|
Chrëschtdag - Mass um Moien an Houmass
Léif Matchrëschten! Seelen hate mir déi frou Noriicht vu Chrëschtdag méi néideg wéi dëst Joer. Gott kënnegt Fridden un. Dat ass eng ganz grouss Botschaft, déi eis grad elo wëll Trouscht zouschwätzen. Mir gesinn eng Mamm an ee Papp mat hirer Suerg ëm dëst klengt Kand, dat an erbäermlechen Ëmstänn an d’Welt antrëtt. Gott mécht kee Bou ëm d’Welt, déi nach laang net esou perfekt ass. Gott deelt déi mënschlech Nout a Suerg. Doriwwer dierfe mir eis freeën. Loosse mir hien ëm seng Gnod froen. Kyrie
Här, Jesus Christus, du bass d’Wuert vu Gott, dat Mënsch ginn ass. Ufanksgebiet (Moiesmass)
Allmächtiger Gott, dein ewiges Wort ist Fleisch geworden, um uns mit dem Glanz deines Lichtes zu erfüllen. Gib, dass in unseren Werken widerstrahlt, was durch den Glauben in unserem Herzen leuchtet. Darum bitten wir durch ihn, Jesus Christus. Dieu tout-puissant, en ton Verbe fait chair une lumière nouvelle nous envahit: puisqu’elle éclaire déjà nos coeurs par la foi, fais qu’elle resplendisse dans toute notre vie. Par Jésus Christ. Ufanksgebiet (Dagesmass)
Allmächtiger Gott, du hast den Menschen in seiner Würde wunderbar erschaffen und noch wunderbarer wiederhergestellt. Lass uns teilhaben an der Gottheit deines Sohnes, der unsere Menschennatur angenommen hat. Er, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und herrscht in alle Ewigkeit. Père, toi qui as merveilleusement créé l’homme, et plus merveilleusement encore rétabli sa dignité, fais-nous participer à la divinité de ton Fils, puisqu’il a voulu prendre notre humanité. Lui qui règne. Liesungen: Ech hunn haut nëmmen déi däitsch Liesungstexter an dëst Dokument opgeholl. Déi franséisch Texter fann dir hei: https://www.aelf.org Liesungen vun der Mass um Chrëschtmoien (Hierdemass)
Lesung aus dem Buch Jesaja. Kv Ein Licht strahlt heute über uns auf: geboren ist Christus, der Herr. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an Titus. Halleluja. Halleluja. Ehre sei Gott in der Höhe und Friede auf Erden den Menschen seines Wohlgefallens. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. Liesungen vun der Houmass
Lesung aus dem Buch Jesaja. Kv Alle Enden der Erde sehen das Heil unsres Gottes. – Kv Lesung aus dem Hebräerbrief. Halleluja. Halleluja. Aufgeleuchtet ist uns aufs Neue der Tag der Erlösung: Ein großes Licht ist heute auf Erden erschienen. Kommt, ihr Völker, und betet an den Herrn, unseren Gott! Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Priedegt II
Wa mir Chrëschtdag feieren, da feiere mir d’Gebuert vun engem klenge Kand, dem Jesus. Fir eis Relioun vum Chrëschtentum ass et wesentlech, dass de Jesus, als de Jong vu Gott, een echte Mënsch gëtt an deemno och op engem echt mënschlechen, jo natierleche Wee zur Welt kënnt. Chrëschtdag feiere mir genee dat. Gott gëtt Mënsch. Mä wéi geschitt dat? Hannert der héich theologescher Siicht op d’Fest vun der Gebuert vu Christus steet eben déi biologesch a mënschlech Säit vun der Geschicht. Lo loossen ech, der Einfachheet geschëlt, mol déi ganz Diskussioun ëm déi onnatierlech Empfängnis an d’Jongfralechkeet vun der Mamm vum Jesus ewech. Dat spillt fir mech keng wesentlech Roll a menge Gedanken vun haut. Mä wichteg ass ze gesinn, dass Gott egal wéi een echte Mënsch brauch, deen op engem dann dach natierleche Wee de Jesus zur Welt bréngt. Kloer ass och, dass vun der Mamm vum Jesus an der helleger Schrëft vun der Schwangerschaft rieds ass. Sou gesinn ass et een normalen, mënschlechen an natierleche Virgang. Awer hu mir scho mol doriwwer nogeduecht, dass fir dëst wesentlecht Geschéien vun eiser Relioun net einfach ee Mënsch gebraucht gouf, mä ausgerechent eng Fra, eng Mamm? A genee do gi bäi mir all Alarmklacken un. Eng Fra ass et, déi et erméiglecht duerch hiert Jo-Wuert, dass Gott am Jesus kann een echte Mënsch ginn. Eng Fra steet also um Ufank als Mënsch vun eiser Relioun do. De Jousef als Mann spillt vun Ufank un eng äusserst passiv Roll an entgéint allen deemolegen Virstellungen iwwer "Zeugung" a Gebuert, ass hien an der Bibel op eng Statisteroll degradéiert. De Mann spillt also um Ufank keng Roll. Mä et ass eng Fra, déi hei duerch hiren Asaz am Liewen en entscheedenden Ufank erméiglecht. Dat éischt a wesentlech emotionaalt Fest an eiser Relioun ass ouni eng Fra a Mamm net denkbar. A wat fir eng Roll spillt haut d’Fra an der Kierch? Dat zweet an theologesch wichtegst Fest ass Ouschteren. D’Haaptroll spillt do sécherlech de Jesus selwer. Allerdéngs, wien huet als éischt eppes vun der Opersteeung, dem Fundament vun eiser Glawensgemeinschaft, erfueren? Wien huet als éischt des grouss Noriicht erfueren a weider gedroen? Jo, dat war eng Fra, d’Maria vu Magdala! Bäi dësem héchste Fest vum Chrëschtentum ass et also och eng Fra, déi niewent dem Jesus selwer déi Haaptroll do spillt. Eng Fra verkënnegt den Apostelen, deenen intime Frënn vum Jesus, dass hiren Här a Meeschter lieft. Eng Fra bréngt des Botschaft vun der Erléisung fir d’Welt an d’Welt. A wat fir eng Roll spill haut d’Fra an der Kierch? Nach ëmmer gi bäi eis als kathoulesch Kierch keng Fraen zu héich gestalten Ämter zougelooss. Si dierfen Déngschter vun enger Mod leeschten. Si dierfen hëllefen. Awer dat Wesentlecht dierfen si net. Och studéiert Theologinnen, déi Professorinnen op enger theologescher Fakultéit sinn, dierfen net an enger Mass priedegen. Wat fir eng Schizophrenie! Mat grousser Méi gëtt bis haut vun deem "Altherrenklub" zu Roum versicht ze argumentéieren, wat längstens als Ligen entlarvt ass. Natierlech hu mir och nach ëmmer dëser Leit an eise Reien, déi net wëllen, dass eng Fra soll matschaffen, priedegen, geweit ginn. Nach deslescht an der Willibrordusoktav hunn der Leit, déi ëmmer nëmmen an d’Vergaangenheet kucken an do quasi liewen, sech ofgedréint an d’Basilika verlooss, wéi eis Parassistentin ugefaangen huet mat hirer Priedegt. Wat ass dat fir eng Haltung haut? Wat ass dat fir eng Wäertschätzung vun enger Fra, déi mat ganz villen Joren vu Beruffserfarung sécherlech vill méi ze soen huet wéi esou jonk Borschten, déi kaum d’Liewen am echte kennen? Wat ass dat fir ee Respekt virun der Mamm, déi eisen Här Jesus op d’Welt bruecht huet? All déi, déi meeschtens esou reaktionär an almoudesch sinn, leie permanent op de Knéien virun enger Muttergottesstatu, pilgeren op Lourdes a Fatima asw., awer virun der Fra hu si keng Uechtung, wann et ëm ee gläichberechtegt Matschaffen an eiser Kierch geet. Dobäi, wéi ech et virdrun ugefouert hunn, géif et eis Relioun vum Chrëschtentum ouni Fra a Mamm guer net ginn. Um Ufank vum mënschleche Liewen vun eisem Här a Gott Jesus Christus steet d’Mamm, déi de Jesus zur Welt bréngt. Um Enn vum mënschleche Liewen vun eisem Här a Gott Jesus Christus, do wou hien fir eis all zum Erléiser gëtt, steet eng Fra, déi als éischt Verkënnegerin vun der gudder Noriicht vun him selwer den Optrag kritt, fir eben just dat bedeitendst Ereegnis weider ze ginn. Wann des zwee entscheedend Momenter vun eisem Glawen net duer ginn, fir der Fra endlech och an der Kierch déi Positioun ze ginn, déi si op Gronn dovunner hätt, dann deet et mir net leed, wann alles an nächster Zäit zu Gronn geet an eis Relioun sech selwer hirer eegener Wourecht verschléisst. Op esou munche Platzen an eiser Par hunn ech scho gesinn, dass mat engem Tuschbic de Saz dohinner gekritzelt gouf „Lisez la Bible“. Op alle Fall steet en zu Heeschbreg an der Kapell an zu Iechternach an der Krypta vun der Basilika an der Nisch beim Altor, déi mir bäi de Massen als "Kredenz" benotzen. Liest d’Bibel, jo, liese solle mir, wat echt do steet. D’Bibel huet eng grouss Wourecht an der Geschicht fir eis ze soen, wat fir Positioun d’Fraen eigentlech an eiser Relioun missten hunn. Liest Bibel an dir gesitt, dass iwwer vill Joerhonnerten an deem Punkt net der Bibel entspriechend gehandelt gouf. Maache mir eis Aen op fir d’Realitéit a loosse mir eis erneieren an dësem entscheedende Punkt. Mir mussen alleguer deenen zu Roum op den Dach klammen, dass si wakereg ginn an endlech nei denken, ëmdenken an sech änneren. Chrëschtdag ass ee Gebuertsfest. Firwat soll et net och ee Gebuertsfest ginn fir nei Weeër an eiser Kierch. Mir kënnen d’Vergaangenheet net änneren. Awer mir kënnen Zukunft matbestëmmen an si nei gestalten. Dat ass haut eis Aufgab. Loosse mir eisen Här och haut vun enger Fra a Mamm an eiser Kierch zur Welt kommen. Amen. Gedanken zu Chrëschtdag (Priedegt III)
Mir feieren Chrëschtdag, d’Gebuert vun engem Kand. Jo, et ass de Jesus, un dee mir an dësen Deeg denken. Jo, hie gëllt fir eis als Stëfter vun eiser Reliounsgemeinschaft. Jo hie war ee besonnesche Mënsch mat engem besonneschen Charisma. Vill Mënsche sinn him begéint deemools an hien huet Villen ee gutt Wuert ginn an si erëm opgeriicht, wann si traureg waren. Awer wou kënnt dëse Mënsch Jesus hier? Wou huet hien dat alles hier, wat hien gemaach huet? Wou kënnt seng grouss Léift zu de Mënschen hier? Wéi konnt hien eng esou grouss Mënschlechkeet ausbilden, dass hien bis haut de Chrëschten als Virbild gëllt? Haut feiere mir säi Gebuertsdag. Awer ass dësen Dag wierklech deen historeschen Dag, wou hien als kléngt Kand des Welt betrueden huet? War et wierklech Betlehem, wéi mir et am Lukasevangelium liesen oder héieren hunn? Kee weess, wou de Jesus wierklech gebuer gouf. Kee kennt seng echt familiär Situatioun an der hien an d’Welt komm ass. Kee kennt säi Liewenswee vun der Gebuert bis zu sengem ëffentlechen Optrieden, wou hien am Alter vun ongeféier 30 Joer war. Wie war also dee Mënsch Jesus a wat huet hien zu deem gemaach, wat hien a sengem ëffentlechen Liewen an Handelen gewisen huet? D’Evangelien erzielen eis nëmme ganz wéineg Episoden vu senger Kannerzäit a mir wëssen absolut net, op si historesch esou geschitt sinn. D’Gebuert zu Betlehem ass der Theologie vum AT geschëlt. De Messias huet missten aus der Famill vum Kinnek David kommen. Dofir kann et bal nëmme Betlehem sinn. Duerno erzielt de Matthäus vun der schrecklecher Geschicht vum Mord un de Kanner an der Flucht vum Jesus mat sengen Elteren no Ägypten. Ass dat esou geschitt? Dat wësse mir net. Da gëtt nach eng Episode erzielt, wou de Jesus als jonke Bouf bäi enger Pilgerfaart zu Jerusalem bliwwen ass a seng Elteren hien mat vill Suerg gesicht hunn. Wie war hien also? Ongeféier 30 Joer verginn, ouni dass mir iergend een echten Unhaltspunkt vum Jesus sengem Liewen hunn. Dat féiert mech awer elo zu enger ganz neier Iwwerleeung. E Mëttwoch war am LW een Artikel iwwer d’Betreiung vun de Kanner an de Crèchen a Maison Relais zu Lëtzebuerg. Vill Froe stellen sech bäi deem aktuellen Konzept vun der Betreiung vun de Kanner. Ass et gutt, wéi dat haut praktizéiert gëtt? Léieren d’Kanner do wierklech sozial Kompetenz, wéi ëmmer nees betount gëtt? Ee Sozialpedagoge stellt esou munches a Fro, wat groussspuereg behaapt gëtt. „Er sieht das Kindeswohl in Gefahr und es tut ihm in der Seele weh, mitanzusehen, wie immer mehr Kinder leiden, ’weil ihre Bedürfnisse in der Betreuung zu kurz kommen’, und wie wenig die Einrichtungen dagegen tun können, weil ihnen die Mittel fehlen.“, sou heescht um Ufank vun deem Artikel. 1] Beonrouegend Entwécklungen ginn et an der Betreiung vun de Kanner. Ëmmer méi gesäit een, dass déi Strukturen den emotionale Bedürfnisser vun de Kanner net gerecht ginn. Wéi kënnen deemno hei Kanner zu Mënschen eruwuessen, déi herno an hirem Liewen an Alldag eens ginn? „Gute Betreuungsqualität ist nur möglich, wenn die Kinder eine gute, sichere Bindung zu ihren Betreuern haben. Das wiederum geht nur, wenn der Betreuungsschlüssel angepasst wird und die Betreuer genug Zeit haben, sich auf die Kinder einzulassen und ihr Bedürfnis nach Bindung und Beziehung zu erfüllen.“ 2] Kanner brauchen eng ganz intensiv Begleedung. Mir mierken, dass dat haut ganz dacks feelt an net geleescht ka ginn. An eben do froen ech mech: Wéi war dat da beim Jesus? De Jesus war ee Mënsch, deen extreem op aner Mënsche konnt zou goen, dee Bindungen konnt opbauen, dee Léift ausgestraalt huet. Wou hat hien dat hier? Hien hat dat ganz sécher doheem bäi sengen Elteren geléiert. Déi wéineg Episoden, déi eis Bibel eis iwwer seng Kannerzäit erzielt, soe genee dat. Hien ass opgewuess an enger Famill. Hien huet do dat Wesentlecht fir säi Liewen geléiert. Hien huet virun allem Léift gespuert, Gebuergenheet an Hëllef, genee déi mënschlech Kompetenzen, déi hien da spéider a sengem ëffentlechen Liewen agesat huet. Wat maache mir haut an eise Gesellschaften? Mir sinn ëmmer nëmmen op Konsum aus, op Geld, op wirtschaftleche Wuesstem, vläicht nach op Wëssen. Awer mënschlech Emotiounen a Gefiller bleiwen ganz dacks op der Stréck. Kanner ginn haut grouss am Kaméidi vu Strukturen, déi nëmmen eppes kennen: d’Muecht vun deem, deen sech am beschten géint anerer duerchsetze kann. Kanner fannen de ganzen Dag praktesch keng Rou méi. Wann ech gesinn, an dat hu mir als Pastoralteam schonn en etlech Mol erlieft, wa Kanner an enger Kantin iesse mussen, dann ass do ee Kaméidi ouni gläichen. Et gëtt keng Rou, keng Méiglechkeet fir sech zeréck ze zéien an emol kuerz Zäit sech ze erhuelen. Dauerstress ass ugesot. Féiert dat alles zu wierklech sozial kompetente Mënschen? Nach eng Kéier: Wann ech elo op Chrëschtdag op de Jesus kucken, da weess ech net vill vu sengem wierkleche Liewen. Hien hat wuel een Elterenhaus, dat sécher net räich war, mä an deem hien awer all dat konnt léieren a spieren, wat ee Mënsch un echte Bedürfnisser hat. Seng Elteren hu geschafft, si hunn hien op säi Liewe virbereet mat deem, wat si haten a konnten. Ee wäertvolle Mënsch ass dobäi eraus komm, dee seng Matmënschen herno mat grousser Léift gekuckt huet, deen ebe net eleng no sengem Virdeel gekuckt a gehandelt huet. Hie konnt Bindungen zu Mënschen agoen, well hien dëser Bindungen selwer erlieft huet. Hie konnt Léift weisen, well hie selwer Léift erfueren huet. Hie konnt de Leit an hirem Alldag begéinen, well hien deen Alldag gedeelt huet. Liewen a Schaffen war eng Eenheet. D’Liewen war ee Ganzt an net getrennt a vill Beräicher, wéi dat haut esou ass. Geschafft ass ginn net fir räich ze ginn, net fir ze wuessen, net fir méiglechst vill unzesammelen. Geschafft ass ginn fir ze liewen, fir ze liewen an der Famill an an der Gemeinschaft. Mir feieren Chrëschtdag, d’Gebuert vun engem Kand, vun engem Kand, dat sécher an äermlechen Verhältnisser opgewuess ass, dat awer villes u mënschlecher Kompetenz an der Famill mat op säi Liewenswee kritt huet an dat eis bis haut mat senger Siicht vun der Welt präägt. Wier dat haut nach esou méiglech? Fürbitten
A Jesus Christus kënnt Gott op eng eenzegaarteg Manéier de Mënschen ganz no. Zu him wëlle mir dofir bieden:
Du, Härgott, du Gott Gott vum Liewen, du schenks eis Liewen, Liicht a Fridden an däischterer Zäit. Dech luewen an éiere mir elo an ëmmer an éiweg. Amen. II.
Dieu a tant aimé le monde qu’Il lui a donné son Fils unique ; sûrs de son Amour, présentons-Lui nos intentions de prière : Aujourd’hui nous est né un Sauveur ! Pour que l’Église Catholique ne cesse de proclamer cette Bonne Nouvelle à tous les hommes, prions. Aujourd’hui le Verbe s’est fait chair ! Pour que la paix qu’il apporte touche les victimes des guerres et de l’oppression, prions. Aujourd’hui la lumière a resplendi ! Pour que la splendeur de la vérité atteigne tous les hommes, prions. Aujourd’hui un enfant nous est né ! Pour que la joie de la vie transforme toutes les familles de la terre, prions. Aujourd’hui la vie s’est manifestée ! Pour que notre communauté paroissiale s’ouvre à la vie de Dieu, prions. Dieu qui, en Jésus, es venu sauver tous les hommes, écoute notre prière et conduis-nous aux joies éternelles. Par ce même Jésus, notre Sauveur. Amen. Gowegebiet (Moiesmass)
Himmlischer Vater, erfülle die Gaben dieser Erde mit deinem Segen, damit sie das Geheimnis dieses Tages darstellen: Wie Christus als neugeborener Mensch und als wahrer Gott vor uns aufleuchtet, so lass uns durch diese irdische Speise das göttliche Leben empfangen. Darum bitten wir durch ihn, Christus, unseren Herrn. Puissent nos offrandes, Seigneur, s’accorder pleinement au mystère de nativité que nous célébrons en ce jour: un homme, un petit enfant, s’est manifesté comme Dieu; fais maintenant que ces fruits de la terre nous communiquent tes dons divins. Par Jésus. Gowegebiet (Houmass)
Gott, unser Vater, in diesen Gaben willst du uns Versöhnung schenken und uns wieder mit dir verbinden. Nimm sie an und gib durch sie unserem heiligen Dienst die höchste Vollendung. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Accepte, Seigneur, l’offrande que nous te présentons en ce jour de fête: car elle est le sacrifice qui nous rétabli dans ton Alliance et fait monter vers toi la parfaite louange. Par Jésus. Hochgebet – «Weihnachten»
Präfation Sanctus Ja, du bist heilig, guter Gott, Wenn wir in dieser besonderen Nacht mit der ganzen Kirche Im Namen und Auftrag Jesu sind wir hier versammelt, Es war in der Nacht vor seinem Leiden, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: Guter Gott, wir erinnern uns jetzt an Jesus, Verworfen von den Mächtigen seiner Zeit, Lass uns mitwirken, damit in unserer Welt Friede herrscht Wir bitten um deinen Geist Gedenke, guter Gott, aller Verstorbenen, Wenn unser Lebensweg zu Ende geht, Durch ihn und mit ihm und in ihm, ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vater Unser
Am Jesus gëtt Gott Mënsch. Gott léist sech op eist Liewen an. Hien deelt Freed a Leed mat eis. Grad dofir kennt hien eis Suergen an eis Wënsch. Brénge mir alles, wat eis um Häerz läit virun hien a biede mir, wéi eisen Här eis geléiert huet. Vater Unser ... Friddensgebiet
Fridden op der Äerd, ass dee grousse Wonsch vun eis all. Wéi awer kann dee méiglech sinn? Mir selwer mussen eis och drëm beméien an eis dofir asetzen. Froe mir awer, dass eisen Här selwer eis dobäi hëlleft. Här, Jesus Christus, grad haut um Fest vun denger Gebuert, schenk der ganzer Welt däi Fridden. De Fridde sief mat iech all. Schlussgebiet (Moiesmass)
Herr, unser Gott, die Menschwerdung deines Sohnes erfülle uns mit Freude und Dank. Lass uns dieses unergründliche Geheimnis im Glauben erfassen und in tätiger Liebe bekennen. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Seigneur, nous célébrons de tout coeur la naissance de ton Fils; accorde-nous la grâce d’approfondir notre foi en ce mystère et d’y trouver la force d’un meilleur amour. Par Jésus. Schlussgebiet (Houmass)
Barmherziger Gott, in dieser heiligen Feier hast du uns deinen Sohn geschenkt, der heute als Heiland der Welt geboren wurde. Durch ihn sind wir wiedergeboren zum göttlichen Leben, führe uns auch zur ewigen Herrlichkeit durch ihn, der mit dir lebt und herrscht in alle Ewigkeit. Nous t’en prions, Dieu notre Père, puisque le Sauveur du monde, en naissant aujourd’hui, nous a fait naître à la vie divine, qu’il nous donne aussi l’immortalité. Lui qui règne.
|