgeluede ginn mat frëscher Energie a Kraaft? All déi Schläich fir de Spiritus waren porös an et konnt keng Kraaft méi ukommen.

Den Auto vum Liewe war ganz schéin erofkomm. De Meeschter, dien iwwregens Hellege Geescht geheescht huet huet no an no alles gefléckt. Dunn huet heen e gutt Weiderfuere gewënscht. En huet awer nach eppes gesot: heen hätt mir neie Spiritus - Otem vum Hellege Geescht - an den Tank gemaach. Des Weideren hätt heen och mäin Opkliewer um Auto frësch gemaach. Vun elo u wär Gott mat am Auto. Et wär elo erem e ganzt aner Fueren. Ech bräicht mir keng Suerge méi ze maachen an och keng Angscht ze hunn. Esou wéi en elo agestallt ass, kéim ech ganz gutt u mäin Ziel vum Liewen. Ech sollt just net ze laang waarde bis ech erem an eng Garage vum “ Hellege Geescht” ginn.

Ech wënschen Iech alleguer, léif Parleit, datt Dir op Péngschten déi Kraaft an deen Otem spiert. Ech perséinlech spieren et besonneg op Péngschtdënsdeg, wa mir alleguer zesumme an der Prossesioun zum Hellegen Willibrord bieden a sprangen.
Esou Momenter brauch jidderee vun eis a mir däerfen a sollen net vergiesse Gott mat u “Bord “ ze huelen.

Sylvie Kinnen
Porassistentin

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement