3. Sonndeg am Joereskrees B - 20./21.1.2024


Home Back Print Kontakt

3. Sonndeg am Joereskrees B - 20./21.1.2024 - (C) Carlo Morbach - 17.1.2024

3. Sonndeg am Joereskrees B - 20./21.1.2024


Léif Matchrëschten!Die Zeit ist erfüllt, das Reich Gottes ist nahe.” Heescht et haut am Evangelium. Ass dat Räich vu Gott wierklech bäi eis ukomm? Wa mir eis selwer kucken an eis Liewenssituatioun, wa mir an eis Welt eraus kucken, da kann ee scho gréisser Zweiwel kréien, dass mir et mat Gott ze dinn hunn, mat senger Botschaft vum Fridden an der Léift. Villes schéngt dem Räich vu Gott entgéint ze stoen. Awer ass dat net och eis eege Schold? Lauschtere mir op dat, wat Gott eis duerch Jesus Christus seet? Villfach maache mir dat eigentlech net.


Haut si mir awer och vum Poopst Franziskus agelueden, fir de Sonndeg vum Wuert vu Gott ze feieren. D'Wuert vu Gott fuerdert vun eis all Dag eng Entscheedung. Mir sollte wa méiglech déi grouss Botschaft vum Wuert vu Gott, wéi et an eiser Bibel niddergeschriwwen ass, an eisem Liewe verwierklechen. Well dëst Wuert ka fir eis zur Quell vum Liewe ginn, zur Quell vun engem wierklech gudden an erfëllte Liewen, dat och eis enk Grenzen iwwerwënnt. Eng Entscheedung ass domadder vun eis gefrot. Kënne mir haut dësem Wuert nogoen an eist Liewe mat dësem Wuert gestallten? Froe mir eisen Här dofir ëm seng Gnod a seng Baarmhäerzegkeet.


Kyrie


Här Jesus Christus, du riffs eis, fir dir nozefollegen. Här, erbaarm dech.

Här Jesus Christus, du méchs eis Weeër zur Fräiheet op. Christus, erbaarm dech.

Här Jesus Christus, du deng Botschaft léist eis liewen. Här, erbaarm dech.


Dagesgebiet


Allmächtegen an éiwege Gott, leed all eist Maachen no dengem Wëllen a gëff, datt mir am Numm vun dengem eenzege Jong räich ginn u gudde Wierker. Dorëms biede mir duerch de Jesus, déi Jong, eisen Här, hien, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen.


Dieu éternel et tout-puissant, dirige notre vie selon ton amour, afin qu'au nom de ton Fils bien-aimé, nous portions des fruits en abondance. Par Jésus Christ.


Barmherziger Gott, durch deinen Sohn rufst du uns zur Umkehr und zum Glauben an das Evangelium. Stärke uns durch deinen Geist, dass wir diesem Ruf entschlossen folgen. Das erbitten wir von dir, dem Vater unseres Herrn Jesus Christus, der mit dir und dem Heiligen Geist lebt und Leben schafft bis in Ewigkeit.


Liesungen: Jona 3, 1-5.10 / 1 Kor 7, 29-31 / Mk 1, 14-20


Lesung aus dem Buch Jona.

Das Wort des HERRN erging zum zweiten Mal an Jona: Mach dich auf den Weg und geh nach Ninive, der großen Stadt, und rufe ihr all das zu, was ich dir sagen werde! Jona machte sich auf den Weg und ging nach Ninive, wie der HERR es ihm befohlen hatte. Ninive war eine große Stadt vor Gott; man brauchte drei Tage, um sie zu durchqueren. Jona begann, in die Stadt hineinzugehen; er ging einen Tag lang und rief: Noch vierzig Tage und Ninive ist zerstört! Und die Leute von Ninive glaubten Gott. Sie riefen ein Fasten aus und alle, Groß und Klein, zogen Bußgewänder an. Und Gott sah ihr Verhalten; er sah, dass sie umkehrten und sich von ihren bösen Taten abwandten. Da reute Gott das Unheil, das er ihnen angedroht hatte, und er tat es nicht.


Kv Zeige mir, Herr, deine Wege, lehre mich deine Pfade!

Zeige mir, Herr, deine Wege, *
lehre mich deine Pfade!

Führe mich in deiner Treue und lehre mich; /
denn du bist der Gott meines Heiles. *
Auf dich hoffe ich den ganzen Tag. 
– (Kv)
Gedenke deines Erbarmens, Herr, /
und der Taten deiner Gnade; *
denn sie bestehen seit Ewigkeit!
7Gedenke nicht meiner Jugendsünden und meiner Frevel! *
Nach deiner Huld gedenke meiner, Herr, denn du bist gütig! 
– (Kv)
Der Herr ist gut und redlich, *
darum weist er Sünder auf den rechten Weg.
Die Armen leitet er nach seinem Recht, *
die Armen lehrt er seinen Weg. 
– Kv


Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth.

Ich sage euch, Brüder: Die Zeit ist kurz. Daher soll, wer eine Frau hat, sich in Zukunft so verhalten, als habe er keine, wer weint, als weine er nicht, wer sich freut, als freue er sich nicht, wer kauft, als würde er nicht Eigentümer, wer sich die Welt zunutze macht, als nutze er sie nicht; denn die Gestalt dieser Welt vergeht.


Halleluja. Halleluja. Das Reich Gottes ist nahe. Kehrt um und glaubt an das Evangelium! Halleluja.


Aus dem heiligen Evangelium nach Markus.

Nachdem Johannes ausgeliefert worden war, ging Jesus nach Galiläa; er verkündete das Evangelium Gottes und sprach: Die Zeit ist erfüllt, das Reich Gottes ist nahe. Kehrt um und glaubt an das Evangelium! Als Jesus am See von Galiläa entlangging, sah er Simon und Andreas, den Bruder des Simon, die auf dem See ihre Netze auswarfen; sie waren nämlich Fischer. Da sagte er zu ihnen: Kommt her, mir nach! Ich werde euch zu Menschenfischern machen. Und sogleich ließen sie ihre Netze liegen und folgten ihm nach. Als er ein Stück weiterging, sah er Jakobus, den Sohn des Zebedäus, und seinen Bruder Johannes; sie waren im Boot und richteten ihre Netze her. Sogleich rief er sie und sie ließen ihren Vater Zebedäus mit seinen Tagelöhnern im Boot zurück und folgten Jesus nach.


Lecture du livre de Jonas.

La parole du Seigneur fut adressée de nouveau à Jonas : « Lève-toi, va à Ninive, la grande ville païenne, proclame le message que je te donne sur elle. » Jonas se leva et partit pour Ninive, selon la parole du Seigneur. Or, Ninive était une ville extraordinairement grande : il fallait trois jours pour la traverser. Jonas la parcourut une journée à peine en proclamant : « Encore quarante jours, et Ninive sera détruite ! » Aussitôt, les gens de Ninive crurent en Dieu. Ils annoncèrent un jeûne, et tous, du plus grand au plus petit, se vêtirent de toile à sac. En voyant leur réaction, et comment ils se détournaient de leur conduite mauvaise, Dieu renonça au châtiment dont il les avait menacés.


R/ Seigneur, enseigne-moi tes chemins.

Seigneur, enseigne-moi tes voies,
fais-moi connaître ta route.
Dirige-moi par ta vérité, enseigne-moi,
car tu es le Dieu qui me sauve.
R

Rappelle-toi,Seigneur, ta tendresse,
ton amour qui est de toujours.
Dans ton amour, ne m’oublie pas,
en raison de ta bonté, Seigneur.
R

Il est droit, il est bon, le Seigneur,
lui qui montre aux pécheurs le chemin.
Sa justice dirige les humbles,
il enseigne aux humbles son chemin.
R


Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens.

Frères, je dois vous le dire : le temps est limité. Dès lors, que ceux qui ont une femme soient comme s’ils n’avaient pas de femme, ceux qui pleurent, comme s’ils ne pleuraient pas, ceux qui ont de la joie, comme s’ils n’en avaient pas, ceux qui font des achats, comme s’ils ne possédaient rien, ceux qui profitent de ce monde, comme s’ils n’en profitaient pas vraiment. Car il passe, ce monde tel que nous le voyons.


Alléluia. Alléluia. Le règne de Dieu est tout proche. Convertissez-vous et croyez à l’Évangile. Alléluia. 


Évangile de Jésus Christ selon saint Marc.

Après l’arrestation de Jean, Jésus partit pour la Galilée proclamer l’Évangile de Dieu ; il disait : « Les temps sont accomplis : le règne de Dieu est tout proche. Convertissez-vous et croyez à l’Évangile. » Passant le long de la mer de Galilée, Jésus vit Simon et André, le frère de Simon, en train de jeter les filets dans la mer, car c’étaient des pêcheurs. Il leur dit : « Venez à ma suite. Je vous ferai devenir pêcheurs d’hommes. » Aussitôt, laissant leurs filets, ils le suivirent. Jésus avança un peu et il vit Jacques, fils de Zébédée, et son frère Jean, qui étaient dans la barque et réparaient les filets. Aussitôt, Jésus les appela. Alors, laissant dans la barque leur père Zébédée avec ses ouvriers, ils partirent à sa suite.


Priedegt


Die Zeit ist erfüllt, das Reich Gottes ist nahe. Kehrt um und glaubt an das Evangelium!“ (Mk 1, 15) Ech hu virun enger Rei Wochen op katholisch.de ee Saz vum Bëschof Franz-Josef Overbeck vun Essen gelies. Hie seet: „Und schließlich haben viele – in Deutschland und auch im Vatikan – immer noch nicht verstanden, was es heißt, in einer postsäkularen Gesellschaft katholisch zu sein. Nicht wenige versuchen, eine Vergangenheit wiederherzustellen, die so nie bestanden hat oder sich nicht wiederherstellen lässt.“[1] Ech sinn an der leschter Zäit ëmmer méi ongedëlleg iwwer dat, wat vu reaktionärer Säit an eiser Kierch esou gesot a geschriwwe gëtt. Ech verstinn, dass Kardineel a Bëscheef zu Roum sech wuel fillen an hirem klenge Räich, deen zum Deel vun der realer Welt ofgeschnidden ass. Wann ech bäi mir doheem sëtzen a ronderëm mech meng Bibliothéik mat ronn 12000 Bänn kucken, da geet et mir och änlech. Et kann een sech a sengem klenge Räich aspären a sech just mat deenen ënnerhalen, déi do sinn, op elo Bicher oder Mënschen, an enger Aart „Monade“ (Vgl. Leibniz) an da soss alles ronderëm net méi wouer huelen. Dat ass bequeem. Ech kennen dat. Mä ass dat dann dat reaalt Liewen, wéi et an der Welt geschitt?


Zu Roum oder och soss hu muncher sech et an esou engem klenge Raum gemittlech gemaach a fillen sech extreem wuel. Do sinn si sécher, vun der Welt wäit ewech, an dreeme vun engem Paradis, dat et esou eben ni gouf an ni wäert ginn. Kéiert ëm, seet eis haut de Jesus. Dëst Ëmkéieren heescht, dass een seng Aen an Oueren opmécht fir déi real Welt, fir dat, wat wierklech an echt ronderëm ee geschitt. Eis Welt ass net méi, weder bei eis nach zu Roum, kathoulesch. Mir liewen an enger ganz neier Welt. Et kann een si och, wéi den Overbeck et mécht, postsäkular nennen. Mir si wäit ewech vun enger homogener Welt an der et nëmmen eng Richtung an eng Relioun gëtt. Eis Gesellschaft huet sech zu enger immenser Diversitéit entwéckelt. Awer deem gëtt vu reaktionäre Leit kaum Rechnung gedroen. Mir musse gesinn, dass net nëmmen eis kierchlech, zum Deel och extreem al Konzepter, mä och vill politesch a gesellschaftlech Konzepter net méi esou funktionéiere wéi nach viru 50 oder 80 Joer. 


Mä och haut kann ee sécher kathoulesch sinn an der Multikultigesellschaft. Och dat Kathoulescht kann do seng Plaz hunn. Awer wann een dëser moderner Gesellschaft eppes well soen, wann een eng Bedeitung well hunn, wann ee wouer geholl well ginn, da muss een dat och esou maachen, dass ee verstane gëtt. D’Sprooch an d’Methode vu virun 200 Joer oder wéi och ëmmer ginn haut net méi verstanen. Kéiert ëm a schwätzt d’Sprooch vun haut an net vu gëscht, géif eis wuel genee haut de Jesus soen. Hien huet et jo och esou gemaach. Wann ee kuckt, wéi hien an den Evangelie presentéiert gëtt, da gesäit een, dass hien de Mënsche vun deemools op de Mond gekuckt huet. Hien huet Biller vu senger Zäit gebraucht, fir mat hinnen an d’Gespréich ze kommen. A mir an der Kierch? Jo genee do läit eise Problem. Mir kënne vun „Unbefleckter Empfängnis“ oder änleche Saache schwätzen. Awer dat lackelt keen hannert dem Uewen ervir. Dat si Biller vu vergaangenen Zäiten. De Jesus géif eis do warscheinlech haut ganz béis erëm huelen an eis eng uerdentlech Ried halen.


Ich werde euch zu Menschenfischern machen.“ (Mk 1, 17b) Wann ee fësche geet, da muss een un seng Angel dee „Köder“ dru maachen, deen déi Fësch ulackelt, déi ee well fänken. Wann ee Mënsche fir Jesus Christus well ulackelen, da muss een dat mat Methode maachen, déi haut uspriechen. A genee do läit eise gréisste Problem. Kathoulesch sinn an der Zäit vun haut bedeit da sécherlech, dass een och an der Zäit schafft a wierkt mat deem, wat Mënschen haut unzéie kann. Do geet et net, dass ee mat der Vergaangenheet operéiert. Dat, wat fréier ugezunn huet, ass haut out. Dach vläicht nach e puer Nostalgiker gi vun ale Kleeder a Methoden ugezunn. Awer dat ass net dat, wat de groussen Deel vun de Mënschen haut brauch.


Haut am Evangelium schwätzt de Jesus vu Mënschefëscher. Hie well ganz sécher, dass mir ëmmer nees nei, mat neie „Köder“, déi der Zäit ugepasst sinn, d’Leit fir eis Saach gewannen. Seng Botschaft huet eis och nach haut ganz Villes ze soen. Awer dat geet net, wa mir nëmme vu Vergaangenen Zäite schwäermen an eis an eng „Monade“ zeréck zéien, déi eis ëmmer nees selwer an eiser Gréisst bestätegt, och wann si total aus der Zäit gefall ass.


Ech weess, dass een sech ganz gutt iwwer vill Zäit ewech an och ganz ouni Langweil mat Saache ka befaassen. Wann ech a menge Bicher liesen, vergiessen ech dacks d’Zäit, vergiessen ech och dacks dat reaalt Liewen. Genee esou geet et deenen, sou interpretéieren ech et emol, déi zu Roum just hier kleng Welt gesinn. Do ass jo dann alles an der Rei. Kee stellt si a Fro.


Und sogleich ließen sie ihre Netze liegen und folgten ihm nach.“ (Mk 1, 18) Déi éischt Apostelen haut am Evangelium verloossen hier kleng Welt. Si loossen sech ruffen, eraus ruffen an eng nei Welt. Genee dat misst eis Kierch insgesamt och maachen. Mir all missten eis eraus ruffe loossen op nei Weeër. D’Vergaangenheet muss Vergaangenheet bleiwen. Mir kënne vläicht ëmmer emol eng Kéier do nofroen a kucken, wéi et viru Jore goung. Awer haut ass haut an eben haut mussen Entscheedunge geholl ginn. D’Vergaangenheet kann net fir eis entscheeden. Loosse mir also all déi al Netzer leien a gi mir dem Jesus no, mat deene Mëttel, déi eis Zäit eben ubitt. De Laf vun der Geschicht léist sech net ophalen a scho guer net zeréckdréinen. 


Und schließlich haben viele – in Deutschland und auch im Vatikan – immer noch nicht verstanden, was es heißt, in einer postsäkularen Gesellschaft katholisch zu sein. Nicht wenige versuchen, eine Vergangenheit wiederherzustellen, die so nie bestanden hat oder sich nicht wiederherstellen lässt.“ Hu mir hei zu Lëtzebuerg verstanen? Huet eis Kierch et verstanen? Hu mir selwer et als eenzel Chrëschte verstanen?


[1] in: https://www.katholisch.de/artikel/50078-bischof-overbeck-muessen-uns-mit-zusammenlegung-von-bistuemern-befassen - gesehen am 5.1.2024 - 13:35 


Fürbitten


Den Härgott säi Ruff geet duerch eis Welt. Wien sech dorop aléist, ka Fräiheet erfueren. An dëser Fräiheet ruffe mir zu eisem Här Jesus Christus:


* Mir biede fir déi Mënschen, déi sech an den Déngscht vu Gott ruffe loossen, dass si mat Begeeschterung an Iwwerzeegungskraaft anerer fir dem Härgott seng Léift begeeschteren. Christus, héier eis.


* Mir biede fir all, déi Muecht ausüben, dass si de Bléck op d’Fräiheet vun deenen aneren net verléieren. Christus, héier eis.


* Mir biede fir déi Mënschen, déi op der Flucht si viru Krich an Terror, dass si Mënsche fannen, déi si ophuelen. Christus, héier eis.


* Mir biede fir Mënschen, déi sech fir anerer asetzen, dass si ni hier Kraaft dofir verléieren. Christus, héier eis.


* Mir biede fir all eis Verstuerwen, schenk hinne bäi deng éiweg Rou. Christus, héier eis.


Och eis riffs du, Här Jesus, an deng Nofolleg. Looss eis dëse Ruff unhuelen an eis ëmmer un dir orientéieren. Dech luewe mir elo an ëmmer. Amen.


II.


En cette Semaine de prière pour l’unité des chrétiens, unissons nos voix à celle de l’Église universelle pour adresser au Père nos intentions.

Seigneur, nous t’implorons; Seigneur, nous t’acclamons.

Prions pour toutes les personnes qui désespèrent devant la souffrance; qu’elles reconnaissent en Jésus, mort et ressuscité, celui qui donne du sens à leur vie.

Prions pour l’unité des chrétiens et des chrétiennes; qu’elle devienne un signe toujours plus éloquent de la présence de Dieu dans le monde.

Prions pour les fidèles de toutes les Églises; que leurs paroles et leurs gestes témoignent sans cesse du Christ ressuscité qui les fait vivre.

Prions pour notre communauté; qu’elle ait constamment à cœur de demeurer unie autour du Christ et de sa parole de vie.

Dieu de toute bonté, tu as choisi des témoins pour annoncer la Bonne Nouvelle en la vivant. Donne-nous l’audace et la persévérance des premiers disciples pour que nous ayons le bonheur de les rejoindre un jour dans ton royaume. Par Jésus, le Christ, notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca)


Gowegebiet


Här, eise Gott, huel eis Gowen un an helleg si, fir datt si zum Sakrament vun der Erléisung ginn, dat eis Heel a Seege bréngt. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen.


Dans ta bonté, Seigneur, accepte notre offrande: qu'elle soit sanctifiée et serve ainsi à notre salut. Par Jésus.


Heiliger Gott, du selbst machst deinen Namen groß unter den Völkern. Schenke uns in diesem Brot und Wein die Speise der Unsterblichkeit durch Christus, unsern Herrn.


Hochgebet – „Nachfolge“

Präfation
Ja, es ist würdig und recht es ist gut und richtig, dir,
guter Gott, immer und überall in unserem Leben zu danken,
denn in Jesus Christus hast du uns offenbart, wer und wie du für uns bist:
ein menschen- und lebensfreundlicher Gott.

In ihm, Jesus Christus, sind wir mehr als Frauen und Männer,
wir alle sind Schwestern und Brüder, die seinem Beispiel folgen wollen.

Wir danken dir, denn deine frohe Botschaft ruft uns Menschen
zur Umkehr und zur Nachfolge, zu Solidarität und Achtung voreinander.

So danken wir dir, Gott, für das Leben und die Berufung,
die du einem jeden von uns geschenkt hast.
Darum freuen wir uns und singen mit allen Engeln und Heiligen des Himmels:

Sanctus

Ja, guter Gott, du bist heilig und du schenkst Heil,
doch die Welt, in der wir leben, ist voll von Unrecht und Unterdrückung.
Sie trennt zwischen reich und arm, unterscheidet zwischen mächtig und ohnmächtig,
grenzt oben von unten ab.

Als Christen sind wir oft sprachlos, wenn wir dann das eine Wort sagen sollen,
das Menschen heilen kann;
wir sind oft ratlos, wenn wir den ersten Schritt tun sollen,
diese unhaltbaren Zustände zu beseitigen.

Um dennoch nicht aufzugeben im Einsatz für Gerechtigkeit und Frieden,
feiern wir Eucharistie und denken an Jesus, der mit allen teilt.
Mit ihm kam ein neuer Anfang in diese Welt.
Denn da waren Menschen, blind vor Rechthaberei und Gesetzestreue.
Er sagte: Seht mit meinen Augen.
Da gingen ihnen die Augen auf.
Da waren Menschen, taub vor hohlen Phrasen.
Er sagte: Hört mit meinen Ohren.
Da verging ihnen Hören und Sehen.
Da waren Menschen,vlahm und müde von stets neuer Enttäuschung.
Er sagte: Geht auf meinen Wegen.
Da folgten sie ihm nach.

Deshalb, guter Gott, feiern wir jetzt Eucharistie
und sagen dir Dank für Jesus, deinen Sohn und unseren Herrn.

Wir tun zeichenhaft, was er wirklich getan hat,
denn ihn hat sein Tun das Leben gekostet.
Menschen zum Durchblick zu verhelfen,
Menschen zur Umkehr der Werte zu bewegen,
das störte allzu sehr die Großen und Mächtigen.
Jesus aber fasste sein ganzes Leben in einem einfachen Zeichen zusammen,
in Brot und Wein, als er mit seinen Freunden das Abschiedsmahl hielt.

So bitten wir dich, allmächtiger Gott:
Segne diese Gaben von Brot und Wein durch deinen Geist
und vollende sie für uns als den Leib
 + und das Blut deines Sohnes,
unseres Herrn Jesus Christus.

Damals brach Jesus das Brot.
Er dankte dir und gab es seinen Jüngern mit den Worten:


NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB, DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.


Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch,
dankte wiederum, reichte ihn seinen Jüngern und sprach:


NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH DES NEUEN UND EWIGEN BUNDES.
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.


Geheimnis des Glaubens:

Darum bitten wir dich, Vater, für deine Kirche:
Beschütze und führe sie; gib ihr Frieden und Einheit überall auf der Welt.
Gib unserem Papst Franziskus, unserem Bischof N.
und allen Frauen und Männern, die in deiner Kirche ein Amt verwalten, Weisheit und Kraft.

Gedenke in deiner Güte auch der Menschen, die in unserem Herzen
einen besonderen Platz haben.

Bleib all jenen treu, die der Tod uns in diesem Leben genommen hat.

Mit deinem ganzen Volk, mit Maria, der Mutter des Herrn,
dem heiligen Josef, mit den Aposteln und Märtyrern,
mit dem/der heiligen N. und all deinen heiligen Frauen und Männern,
ja, mit allen Menschen auf der Erde, die auf dich vertrauen,
bitten wir dich um deine Barmherzigkeit, neigen wir uns vor deiner Größe
und sagen wir dir unseren Dank.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, 
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.

(Quelle unbekannt)


Vaterunser


Jesus Christus huet gesot: D'Räich vum Härgott ass nobäi. Ëm d'Kommen vun dësem Räich vu Gott an eiser Welt an Zäit biede mir mat deem Gebiet, dat hien eis selwer geléiert huet: Vater unser …


Friddensgebiet


Wou mir dem Geescht vu Gott eng Plaz ginn, do gëtt Léift a Fridden an eiser Welt méiglech. Dofir biede mir ëm de Fridden fir eis a fir déi ganz Welt: Här Jesus Christus, kuck net op eis Feeler a Sënden. Kuck op eis e gudde Wëllen a schenk eis all däi Fridden. De Fridden vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech all.


Schlussgebiet


Allmächtege Gott, an denger Moolzecht schenks du eis gëttlecht Liewen. Gëff, datt mir dëst Sakrament ëmmer nei als däi grousst Geschenk unhuelen an aus senger Kraaft liewen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen.


Permets, nous t'en prions, Dieu tout-puissant, qu'ayant reçu de toi la grâce d'une nouvelle vie, nous puissions nous en émerveiller toujours. Par Jésus.


Jesus Christus, du hast uns gestärkt mit dem Wort und Brot des Lebens. Bewahre in uns das Vertrauen auf deine Nähe, damit wir deine Gegenwart erfahren und in der Treue zu deiner Weisung wachsen, der du lebst jetzt und in Ewigkeit.


Mass vum 14. Januar
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement