Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
D’Mass vum 1. Faaschtesonndeg gouf vun Hemstel iwwerdroen
Den 26. Februar gouf d’Sonndesmass vun Hemstal iwwerdroen. Et huet d’Chorale Sainte-Cécile Hemstel a Frënn gesongen. Dirigent war den Thomas P. Osborne, Organistin d’Libby Kramer.
Dëst Joer feiert d’Chorale Sainte-Cécile Hemstel hiert 125järegt Bestoen a 50 Joer als gemëschte Chouer. Als Optakt hunn d’Sängerinnen an d‘Sänger ugeholl, zesummen mat hire Frënn vu Biwer an aus den Nopeschdierfer, eng Tëleesmass gesanglech ze gestalten, ewéi sou oft an deene leschte Joren. Dat entsprécht eigentlech hirer Uraufgab, Gottesdéngschter würdeg a mat vill Engagement an engem villsäitege Programm musikalesch ze gestalten.
Den 1. Sonndeg vun der Faaschtenzäit léisst sech vun der Versuchungsgeschicht vum Jesus aus dem Matthäusevangelium leeden. De Jesus, wéi mir alleguer, ass erausgefuerdert sech ze positionéieren vis-à-vis vun dräi fundamentale Versuchungen: esou séier ewéi méiglech ons eege Bedürfnisser befriddegen an duerfir all ons Kräften asetzen („Fast Food“, kéint ee soen) ; ons Geltung mëssbrauchen, fir Leit z’impressionéieren mat onverantwortleche Schauspillereien an ons mat falsche Sécherheeten ze schützen („Mir ka keen“) ; dëst alles am Zesummespill mat iergendwellechen onlautere Koalitiounen fir Muechtpositiounen ze eroberen (de „Faust-Komplex“).
Mir maachen ons mam Jesus op de Wee an d’Wüüst fir dem Härgott säi Wuert ze lauschteren, fir geheelt ze ginn, fir bieden ze léieren, fir Kloerheet ze schaafen : „Seigneur, avec toi nous irons au désert…“. Mir bieden : « Ravive en ton peuple, Seigneur, la soif et la faim ; rappelle à ton peuple le chemin du serviteur ».
Wärend dësem Gottesdéngscht denke mir mat Dankbarkeet un all déi Fraen a Männer, Sängerinnen a Sänger, Dirigenten, Organisten, Paschtéier a Frënn, déi de Chouer iwwer d’Joren mat villem Engagement begleet an ënnerstëtzt hunn.