|
4. Faaschtesonndeg 13./14.3.2021 B — «LAETARE»
Freut euch und trinkt euch satt an der Quelle göttlicher Tröstung.“ Léif Matchrëschten! „Freue dich, Stadt Jerusalem, laetare Ierusalem! Et ass keng iwwerflächlech, keng bëlleg Freed, déi eis haut um Sonndeg Laetare soll erfëllen. Mir gi schliisslech mat grouss Schrëtt op Ouschteren zou. Dat ass d’Fest vun eiser Erléisung. Mir gi fräi gemaach vun deem, wat eis ustréckt, wat eis fesselt, wat eis anengt an nidder dréckt. Opersteeung ass de Ruff eraus aus all deem. Et ass de Ruff vun der Léift vu Gott, deen sech zu eis erof béckt, fir eis mat der Hand ze huelen an eis op ze riichten. Ruffe mir zu Jesus Christus a froe mir hien ëm seng Hëllef. Kyrie
Här, Jesus Christus, aus der Léift vu Gott bass du komm, fir eis ze erléisen. Här, erbaarm dech. Dagesgebiet
Här, eise Gott, du hues an dengem Jong Jesus Christus d’Mënschheet op wonnerbar Manéier mat dir versönt. Gëff dengem Vollek een déiwen an treie Glawen, fir datt et mat Freed d’Ouschterfest erwaart. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Jesus Christus, du bist Mensch geworden, um das Leben mit uns zu teilen. In deinem Leben hast du die Zuwendung Gottes zu uns Menschen sichtbar und erfahrbar gemacht. Im gemeinsamen Feiern dürfen wir jetzt schon Anteil haben an dem Licht, das einmal alle Finsternis erhellen wird. Dafür danken wir dir jetzt und allezeit. Dieu qui as réconcilié avec toi toute l’humanité en lui donnant ton propre Fils, augmente la foi du peuple chrétien, pour qu’il se hâte avec amour au devant des fêtes pascales qui approchent. Par Jésus Christ. Liesungen: 2 Chr 36,14-16.19-23 / Eph 2, 4-10 / Joh 3, 14-21 Lesung aus dem zweiten Buch der Chronik. Kv Wie könnte ich dich je vergessen, Jerusalem! Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Ephesus. Lob dir, Christus, König und Erlöser! So sehr hat Gott die Welt geliebt, dass er seinen einzigen Sohn hingab, Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Lecture du deuxième livre des Chroniques. R/ Que ma langue s’attache à mon palais si je perds ton souvenir ! Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Éphésiens. Gloire et louange à toi, Seigneur Jésus! Dieu a tellement aimé le monde qu’il a donné son Fils unique, afin que ceux qui croient en lui aient la vie éternelle. Gloire et louange à toi, Seigneur Jésus! Évangile de Jésus Christ selon saint Jean. Priedegt (2021)
Léif Matchrëschten! Ëmmer wann um 4. Faaschtesonndeg um Liesjoer B d’Liesungen an d’Evangelium ustinn, déi mir elo just héieren hunn, da leeft mir ee gewëssen Schudder de Réck erof. Am Buch vun der Chronik huet et haut geheescht: "In jenen Tagen begingen alle führenden Männer Judas und die Priester und das Volk viel Untreue. Sie ahmten die Gräueltaten der Völker nach." - "Tous les chefs des prêtres et du peuple multipliaient les infidélités, en imitant toutes les abominations des nations païennes." Gott strooft säi Vollek fir dat schlecht Behuelen, dat si un den Dag geluecht hunn. Ee Gott, dee strooft, ass bis haut ee Konzept, dat villfach vertruede gëtt. Een Deel vun de Judde selwer hunn dat bis an d’Extreemt geduecht, wéi muncher den Holocaust am Zweete Weltkrich eben och als eng Strof vu Gott betruecht hunn. Jo och an eiser Zäit gouf a ginn et esou Iddien. Ech denken nëmmen drun, wéi sengerzäit den AIDS opkomm ass. Do hunn och munch Leit et als Strof vu Gott gesinn. An eben och elo an der Pandemie ëm den Covid-19 sinn dëser Gedanken duerchaus och ënner de Leit, wéi d’Äusserungen vum äerzkonservativen Schwäizer Weibëschof Marian Eleganti beweisen. Ka Gott esou grausam geduecht ginn, dass hien esou brutal strooft? Eis Liesung aus dem zweete Buch vun der Chronik, beschreift d’Enn vum babyloneschen Exil. D’Leit dierfen erëm zeréck an hiert Land. Nodeems si an extremer Nout waren, léist de Kinnek Kyrus si fräi. Ech hu meng Schwieregkeet mat den Iddien, dass Gott géif strofen. Ech liesen dofir och éischter an engem Text wéi dee vun eiser Liesung vun haut eraus, dass mir als Mënschen eis selwer strofen duerch eist Verhalen. Eist Verhalen bewierkt, dass mir d’Kontroll an d’Muecht iwwer eis selwer ofginn an engem aneren iwwerloossen. Vill Misär geet sech d’Mënschheet ganz däitlech selwer sichen. Eng Strof vu Gott ass dat awer da net. Natierlech ass et eng ganz eege Geschicht, wa mir an der Befreiung een Akt vun der Gnod vu Gott gesinn, an der Versklavung awer eis eege Schold als Ausléiser gesinn. De Verlaf vun der Geschicht kann ee mat engem Pendel vergläichen, deen eben mol an déi eng mol an déi aner Richtung ausschléit. Fir de Schreiwer vun eiser Liesung aus dem Buch vun der Chronik geet elo de Pendel an d’Richtung vun enger hoffnungsvoller Epoche an der Geschicht vun Israel. Et gëtt een zouversiichtlechen Ausbléck an d’Zukunft. Allerdéngs ass och eis Zäit wierklech net fräi vun Terror a Krich, vun Ënnerdréckung a Versklavung vu Mënschen. Wéi vill Mënschen liewen haut an enger Nout, déi si sécher net selwer verschëllt hunn? Do ass et weder eng Strof vu Gott, nach ass et ee Feelverhalen vun dëse Mënschen. Mir musse gesinn, dass et einfach bis haut brutal Regimmer gëtt, déi mat extremer Gewalt virginn a Mënschen ënnerdrécken. Den Antwortpsalm op déi éischt Liesung ass ee ganz grousst Beispill, wou d’Nout vun deenen Ënnerdréckten meditéiert gëtt. "An den Strömen von Babel, da saßen wir und wir weinten. ... Dort verlangten, die uns gefangen hielten, Lieder von uns, unsere Peiniger forderten Jubel." Dës Sätz bezéien sech op d’Leed vun Israel zu Babel. Mä dës Sätz loossen sech och ganz gutt an déi vill Noutsituatiounen vun eiser Zäit eran interpretéieren. Wa mir gesinn, wéi vill Mënschen haut op der Flucht sinn, a frieme Länner dohi vegetéieren, ouni Aussiicht op iergend eng Besserung, da kënne mir de Psalm verstoen. Och dës Mënschen haut kräischen a wënschen en Enn vun der Nout. A bis haut ass et esou, dass och nach ëmmer Ënnerdrécker oder och mir verlaangen, dass si eis Merci soen. "Dort verlangten, die uns gefangen hielten, Lieder von uns, unsere Peiniger forderten Jubel." Dat ass bis haut eng grausam Realitéit. Mir all kënnen eis do net fräischwätzen dervun, dass mir an deem grausame Spill matmëschen. De Psalm ass en déift Gebiet ëm Befreiung. Hien ass weder erfëllt vu Gefiller vun Has nach wëll hien sech rächen. Hien ass ganz einfach ee Protest géint d’Brutalitéit vun de Groussmuechten géint iwwer vu klengen Bevëlkerungen. An och wann de Schluss vun dësem Psalm, dee mir ni an eise Kierchen héieren, vun extremer Gewalt schwätzt, sou freet hien net ëm Muecht oder drëm, eng Strof selwer ze vollzéien. Neen de Psalm leet alles an d’Hand vu Gott. Dëse Psalm ass ee politesche Psalm, wou ëm d’Enn vum Terrorregimm vu Babylon gebiet gëtt. All Terror grad och fir d’Zukunft soll ausgeläscht a vermidde ginn. Déi drastesch Wierder um Schluss wëllen dat ausdrécken a reflektéieren guer net drop, fir selwer elo esou brutal virzegoen: "7Gedenke, HERR, den Söhnen Edoms den Tag Jerusalems, die sagten: Reißt nieder, bis auf den Grund reißt es nieder! 8Tochter Babel, du der Verwüstung Geweihte: Selig, wer dir vergilt deine Taten, die du uns getan hast! 9Selig, wer ergreift und zerschlägt am Felsen deine Nachkommen!" Hei geet et net drëm einfach brutal Géigenherrschaft auszeüben. Dat ass e Kreesch no Gott, deen déi gerecht Weltuerdnung soll schützen. Am Fong ass de Bieder vun dësen Zeilen vun enger déiwer Léift zu Gerechtegkeet a Fridden gedriwwen, ouni awer selwer mat brutale Mëttelen wëllen sech duerch ze setzen. "Die leidenschaftliche Sprache des Psalms ist deshalb Ausdruck leidenschaftlicher Liebe - und kann eigentlich nur von Liebenden verstanden und nachvollzogen werden. Wer die Liebe mit einem Handlungskonzept verwechselt, wird Psalm 137 nie verstehen." , schreift den Erich Zenger. Wat kann a soll eis dat elo soen? An der zweeter Liesung vun dësem Sonndeg aus dem Epheserbréif heescht et: "Gott, der reich ist an Erbarmen, hat uns, die wir infolge unserer Sünden tot waren, in seiner großen Liebe, mit der er uns geliebt hat, zusammen mit Christus lebendig gemacht. Aus Gnade seid ihr gerettet. - Dieu est riche en miséricorde; à cause du grand amour dont il nous a aimés, nous qui étions des morts par suite de nos fautes, il nous a donné la vie avec le Christ: c’est bien par grâce que vous êtes sauvés." (Eph 2, 4f.) Hei klengen sécher nei Téin un. Dem Jesus säi Bild vu Gott, dat hien ëmmer nees vermëttelt huet, war d’Bild vun engem gudde Papp. Nom Jesus ass d’Handelen vu Gott eenzeg an eleng vun der Léift bestëmmt. Gott ass a senger Baarmhäerzegkeet esou grouss, dass seng Léift total ouni Bedingungen vum Mënsch senger Säit aus wierkt. Mä dës onbedéngt Léift vu Gott geet net laanscht d’Leiden an eiser Welt. Dës Léift ass "leidensfäheg". Eis Welt ass nu mol zimmlech voller Leed a Misär. Mir Mënsche stinn allerdéngs ganz dacks do a wëssen net, wat mir maache sollen. Mir revoltéieren eis. Eis Léift zu Gerechtegkeet a Fridden ass extreem grouss. Awer dës Léift dierf net derzou féieren elo wëllen mat Muecht de Fridden an d’Gerechtegkeet erbäi ze féieren. "Wer die Liebe mit einem Handlungskonzept verwechselt, wird Psalm 137 nie verstehen.", sot den Erich Zenger. Déi echt Léift, déi leit mat. Si wënscht an si hofft. Awer si dierf am Leschten net aus hirer Handlung eraus selwer Leed provozéieren. Dat ass wuel ganz schwéier ze verstoen a mécht eis och vläicht iergendwéi hëlleflos. Et ass zum groussen Deel och een extreem "Näischt-méi-soe-kënnen" vis-à-vis vum Misär. Eis Konditioun an der Welt ass iwwer wäit Strécken net einfach. Ech kann awer nëmmen all dat Leed unhuelen, wann ech Gott als deen unhuelen, dee mat eis all duerch dëst Leed geet. Ee Gott, deen déi eng rett an déi aner net, ass fir mech net akzeptabel. A genausou och ee Gott, deen déi eng soll strofen an déi aner net, entsprécht net mengem Bild vun him. Mir musse wuel mat dëse groussen an och ongeléiste Froen zum Misär an der Welt liewen an ech kann dann och verstoen, dass een sech op déi Positioun stellt, wéi de Paulus haut am Epheserbréif: "Denn aus Gnade seid ihr durch den Glauben gerettet, nicht aus eigener Kraft - Gott hat es geschenkt - , nicht aus Werken, damit keiner sich rühmen kann. - Cela ne vient pas de vous, c’est le don de Dieu. Cela ne vient pas des actes: personne ne peut en tirer orgueil." Fürbitten
Gott wëll d’Liewen fir eis Welt. Dofir brénge mir eis Gebieder virun hien:
Am Vertrauen op d’Rettung vun der Welt, am Vertrauen ee gutt Liewen fir anerer an fir eis brénge mir eis Gebieder virun dech. Lauschter dorop an erhéier eis. Dech luewe mir elo an ëmmer. Amen. II.
«Dieu a tellement aimé le monde qu’il a donné son Fils unique.» Sûrs de l’amour indéfectible du Père pour tous ses enfants, osons lui confier nos demandes.
Gowegebiet
Här, eise Gott, an der Virfreed op d’Ouschterfest brénge mir eis Gowen duer. Hëllef eis, gleeweg an mat Respekt dëst Affer ze feieren, dat der Welt Heelung schenkt an den Doud iwwerwënnt. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen. Jesus Christus, Brot und Wein sind Zeichen des Lebens. Wenn du für uns zu Brot und Wein wirst, bist du selbst das Leben für uns Menschen. Hilf uns, dich anzunehmen und aufzunehmen in uns und in unser Leben, damit wir in dir leben, jetzt und allezeit. Seigneur, nous te présentons dans la joie le sacrifice qui sauve notre vie; et nous te prions humblement: accorde-nous de le célébrer avec respect et de savoir l’offrir pour le salut du monde. Par Jésus. Hochgebet – „Du Gott der Menschen I“
Sanctus Du kommst, uns zu befreien, Gott, du bist gekommen in Jesus. Wir danken dir für ihn, der Frauen und Männer Darum bitten wir dich, Gott, unser Vater, sende deinen Geist, Am Abend vor seinem Leiden nahm er Brot in seine Hände, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens! Darum setzen wir hier dieses Zeichen unseres Glaubens Sende deinen Geist, Gott, in unsere Mitte – Gib uns allen, die an diesem Mahl teilnehmen, Gedenke auch all unserer Schwestern und Brüder, Stärke uns mit deinem Geist, der den Frieden wirkt. Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
„Gott hat die Welt so sehr geliebt, dass er seinen einzigen Sohn hingab“, hu mir am Evangelium haut héieren. Wa Gott eis Welt gär huet an domat och eis all, dann dierfe mir him och all eis Uleies soen. A wéi kéinte mir dat besser maachen wéi mat deem Gebiet, dat de Jesus eis geléiert huet: Vater unser im Himmel, … Fridensgebiet
Gott huet eis duerch Christus versönt an eis den Déngscht vun der Versönung opgedroen. Dofir biede mir zesummen: Här Jesus Christus, kuck net op eis Feeler. Kuck op eise gudde Wëllen a schenkt eis all däi Fridden. De Fridden vun eisem Här sief mat iech all. Meditatioun no der Kommunioun
Ich bin vergnügt, erlöst, befreit. Schlussgebiet
Allmächtege Gott, däin éiwegt Wuert ass dat eigentlecht Liicht, dat all Mënsch erfreet. Heel eis vun der Blannheet vun eisen Häerzer, fir datt mir erkennen, wat richteg ass virun dir. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen. Jesus Christus, du bist uns nahe gekommen durch dein Wort und dein Brot. So, wie schon die Nähe eines Menschen froh machen kann, dürfen wir auch in deiner Nähe Kraft und Zuversicht schöpfen. Du begleitest uns und bist da, wo wir dich einlassen. Dafür danken wir dir jetzt und allezeit. Dieu qui éclaires tout homme venant dans ce monde, illumine nos cœurs par la clarté de ta grâce : afin que toutes nos pensées soient dignes de toi, et notre amour, de plus en plus sincère. Par Jésus.
|