Eng Kierch fir d‘Zukunft: Eng lieweg Kierch!

Editorial aus dem Parbréif 04/22


Home GoBack Print Kontakt

Nei Weeër sichen, nei Weeër goen, nei Weeër fannen, nei Weeër woen, nei Weeër zouloossen..., fir eng lieweg Kierch ze sinn. Eppes net muss erneiert ginn: Jesus Christus a seng Botschaft. Eng Kierch fir jiddereen, eng oppen Kierch, eng freedeg, wou ee sech gebuerge spiert, wou jiddereen en Doheem fënnt, sech ugeholl spiert. Eng Kierch, wou de gemeinsame Glawen Gemeinschaft schaaft, wou d’Gemeinschaft keen ausschléisst. Eng Kierch wou ech gären higinn, well si mir eppes fir d’Liewen schenkt, eng Kierch, wou ech ka matschwätzen... Misst dat net de Wee an d’Zukunft sinn vun enger Kierch am Glawen u Jesus Christus? Eng Kierch, wou natierlech Christus a seng Botschaft am Mëttelpunkt stoe sollen. Eng weltoppenen Kierch… well de neie Bond vu Gott duerch Christus ass jo mat alle Mënschen. Dëst ass awer net esou einfach, dofir misst een Verännerungen méiglech maachen, jo deels souguer grouss Verännerungen zouloossen. Mee méiglech wier et awer oder?

Wann een op Jonker oder kritesch Stëmme lauschtert, dann héiert een ëmmer nees, datt d‘Kierch eppes Almoudesches ass, eppes Verstëbstes, vu fréier, wäit ewech vun de Leit a vum Liewen, eppes wat net modern a cool ass, eppes wou ech näischt kann domat ufänken… An dobäi war de Jesus de Mënschen dach ëmmer esou no an hie wëll dat och an allen Zäiten sinn: „Seid gewiss: Ich bin bei euch alle Tage bis zum Ende der Welt“ (Mt 28,20). Virun allem awer ass d’Bild vun der Kierch no baussen net sou erfreelech a positiv. Natierlech ass hei éischter d’Institutioun Kierch am Bléckpunkt, wou sécherlech Muecht, Mëssbrauch, Skandaler, Aussoen, a villes méi, e negatiivt Liicht op d´Kierch werfen. Awer Christus riicht sech mat senger Botschaft un all Mënschen a wëllt eng Kierch, eng gleeweg Gemeinschaft opbauen, déi ganz einfach, an an der Léift mateneen verbonnen ass . Eng Gemeinschaft wou mir viru Gott alleguer gläich sinn.

D´Synod, den Opruff vum Poopst fir eng synodal Kierch, en Opruff fir Verännerung, en Opruff fir e gemeinsame Wee an d’Zukunft. D’Synod ass en Opruff un eis alleguer fir iwwer d’Kierch an de Glawen nozedenken a mateneen driwwer ze schwätzen. Nei Weeër vu chrëschtlecher Gemeinschaft ze sichen an ze formen…. Dëst ass sécherlech e gudden a richtege Wee. En Opbroch, esou wéi den Abraham opgebrach ass, säin aalt Liewen hannert sech gelooss huet, fir e Schrëtt an eng nei Richtung ze goen. Och mir mussen opbriechen, nei Weeër plangen a Verännerungen verwierklechen. Christus a seng Botschaft nei entdecken. Esou ass et un eis gleewege Chrëschten alleguer aktiv eng Hand unzepaken a vun ënnen erop an eise Paren, do wou mir bei de Mënsche sinn, eng lieweg Kierch ze gestalten an eng oppen Gemeinschaft ze sinn.

Dobäi solle mir och op d’Hëllef vum Hellegen Geescht vertrauen an eis esou wéi d’Apostelen begeeschteren loossen fir d’Botschaft vum operstanenen Jesus Christus ze verkënnegen. Loosse mir de Geescht vu Päischten an eis wierken, deen eis alleguer verschidden Gowen mat op de Wee gett an eis vill Dieren op mécht. De Paulus sot schonns a sengem Bréif un d´Leit aus Korinth: „Der Herr aber ist der Geist und wo der Geist des Herrn wirkt, da ist Freiheit.“ (2 Kor 3,17) Jiddereen soll sech mat sengen Fäegkeeten abréngen a mat un enger Kierch fir muer bauen.

Léif Elteren, hei dofir och en Opruff un Iech, gitt Ären Kanner d’Méiglechkeet de Glawen u Jesus Christus kennen ze léieren, schéckt si dofir an d’Parkateches a gitt och selwer e Stéck Wee mat hinnen zesummen um Wee vum chrëschtlechen Glawen. Esou maach Dir de Kanner et méiglech ze spieren, wéivill Rou, Kraaft, Ausgläich, Courage, Gläichgewiicht…. de Glawen u Christus dem deeglechen Liewen ka schenken. Esou kënnen si och spéider Halt fannen am Liewen duerch de Glawen u Gott. Ze wëssen, datt do eng Plaz ass wou ech ëmmer kann higoen a wou ech kann Trouscht fannen a menge Suergen, Problemer a Leed, dat mécht staark a fräi. Ze wëssen, do ass een deen ass ëmmer fir mech do an dreet d’Leed an déi schwéier Momenter mat mir, léisst aushalen a mécht de Bléck fräi fir de Kapp net hänken ze loossen.

Léif Matchrëschten alleguer, ass dat net eppes wat eis all gutt deet, ze wëssen, ech sti ni eleng do, do ass ëmmer een dee mat mir geet a mech ëmmer gären huet. Ass de Glawen u Christus a seng Botschaft net e grousst Geschenk, wat villes an eis bewierken kann?

Den Hellege Willibrord kann eis och e Virbild op dësem Wee sinn, säin onermiddlechen Asaz fir d’Verkënnegung vu Christus a senger Botschaft ass hei beispillhaft. Weder Réckschléi, nach Zerstéierungen, Mësserfolleg resp. Ofweisung, konnten de Willibrord dervun zréckhalen fir säin Ziel ze verwierklechen. Heen huet net no hanne gekuckt. Heen huet a senger Zäit Zeechen vu Kierch sinn gesat. Heen huet an Europa verschidde Vëlker/Natiounen mat der Botschaft vu Christus am chrëschtlechen Glawen zum friddlechen Zesummeliewen beweegt. Eng lieweg Kierch um Wee vun der Léift vu Gott. Heen huet a senger Zäit versicht de Mënschen Halt, Kraaft a Courage am Liewen ze vermëttelen duerch de Glawen an d’Vertrauen op Gott. Och haut an an Zukunft soll de Chrëscht an der Kierch Trouscht, Halt, Kraaft a Gebuergenheet fannen.

D’Sprangprëssioun ass hei e gutt Bild fir eng Kierch vu gëschter, haut a muer. War fréier éischter Krankheet a Leed de Grond fir zum Graf vum Hellegen Willibrord ze sprangen, sou sinn haut ganz verschidden Gedanken a Grënn, déi vill Mënschen beweegen, zesumme mat Frënn, de gemeinsamen Wee am Sprangen zum Graf hin vum Eechternoacher Missionar, matzemaachen. Allefalls ass dës gemeinsam Ustrengung an dëst speziellt Erliefnis zu Éieren vum Hellegen Willibrord och an der haiteger Zäit e flott Bild fir eng lieweg Kierch an eng modern Gemeinschaft, e Bild vu friddlechem, freedegem, awer och vläicht gefillsvollen Mateneen, egal aus wéi enger Iwwerzeegung eraus een sech un dëser Gemeinschaft bedeelegt. D´Sprangpressessioun schaaft Zesummenhalt, Gemeinschaft an Eenheet. An deem Sënn mat dem Sproch vum Hellegen Willibrord virun mat der Kierch an d´Zukunft: „In Dei Nomine feliciter“, freedeg a Gottes Numm virunn…

Loosse mir op Päischten de gudde Geescht vu Gott op eis all erofruffen mat dem Text vun engem Lidd op lëtzebuergesch (Melodie vun „Rendez grâce au Seigneur car il est bon“), wou et heescht:

Hellege Geescht, gëttlech Léift erfëll eis all. Maach eis staark, frou a fräi an ëmmer gutt. Eise Merci gëllt Dir dem grousse Gott, ëmmer schenks Du eis deng Léift….
1) Looss eis denken a liewen wéi Jesus, looss eis schaffen a frou si wéi Jesus, looss eis gutt si géint aner wéi Jesus. Hellege Geescht gëttlech Léift erfëll eis all….
2) Duerch echt Frëndschaft mat anere Mënschen, looss entstoe eng Gemeinschaft vu Chrëschten, dass d’ganz Welt fënnt de Glawen u Gott. Hellege Geescht gëttlech Léift erfëll eis
all.

Luc Zimmer

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement