Klacken zu Präitler

Si lauden nees!


Home GoBack Print Kontakt Breidweiler

Gegoss goufen di zwou Präitler Klacken 1973 an der deemoleger Klackegéisserei Mabilon & Co zu Saarburg.
Trei hu si bis virun e puer Jar hiren Déngscht fir di Präitler Leit geleescht: dräimol den Dag zum Angelus opgeruff (Moies- Mëttes- an Owesklack), d’Auer geschlon, d’Gottesdéngschter ugekënnegt an d’Péis gelaut. An du huet op eemol de Kierchtuerm ugefaangen ze kränkelen, huet u Stabilitéit verluer an d’Schwenke vun de Klacken war him es ze vill.

D’Konsdrefer Gemeng huet sech deer Saach ugeholl an de Kierchtuerm an de Jaren 2016/2017 sanéiere gelooss. D’lescht Jar war et da souwäit. De Klacken hiert Doheem war stabiliséiert.

Mee, si selwer haten och nach en etlech Kränkten, déi an dësem Fréijar hu misse kuréiert ginn: Nei Motore waren néideg, de Klackestull, d’Mechanik an d’Elektronik goufe restauréiert an deelweis ersat a moderniséiert, sou datt ouni Bedenken d’Klacken hirer Funktioun elo nees kënne gerecht ginn. Eng Jarhonnerten al Traditioun, wichtege Bestanddeel vun eiser Kultur, déidi Präitler Bierger di lescht Jare schmäerzlech vermësst hunn, ass zënter Päischtméindeg, den 21. Mee 2018 nees Realitéit. Mat enger feierlecher Mass, zelebréiert vum Här Paschtouer Carlo Morbach a musikalesch verschéinert vum Präitler Gesank ënnert der Leedung vun hirem Dirigent an Organist Willy Laugs, gouf dëst Evenement an dat richtegt Liicht geréckelt.

D’Konsdrefer Oeuvres St Barthélemy a.s.b.l. an di nei Kierchefabréck haten no der Mass eng sympathesch Receptioun virun der Kierch organiséiert. Engersäits fir domat hir Freed auszedrécken, anersäits fir deene Leit Merci ze soen, déi sech bis dohi schonn un den Onkäschte vun der Klackereparatur bedeelegt haten. D’Reparaturkäschte vu ronn 5.400,- € si bis elo zu eppes méi wéi 50% mat Done gedeckt. Allen Donateure soe mir dofir e ganz häerzleche Merci.

Weider Spenden op ee vun den hei genannte Konte mam Vermierk Präitler Klacken sinn häerzlech wëllkomm:
CCPL / IBAN: LU16 1111 7047 3429 0000 (Oeuvres St. Barthélemy Consdorf a.s.b.l.)
CCPL / IBAN: LU84 1111 0133 8192 0000 (Fabrique d’Eglise communale de Consdorf)

Mir soen am Viraus villmools Merci
Fir de Comité vun den Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf
Jemp Origer


„Maria“ Ø 83 cm, H 64 cm, Ton Si, 330 kg
TUOS MISERICORDES OCULOS AD NOS CONVERTE, O MARIA
(Deine barmherzigen Augen richte auf uns, o Maria)

„Hubertus“ Ø 68 cm, H 54 cm, Ton Re, 190 kg.
SANCTE HUBERTE, PROTECTOR NOSTER, ORA PRO NOBIS
(Heiliger Hubertus, unser Beschirmer, bitte für uns)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement