|
32. Sonndeg am Joereskrees B – 6./7.11.2021 - Fest vum hellege Willibrord
Léif Matchrëschten! De 7. November ass ee ganz héije Festdag an eiser Lëtzebuerger Kierch. Et ass d’Fest vun eisem zweeten Patroun vum Land, dem Hellege Willibrord. Zenter der neier Organisatioun vun eise Paren ass hien de Patroun vun eiser neier grousser Par. Ëmsou méi wichteg ass et, fir sech op dësem WE un hien ze riichten an hien ëm säi Gebiet ze froen. Loosse mir mat him virun eisen Här Jesus Christus trieden: Kyrie
Dagesgebiet
Gudde Gott, du hues deene verschiddenen Vëlker Liesungen vum Fest vum hl. Willibrord: Jes 52, 7-10 / 1 Kor 1, 18-25 / Mk 16, 15-20 Lesung aus dem Buch Jesaja. R Kündet den Völkern die Herrlichkeit des Herrn! Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Geht zu allen Völkern, und macht alle Menschen zu meinen Jüngern! Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. Lecture du livre d’Isaïe. R.: Allez dire au monde entier les merveilles du Seigneur. Lecture de la première lettre de sain Paul apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. Allez dans le monde entier. Proclamez l’Évangile à toutes les nations. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. Priedegt
Léif Matchrëschten! Dëse WE feiere mir um Sonndeg d’Fest vum hellege Willibrord, als groussen Hellegen vun eisem Land, als Patroun vun eiser Par. Et ass schonn iergendwéi ee Privileeg, dat eenzegt Graf vun engem Hellegen an eiser gemeinsamer Parkierch ze hunn. Mir sinn eis der Saach vläicht guer net esou bewosst. An awer ass et eng grouss Gnod, mä awer och enge Verantwortung, jo eng Erausfuerderung an eng Verflichtung dëst Graf ze hidden. Wéi eis nei Par gegrënnt gouf, war et keng Diskussioun doriwwer, dass de Willibrord eise Patroun vun der Par sollt sinn. Vun der Iddi hier ass et kloer. Awer wéi steet et elo mat der Verantwortung an der Verflichtung? An deene leschte Joren huet sech Villes an eiser Kierch verännert. Vill al Gewunnechten sinn ewech gebrach. Vill Dierfer hunn hier Schwieregkeeten een aktiivt kierchlecht Liewen oprecht ze erhalen. Do spillen ganz vill Momenter mat eran. Dat kierchlecht Personal ass staark reduzéiert an et wäert an deem Punkt kaum besser goen. D’Zuel vun de Leit an eisen Dierfer, déi aktiv a reegelméisseg um Liewen vun der kierchlecher Gemeinschaft deelhuelen, ass och erof gaangen. D’Konsequenzen weisen sech dann op ganz villen Niveauen. Mir mussen dofir staark zesumme réckelen an eis nei organiséieren. Dat deet munchmol wéi, well mir dacks just deen eegenen Kierchtuerm am Bléck hunn. An dach ass et wichteg nei ze kucken. De Willibrord ass do fir eis sécherlech ee gutt Virbild. Wann een säi Wee kuckt a wann een och e bëssi sech an seng Zäit eraversetzt, da mierkt een, dass duerchaus net alles esou romantesch a liicht zu senger Zäit war. An deem neie Buch vum Rainer Neu iwwer de Willibrord, dat ech jo och am Parblat virgestallt hunn, gëtt versicht ze weisen, wéi komplex et deemools war, fir d’Leit zum Glawen u Christus ze beweegen. Déi Schwieregkeeten hu mir eben och haut. Wat awer opfält, ass, dass si deemools keng Angscht haten nei Weeër ze goen. Si sinn ebe just opgebrach aus hirem gewinnten Liewen, aus hirer Bequeemlechkeet an aus deem “et war nach ëmmer esou”. Dat, wat eis haut dacks feelt, dat ass d¨st Opbriechen aus alen Denk- an Handlungsweisen. Mir versichen just nach ze konservéieren. Mir hunn aus eiser Kierch an aus dem kierchleche Liewen ee Musée gemaach, wou kee Liewen ass, wou mir just nach staunen a kucken awer eben net méi liewen an handelen. Mir mussen opbriechen aus eiser Lethargie an aus eiser Bequeemlechkeet. Dat deet wéi, jo. Awer ouni Opbroch bleiwe mir op der Stréck an d’Geschicht zéit iwwer eis ewech. Ech sinn ëmmer nees faszinéiert vum Evangelium, dat um Fest vum Willibrord gelies gëtt. Et ass de Schluss vum Markusevangelium. Déi Iddi, déi hei gesot gëtt, misst eis eigentlech och oprëselen a Mutt maachen: „In meinem Namen werden sie Dämonen austreiben; sie werden in neuen Sprachen reden; wenn sie Schlangen anfassen oder tödliches Gift trinken, wird es ihnen nicht schaden.“ De Jesus seet senge Frënn viraus, dass net alles ëmmer esou riicht geet. Villes deet wéi a mécht Angscht. Villes ass einfach erschreckend an der Welt. Dämonesch ass all dat, wat mir net verstinn a wat eis heiansdo ganz schéi plot. D’Schlaangen als Déieren, déi eis bedreeën, stinn do als Symbol fir alles, wat eis entgéint steet. Gëft ass dat, wat ëmmer nees gebraucht gëtt fir eis ze vernichten. Vun Ufank un hu Mënschen, jo eben och Chrëschten ëmmer nees d’Gefill gehat, dass si zeréck gesat wieren, dass si verfolleg géifen, dass hier Siicht vun der Welt net akzeptéiert géif. Awer ass dat ee Grond, fir sech zeréck ze zéien, fir net déi eegen Iwwerzeegung ze liewen an ze soen? Natierlech mussen och mir als iwwerzeegte Chrëschten op dat lauschteren, wat ausserhalb vun eisem Denkhorizont geschitt. Mä mir dierfen net fäerten och eis Meenung ze soen an ze liewen. D’Chrëschten haten an der Geschicht ëmmer de Virdeel, dass si sech net einfach esou nidder maache gelooss hunn. Grad dann, wa villes géint si stoung hunn si no Weeër gesicht, fir awer hier Iddien ze verbreeden. De Willibrord ass grad do ee gutt Beispill. Hien huet d’Welt an d’Liewen esou geholl, wéi et sech him präsentéiert huet, an hien huet genee do an déi jeeweileg Situatioun eran gepriedegt a gehandelt. Hien huet ëmmer nees no Weeër gesicht fir d’Botschaft vum Jesus un d’Leit ze bréngen. Villes huet hien nei missten „erfannen“, nei probéieren. Seng Weeër waren onbequem fir hien a seng Leit. Awer grad dat huet den Erfolleg bruecht. Menge mir, mir kéinten et besser maachen, wa mir al Konzepter wëllen uwenden, déi haut net méi funktionéieren? De Willibrord géif eis wuel kräfteg mat den Oueren huelen a soen: Ma lo maacht iech mol op de Wee a versicht eppes Neies! Et deet sécher wéi, fir gutt bekannte Gewunnechten lass ze loossen, och fir Gebaier opzeginn. Mä ass et net wichteg, fir emol d’Botschaft vum Jesus un déi éischt Plaz ze setzen an all dat, wat haut onnëtz ginn ass, wat just nach Ballast ass, lass ze loossen? An eisem kierchleche Betrib musse mir endlech emol zur Botschaft vum Jesus zeréck fannen an déi an de Mëttelpunkt stellen. All eist Gedeessems ronderëm, all eis Suerg ëm eis Kierchegebaier an Grondstécker musse mir lass loossen. Dat ass alles onwichteg, jo vläicht och onnëtz. Mir sinn ze laang just ëm all dat gekreest an hunn doriwwer dat Eigentlecht vergiess, eisen Här Jesus Christus a seng Botschaft. Huele mir den Optrag vum Jesus erëm eescht a loossen all dat anert, wat mir dofir net brauchen, einfach emol op der Säit: „Geht hinaus in die ganze Welt und verkündet das Evangelium der ganzen Schöpfung!“ Fürbitten
Mir wëllen zu Gott eisem Papp bieden. Mir vertrauen op seng Gnod a Féierung:
Dech Härgott luewen an éiere mir an denger ganzer kierchlecher Gemeinschaft. Erhéier op d’Firsprooch vum hellegen Willibrord eis Gebieder duerch de Jesus, eisen Här. Amen. II.
Nous avons écouté la Parole; qu’elle descende jusqu’en nos cœurs pendant que nous prions pour la grande famille humaine. Seigneur, exauce notre prière. – Des personnes partout dans le monde sont responsables de diriger les autres et de voir au bien des collectivités. Prions afin que ces hommes et ces femmes aient le souci des plus pauvres et des plus vulnérables d’entre nous. – Dans les milieux universitaires et les centres de recherche, des hommes et des femmes s’efforcent de mieux comprendre l’univers dans lequel nous nous trouvons. Prions afin que leurs travaux participent à améliorer les conditions de vie de tous les humains. – Certaines personnes, pour différentes raisons, vivent une situation économique difficile. Prions afin qu’elles gardent courage et qu’elles trouvent le soutien nécessaire pour contrer leurs difficultés. – Ici et ailleurs, des gens militent pour un partage plus équitable des richesses et pour la dignité de tous les êtres humains. Prions afin que leur engagement sache inspirer à d’autres personnes le goût de se montrer solidaires et de lutter contre les injustices. – Notre communauté peut compter sur l’Esprit Saint dans sa recherche d’un mieux-être et d’un mieux-vivre. Prions afin qu’elle se montre toujours davantage accueillante à l’action bienfaisante du Seigneur. Père très bon, nos cœurs hésitent parfois à embrasser ton désir d’une grande famille humaine, où chacune et chacun est reconnu, accepté et possède le nécessaire. Accorde-nous de mettre tous nos efforts à la réalisation de ce rêve. Par Jésus, ton Fils, notre Seigneur. Amen. Gowegebiet
Gudde Gott, huel d’Gowen un, Schlussgebiet
Allmächtege Gott,
|