Journée mondiale des malades (2024)


Home GoBack Print Kontakt

Dëst Joer feiere mir fir 32. Kéier de Weltdag vun de Kranken. 1992 huet de Poopst Jean-Paul II dësen Dag an d’Liewe geruff an et wäert keen Zoufall sinn, dass dësen Dag den 11. Februar um Festdag vun der Muttergottes vu Lourdes gefeiert gëtt. Grat bäi der Muttergottes zu Lourdes fanne vill Mënsche Kraaft fir d’Leed vu Krankheet oder soss e Misär am Liewen ze droen. An der Oktav bréngen d’Mënschen och hier Suerge mat an d’Kathedral. A wann ech um Graf vum Hellege Willibrord an der Krypta zu Iechternach an d’«Suergebuch» kucken, wat d’Leit u Gebietsuleies androen, dann ass oft vu Krankheet a Leed rieds.

Och dëst Joer huet de Poopst e Message zum Weltdag vun de Kranke mat op de Wee ginn: „À vous qui vivez la maladie, qu’elle soit passagère ou chronique, je voudrais dire: n’ayez pas honte de votre désir de proximité et de tendresse!“ Sou schreift de Poopst a sengem Message zum Weltdag vun de Kranken vum 13. Januar 2024.
„Il n’est pas bon que l’homme soit seul. Soigner le malade en soignant les relations.“ Fir et mat de Wierder vum Buch Genesis 2. Kapitel, 18. Vers ze soen: Et ass net gutt, dass de Mënsch eleng ass.

Wann een an Altersheimer, Fleegeheimer a Spideeler geet, schwätzen d’Leit oft vun hirer Einsamkeet. D’Einsamkeet gëtt nach virun de Krankheeten thematiséiert. Souguer wann hier Famill an hier Frënn reegelméisseg kommen, fille vill Leit sech eleng gelooss an der Krankheet an am Alter. Fir déi Mënsche ronderëm ass et oft schwéier ze verstoen, dass een dee reegelméisseg besicht gëtt, sech verlooss an eleng fille kann.

E Kolleeg an der Pastoral huet sech un engem Bild orientéiert, fir e bëssen op d’Spuer vun den ënnerschiddleche Vue’en op d’ Einsamkeet an dem Versteesdemech dofir ze kommen. Hei sinn ënnerschiddlech Schong. Wanderschong, chic Schong, Schong fir de Wanter a Schong fir de Summer, Schong vun ënnerschiddleche Gréissten, Schong fir ënnerschiddlech Geleeënheeten. All dës Schong si schonns gebraucht. Si passen awer net jidderengem, an och net jiddereen hat se un oder wéilt se undoen. Wann een awer net an engem anere senge Schong mindestens zwou Woche gaangen ass, da kann een de Wee, deen en anere mat senge Schong geet, net verstoen. Et ass e Bild fir ons ze soen, dass een ni sollt vireileg Schlëss iwwer engem anere Mënsch säi Wee zéien. Fir en anere Mënsch ze verstoen, muss een sech genee mat him a sengem Wee beschäftegt hunn. Et muss een eppes erlieft hunn, fir et ze verstoen.

Um Weltdag vun de Kranke wéilt ech eis all invitéieren, keen eleng ze loossen. Dass mir eis beméien, eis op dem Kranke säi Wee, seng Geschicht a seng Situatioun anzeloossen fir hien oder hatt/si ze verstoen. Villäicht musse mir duerfir eis bequeem Schong emol ausdoen an aner Schong, d’Schong vum Matgoen, dem Versteesdemech an der Léift undoen. Ob se bequeem sinn?
Grat um Weltdag vun de Kranke kucke mer op déi vill Kräizer vum Liewen. Mir sinn net eleng um Wee. Gott ass mat eis, hie reecht seng Hand duerch d’Hänn vun deenen déi mat de Kranke ginn a fir se do sinn. Den 11. Februar 2024 fält op Fuessonndeg. Eng flott Zäit, geselleg mat Musik an Amusement. Duerfir huele mir Iech an engem klenge Film an der Faaschtenzäit eréischt mat an eng Feier mat de Leit an dem engen oder aneren Altersheim. „Ech war krank, an dir hutt mech besicht.“ (Mt 25, 36), en Impuls zur Suerg, en Impuls fir keen eleng ze loossen, en Impuls fir mat de passende Schong mat de Kranken ze goen.

Josiane Mirkes

D’Schong vum Matgoen, dem Versteesdemech an der Léift undoen
En Impuls vun der Pastorale de la Santé fir de Weltdag vun de Kranken (11. Februar)

Klick op d’Bild w.e.g fir de Videos-Message!


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement