Verlaangere nom Liicht

Editorial aus dem Parbréif 8/2022


Home GoBack Print Kontakt

Léif Kanner, léif Leit,

Schonn ass nees e Joer eriwwer a mir sti virum éischten Advent. Den Advent ass eng vun deene schéinsten Zäiten am Joer. Alles gëtt no an no beliicht, et gëtt all Joer méi fréi ugefaangen, ze dekoréieren. Mir schénge Chrëschtdag bal net erwaarden ze kënnen. Wat erwaarde mir eis vun der Virbereedungszäit op Chrëschtdag an och vu Chrëschtdag selwer? Sinn et d’Kaddoen, déi eis de Kapp verdréien? Ass et dat gutt Iessen, wat mir erwaarden? Ass et d’Virfreed fir d’Famill erëmzegesinn a mat hinnen ze feieren? Oder ass do nach e klenge Schimmer vun dem Jesus, den als klengt Kand an eis Welt kënnt, an engem Stall gebuer, an eng „normal“ Famill eran, an d’Suergen an och an d’Freed vun der Welt eran?

Dëst Joer wäerte mer villäicht méi nodenken ze hunn wéi déi lescht Joren. D’Liewen ass méi deier ginn, et kann net méi alles einfach an direkt geliwwert ginn, d’Präisser vum Sprit si permanent op der Achterban ënnerwee, de Krich an der Ukrain, politesch, wirtschaftlech a sozial Froen a Suergen, Krankheet oder e Sträit, alles Situatiounen, déi eis beschäftegen. Wivill Leit sinn dëst Joer net sou gutt drun, wivill Leit fäerten ëm hir Existenz, hir Gesondheet, hir Fräiheet, hiert Liewen?

An déi Situatiounen eran maache mir eis elo zesummen op de Wee duerch den Advent op Chrëschtdag zou. Dat klengt Kand an der Krëpp wäert Liicht schenken, well et d‘ Konditioune vun sou ville Mënschen hautdesdaags deelt. Dat Kand wäert net an engem Palais op d’Welt kommen, et wäert net mam gëllene Läffel z’iesse kréien, et wäert vun Ufank un Onverständnis, Näid, Feindschaft an Ofleenung ze spiere kréien, sou wéi vill Mënschen et och an eiser Zäit erliewen.

Eis Welt vun dësem Joer seent sech méi wéi jee no Liicht, no Orientéierung. Mir wënschen eis all an der Virbereedungszäit op Chrëschtdag e Liicht, vill Liichter, mir sichen all no dem Liicht a si frou, fir e bëssi ze flüchten aus de Suerge vum Alldag, wa mir et schéin doheem maachen, waarm fir eis Famill a fir eis. Eng iwwerflächlech Flucht wäert eis awer net hëllefen. Et soll keen Oflenkungsmanöver sinn, keng Vortäuschung falscher Tatsachen, mee e bewosst Zougoen op Chrëschtdag, wou mir no dem Liicht sichen an dem Jesus eng Plaz an eiser Mëtt maachen.

Mir ginn zum Spueren opgeruff. An eise Kierchen ass et (nach) méi kal, an ëffentleche Gebaier och, doheem gëtt sécher och opgepasst mat dem Hëtzen, dem Stroum, mat dem, wat mer ausginn. Mir stellen eis warscheinlech vill méi oft d’Fro, ob mir dat wat mir kafen, och brauchen. Vill vun eis liewe méi bewosst, stelle sech Froen. A grad do huet d’Liicht vum Jesus Plaz a kann eist Liewen hell maachen, well eist Liewen nei Déift fënnt.

An dës Welt eran, kënnegt sech am Advent mam Ufank vum neie Kierchejoer och de Retter vun der Welt un, e Retter, dee komme soll, komme wäert, anescht, wéi mir et erwaarden. Villäicht komme mer deelweis ewech vun der Glitzerwelt, der Scheinwelt a fannen eng nei Déift? Villäicht loosse mer dëst Joer bewosst méi Plaz fir dem Jesus säi Liicht, wat en anert ass, net iwwerflächlech, wat eis am Häerz beréiere wëll, wat dem Häerz eppes schenkt duerch déi Zouwendung, déi mir en dem anere ginn.

Ech hunn den Androck, dass dëst Joer nach éischter, wéi déi Jore virdrun den Advent virbereet gëtt mat Dekoratiounen. Et sinn awer aner Dekoratioune wéi déi Jore virdrun: selwer gemaachter, gebastelt aus dem, wat am Bësch gesammelt ginn ass, mat Liichtercher drun, fir et méi hell ze maachen. D’Mënsche seenen sech no Gebuergenheet a Fridden am Liewen, si sichen no Liicht.

Mir all seenen eis no dem Liicht, vertraue mer drop, dass mir en Deel selwer an der Hand hunn fir d’Liewen vun anere méi hell ze maachen, an en Deel gëtt eis geschenkt. Och an eis Zäit eran wäert e Liicht kommen, villäicht bescheiden, mee et wäert kommen. Loosse mer him eng Plaz, a loosse mer deene Gemeinschafte Raum, déi eis liewe loossen. Dem Jesus säi Liicht wäert eis féieren.

Josiane Mirkes

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement